· 

D'Lëtzebuerger Arméi

Auslänner als Kanounefudder

Lëtzebuerg wëll resilient ginn a seng Arméi opstocken. Et feele 650 Zaldoten, sou d'Krichsministesch Yuriko Backes am September d'lescht Joer nom Besuch vum NATO-Generalsekretär Mark Rutte. De neie Luc huet bei där Geleegenheet nach eng dropgesat, wéi en d’NATO als "trendy" bezeechent huet. Den Undrang, eng Carrière an der Arméi ze maachen, ass allerdéngs méi wéi schappeg. Et sinn einfach keng Lëtzebuerger ze fannen. A wat mécht Lëtzebuerg an deem Fall? Richteg: Et geet seng main d’œuvre wéi ëmmer an d’Ausland sichen.

D'Bild weist Zaldoten vun der Lëtzebuerger Arméi déi am Gläichschrëtt an en Transportfliger klammen. D'Zeen erënnert staark un de Film "Hair". Am Bild steet: "Satir – Lëtzebuerger Arméi: Auslänner als Kanouefudder."
▲ Eng Zeen wéi aus dem Kinofilm "Hair" vun 1979. Zaldote marschéieren am Gläichschrëtt an den Transportfliger. Lëtzebuerg setzt op EU-Bierger aus der Groussregioun, well d'Motivatioun hei am Land hannert den Erwaardunge bleift.

1.195 Leit emfaasst eis Arméi, kann een op der offizieller Websäit liesen. Rechent een den administrative Waasserkapp, d’Logistik, den IT-Departement, déi 60 Musikanten vun der Militärmusek an – net ze vergiessen – déi zwee Zaldote beim Palais ewech, da bleiwe beschtefalls 300 "combat ready" Zaldoten.

An anere Wierder: déi zwou Kompanien passe gemittlech an den A400M, deen ënner lëtzebuergeschem Fändel flitt, mee op der belscher Militärbasis Melsbroek bei Bréissel stationnéiert ass. Se brauche just nach mam Zuch op Bréissel ze tuckeren, a scho si se prett fir ausgeflunn ze ginn – virausgesat, et ass kee Streik op der belscher Eisebunn.

Obwuel d’Arméi op hirer Websäit den Engagement als eng gutt Saach schéiried a behaapt, et wier en Asaz fir de Fridden a fir d’Mënscherechter, hu sech just 52 Rekruten gemellt. An dat trotz enger Reklammenoffensiv, déi een éischter mat engem neie Energy-Drink a Verbindung bréngt: Bussen, Tram, Bushaisercher, Lycéeën, Instagram, TikTok, Facebook.

▲ Facebook-Post vum Essentiel iwwer d'Vereedegung vun den 52 Rekruten de 9. Januar 2026. Gebraucht gi 650 zousätzlech Zaldoten.

Ma och d’Porte ouverte um Härebierg, geduecht als eng Zort "Jobdag", huet net dee gewënschte Succès bruecht. Mat vill Blingbling, villen Uniformen, ville Waffen a Politiker, déi d’Waffe fir d’Foto gehalen hunn, huet dat Ganzt éischter wéi eng militäresch Versioun vun engem Influencer-Event ausgesinn: "Hei mam Panzer, do mam Granatwerfer – like, share, recruit!"


Och interessant:


Et gëtt esou vill Action an Adventure versprach, datt een sech freet, ob d’Arméi net éischter als Scoutscamp mat Camouflage-Dresscode ze verstoen ass. Fit fir géint den Ennemi un der Front ze kämpfen, oder op mannst fir eng Instagram-Story.

D’Resultat bleift wäit hannert den Erwaardungen: D’Lëtzebuerger Jugend huet aner Prioritéiten. Homeoffice. Brunch. E Scooter. Eng Carrière, wou een sech net am Bulli wänzelen muss oder kal Féiss kritt.

An do kënnt déi grouss Iddi: Mir maachen d’Arméi op fir EU-Bierger, déi net emol hei wunne mussen, wéi d’Press bericht huet. Eng Zort Friemelegioun mat enger Staatspai, engem 13. Mount an Iessensgeld. Gebraucht ginn Auslänner fir déi Missiounen, déi net am Homeoffice ze maachen sinn.

Outsourcing

Outsourcing ass d’Zauberwuert. Wéi eng Firma, déi mierkt, datt d’IT ze komplizéiert ass, an engem externen Service Provider schreift: "Kënnt dir dat net fir eis maachen? Mir hunn am Moment aner Saachen ze dinn."

Okay, streng geholl ass et kee klasseschen Outsourcing. Et geet éischter ëm déi lëtzebuergesch Spezialdisziplin: "Just‑in‑Time Delivery" vu Personal. Wann heiheem keen an d’Uniform wëll, da kuckt een eben iwwer d’Grenz – wéi ëmmer. Lëtzebuerg delegéiert seng d’Verdeedegung.

Et läit an der Logik: Déi gutt bezuelte, gemittlech Plazen – Ministèren, Verwaltungen, Gemengen – si fir d’Lëtzebuerger. Déi manner gemittlech Plazen – Nettoyage, Bausecteur, Horeca, Handel, Müllabfuhr – gi vun den Auslänner besat. Firwat sollt d’Arméi do eng Ausnam sinn? Tradition oblige.

An elo, wou nach ëmmer 650 Zaldote feelen, mécht Lëtzebuerg dat, wat et am beschte kann: Et geet an d’Groussregioun eraus an importéiert, wat feelt. Wéi ëmmer. Wéi iwwerall. Wéi am ganze Wirtschaftsmodell.

Déi Tréierer Zeitung Volksfreund huet d’Propagandamaschinn direkt ugekuerbelt – oder op mannst de Motor waarm lafe gelooss – an den 23. Januar 2026 en Artikel mam Titel "Wie man als deutscher Soldat in Luxemburg dienen kann" publizéiert.

Screenshot vum "Volksfreund" vum 23. Januar 2026, deen titelt "Wie man als deutscher Soldat in Luxemburg dienen kann"
▲ Screenshot vum "Volksfreund" vum 23. Januar 2026, deen titelt "Wie man als deutscher Soldat in Luxemburg dienen kann"

De Generol huet et jo ëmmer erëm gesot: Lëtzebuerg muss méi resilient ginn. De Russ stéing virun der Dier. Mir wëssen zwar net wou, mee ë steet do. Irgendwou. A mir missten eis net nëmmen verdeedegen, mee am beschte Fall direkt an den Ugrëff iwwergoen, fir "Land anzehuelen". Näischt ass kloer. Mee et kléngt dynamesch, an dat ass d’Haaptsaach.

De STATEC seet et selwer: 47 % vun de Salariéen am Land si Frontalieren. Firwat net och Frontalier-Zaldoten? Dat ass déi logesch Konsequenz vun engem klenge Land: Wat ee Land méi kleng ass, wat d’Ausland automatesch méi grouss ass.

Wee matmécht? Dat gesi mer, wann d’Leit fir déi nächst Parade fir Jangendag opgestallt ginn.

Lëtzebuerg bleift ebe Lëtzebuerg: kleng a räich, dat sech bal alles leeschte kann.

Mee eng Fro bleift am Raum:

Wann et emol net ëm Héichwaasser, net ëm Sandsäck an net ëm Selfie-Events geet, mee ëm eng richteg Kris, wee steet dann hei wierklech do?



Och interessant:

Kommentar schreiben

Kommentare: 0