Kugelsécher géint d'Messerattacken?
Den Inneminister Léon Gloden war haut zu Bouneweeg an op der Gare ënnerwee – zwee Quartieren, déi sécherlech hir Problemer hunn, virun allem nuets, wann d'Drogenzeen aktiv ass. De Minister ass awer am Dag doduerch spadséiert. Mat dobei: eng kugelsécher West a Polizeischutz. Ee klengen Detail huet den Innenminister iwwersinn: an de leschte Méint war net vu Schéiessereien rieds, mee vu Messerattacken. Ob eng kugelsécher West do wierklech déi richteg Ausrüstung ass, bleift domat och eng oppe Fro.

Natierlech ass et keen Zoufall. De Léon Gloden huet sech als Mann vun der haarder Linn positionéiert: méi Expulsiounen, manner Toleranz, eng Police-Aktioun géint Heescherten an Sans-abrisen, fir de Stadzentrum "propper" ze kréien. Wien esou eng Politik mécht, muss och fir déi richteg Biller suergen – an eng kugelsécher West ass genee dat Bild, wat gebraucht gëtt. Just, datt d'Bild net ganz zum Risiko passt, deen tatsächlech nuets an dëse Quartiere besteet. Eng kugelsécher West hält Projektiler of, keng Messeren. Wa scho Schutzausrüstung, dann op d'mannst déi richteg fir déi richteg Bedrohung, soss ass et manner Sécherheetspolitik, méi Fueskostüm.

An de soziale Medien gëtt natierlech driwwer diskutéiert. An do kënnt dem Léon Gloden seng Inszenéierung grad esou schlecht un wéi seng Bewäertung bei der leschter ILRES-Ëmfro.
Beim leschte Politmonitor ass hie 15. vun 41 Politiker ginn, 43% Sympathie – trotz Regierungsbonus. E Wäert, deen och keng Schutzwest guttmaache kann.
Den ale Luc war 2004 méi couragéiert. Hien ass ouni Schutzwest duerch de Garer Quartier spadséiert. Zur Verteidegung vum Léon Gloden muss een allerdéngs zouginn, datt de Luc Frieden deemols méi Poliziste bei sech hat.

Vläicht wier et méi authentesch gewiescht, einfach an d'Quartieren ze goen a mat de Leit ze schwätzen, ouni Schauspillerei – dat hätt der Sympathie méi gehollef wéi all Kevlar op der Welt.



Kommentar schreiben