Fir hir Ideologie ze verbreeden, brauchen Neonazien haut keen Hakekräiz méi ze sprayen – ë Sticker mam "richtege" Message mécht den Déngscht och.
"If the news is fake – Imagine how bad History is" an "Europa: The Last Battle", steet am Fettdrock um Autocollant. Dëst si Sloganen aus dem Repertoire vun der extrem-rietser Propaganda. Bekennerorganisatioun: White Lives Matter, mat engem Link op en entspriechenden Telegram-Kanal.
D' "Éisleker Metal Frënn" hunn dat erreecht, wat ee laang als onméiglech gehalen huet. Si hunn d’Museksszeen zwar net revolutionéiert, ma mam Optrëtt vun der schottescher Metal-Band "Holocaust" hunn si eng hefteg Debatt an de soziale Medie ausgeléist. Am ganze Land hänke Plakater wou grouss "Holocaust" dropsteet, déi als Headliner vum Metal-Festival den 29. September zu Rammerech ugekënnegt ginn.