D'Martine Hansen test d'Zukunft
Et gëtt politesch Momenter, déi sou perfekt ironesch sinn, datt een se emol net erfanne muss, well d'Realitéit besser wéi all Fiktioun ass. Alles wat ee maache muss, ass déi Momenter ze fotograféieren an am Musée des Incohérences opzehänken. Fir d'Martine Hansen, Ministerin fir Sport, Landwirtschaft, Ernärung, Wäibau a Konsumenteschutz, war d'Äntwert op d'Energie- an d'Klimakris evident: als Co-Pilotin an engem Rallye-Auto duerch den Housener Rallye-Weekend ze brätschen.

Wärend d'Land iwwert de Klimawandel streit, d'Bëscher verdréchnen an d'Bierger gebiede ginn, Energie ze spueren, gënnt sech d'Ministerin, déi eigentlech fir eise Buedem, eis Ernärung an eise Konsum zoustänneg ass, eng Ronn an enger Rennmaschinn bei 6.000 Touren, déi méi CO₂ an engem Weekend an d'Loft schleidert, wéi den Housener Bësch an engem ganze Joer absorbéiere kann. D'Streck? Den Naturpark Our, natierlech. Eng vun de wéinege Plazen am Land, wou d'Natur nach e bësse Rou kritt. Bis den 10. Juli.

D'Fotoen, déi d'Ministesch duerno houfreg gepost huet, sinn eng Meeschterleeschtung vu politescher Selbstinszenéierung: Rennkostüm an Helm, wärend si iwwer d’ganz Gesiicht straalt. Politik gëtt net méi mat Argumenter gefouert. Do gëtt net méi mat Plakater sensibiliséiert, do gëtt mat PS a mat Touren argumentéiert.
D'Regierung seet: "Spuert Energie."
D'Ministesch seet: “Gitt Vollgas.”
Dat nennt ee Kohärenz. Oder, wéi de Lëtzebuerger Bauer géif soen: "Waasser priedegen, mat Sprit fueren."
A wärend d'Rallye-Maschinn sech duerch d'Éislek schlängelt, mam Geroch vu verbrannte Goodyears-Pneuen an engem liichte Touch vu "mir maachen dat jo just fir de Sport", freet ee sech intuitiv: ass dat nach Symbolpolitik, oder scho staatleche Cabaret op Rieder?
Aus dem Ministère komme schonn éischt Gerüchter, datt sou eng Maschinn eigentlech en exzellenten Déngschtwon wier. Fir d'Mobilitéitsstrategie ze moderniséieren, natierlech.
Mat Vollgas an d'Zukunft also. An engem Auto, deen souvill PS huet, datt en d'Klimaziler net nëmme verpasst, mee iwwerhëlt, ausbremst, an am Réckspigel stoe léisst.
Ben Sinn



Kommentar schreiben