D’Konscht, eng Ried ze halen ouni eppes ze soen
Vun eisem Korrespondent Tech Nik.
Gëschter war et endlech esou wäit: De Premier huet seng Ried zur Lag vun der Natioun gehalen. D’Land huet drop gewaart wéi op eng CFL‑Zuchverbindung, déi schonn dräimol annoncéiert gouf an ëmmer nach net ukomm ass.
Mee wéi ass d’Lag dann? Déi eng soen: eescht. Déi aner soe: kritesch. De Premier seet: alles am Grëff. An den ILReS‑Sondage prophezeit fir d'CSV: net méi laang. Luxembourg Jungle huet d’Lag gepréift. Mat roueger Hand. A mat engem Kamillentéi, fir d’Nerven.
"Mat roueger Hand" – d’Ried, déi d’Kris ausblent
De Premier fänkt un mat Weltpolitik: Krich, Populismus, dem Enn vun der Weltuerdnung.
An da kënnt de Saz, deen alles soll berouegen: "Mir huelen dës Verantwortung all Dag un – mat roueger Hand."
Roueger Hand? Dat ass eng flott Formuléierung fir: "Mir maachen näischt, mee mir maachen et konsequent."
D'Wuert Tripartite kënnt an der ganzer Ried just eng Kéier vir, am Kontext vum Irankrich. Dat ass esou, wéi wann een eng Wiederprognos kuckt, wou just steet: "Et kënnt eppes."
Keng Erklärungen. Keng Entscheedungen. Keng Mindestlounerhéijung.
D’Tripartite ass mat "roueger Hand" aus der Ried erausmasséiert ginn.
"Wunnen ass e Recht" – jo, mee fir ween?
Dat kléngt schéin. Et kléngt mënschlech. Et kléngt wéi all Ried zanter 25 Joer.
Mee d’Realitéit ass: Wunnen ass e Recht – ausser et huet ee keng Wunneng.
De Premier liest eng Lëscht vir, déi esou laang ass wéi en CSV‑Walprogramm:
- Zéng‑Punkte‑Plang
- automatesch Genehmegungen
- national Mietkommissioun
- Housing Bond
- 500 Millioune fir soziale Wunnengsbau
Dat kléngt no vill. Dat ass och vill. Vill Wierder.
"Siwe Punkte sinn ëmgesat oder deponéiert." Deponéiert heescht: Si leien am Tirang. Net: Si stinn. Net: Si bauen. Net: Si hëllefen.
Den Housing Bond ass eng flott Iddi. Mee eng Iddi ouni Gesetz ass wéi eng Wunneng ouni Fënsteren: theoretesch schéin, praktesch kal.
"Zesummen. Fireneen. Fir Europa." – De Moment, wou d’Ried sech an eng Wahlplakat verwandelt
Um Enn gëtt et symbolesch. Sou symbolesch, datt ee sech freet, ob d’Ried net éischter fir eng Werbebroschür geduecht war wéi fir an d'Chamber.
"Zesummen. Fireneen. Fir Europa. Fir Lëtzebuerg. Fir d’Zukunft."
Dat sinn déi Wierder, déi ee seet, wann een näischt méi ze soen huet, mee nach net fäerdeg ass mat schwätzen.
Et sinn déi Wierder, déi een op een T-Shirt dréckt, wann een net weess, wat een dropschreiwe soll.
Et sinn déi Wierder, déi Politiker benotzen, wann se hoffen, datt kee méi eng Fro stellt.
"Mir loosse keen am Reen stoen." Jo, mee ween? A wéi laang? A mat wéi vill Suen, déi iwwerhaapt net an der Ried virkommen?
"Mir wëlle keng Zwee‑Klasse‑Medizin." Schéin. Mee d’Realitéit ass eng aner: de System huet zwar nach keng zwou Klassen — en huet bis elo just eng eenzeg Klass, an déi waart. Mee d’Waardezäite ginn erop wéi d’Temperaturen am Juli.
"Zesummenhalt" ass d'Wuert, dat Politiker benotzen, wann se wëllen, datt een ophält ze froen. Well wann ee freet, brécht een den "Zesummenhalt". A wann ee kritiséiert, ass ee "géint d’Land". A wann een d’Demissioun fuerdert – tjo, dat ass dann och net "fireneen".
"Deep Tech, KI, autonomt Fueren" – D’Zukunft als politeschen Escape Room
Wann d’Géigewaart ze komplizéiert gëtt, schwätzt een iwwer d’Zukunft. Dat ass eng al politesch Regel.
An de Premier huet se perfektionéiert: "Deep Tech Lab", "KI‑Supercomputer“, "Autonomt Fueren", "LeChat", "Mistral", "Screen‑Life‑Balance".
Dat kléngt wéi eng Start‑Up‑Konferenz um Kierchbierg, net wéi eng Ried an der Chamber.
Mee d’Leit, déi haut keng Wunneng fanne, froen sech net: "Wéi steet et ëm meng Screen‑Life‑Balance?" Si froen sech: "Wéi geet et menger Bankkonto‑Balance?"
Déi kreativst Iddi: Eng multilateral Bank fir Verdeedegung, Sécherheet a Resilienz – zesumme mat Kanada.
Dat kléngt wéi eng Iddi, déi an engem Brainstorming entstanen ass, wou d’Kaffismaschinn ze vill Koffein hat. Keng Zuelen. Keng Detailer. Keen Zweck. Mee de Sëtz ass zu Lëtzebuerg. Natierlech.
D’Ried als Selfie
Eng Ried zur Lag vun der Natioun soll d’Land beschreiwen.
D’Ried vum Premier huet d’Regierung beschriwwen.
An an deem Spigel gesäit alles gutt aus:
- d’Aarmut gëtt bekämpft
- d’Wunnengen entstinn
- d’Schoul gëtt modern
- d’Energie gëtt gréng
- d’KI gëtt souverän
- d’Arméi gëtt gestäerkt
- d’Zukunft gëtt brillant
Mee an deem Spigel feelt eng kleng Saach: d’Leit, déi dra kucken.
D'Ried ass e Selfie. Gutt beliicht. Gutt kadriert. A mat engem Filter, deen d'Realitéit e klengen Tick ze schéin ausgesi léisst.
D’Leit, déi sech keng Wunneng leeschte kënnen, gesinn am Spigel keen "Housing Bond". Si gesinn eng eidel Keess.
D’Leit, déi op d'Erhéijung vum Mindestloun waarden, gesi keng "roueg Hand". Si gesinn eng onbezuelte Rechnung.
D’Leit, déi de Premier fir net méi haltbar halen, gesi keen "Zesummenhalt". Si gesinn eng Koalitioun, déi sech un d’Muecht klammert.
An der Ried gouf villes gesot. Mee dat Wichtegst net: Wou geet d’Rees hin? A wee bezilt se?
De Premier huet kee Wuert verluer iwwer déi 4,5 Milliarden fir d'NATO. Kee Wuert iwwer déi 550 Milliounen fir d'Ukrain. Kee Wuert iwwer d'Fro, wou dëst Geld hierkënnt – a wou et lannt.
Mee "Zesummen. Fireneen. Fir Europa. Fir Lëtzebuerg. Fir d'Zukunft." – dat war do. Grouss. Fett. A gratis.
Well Wierder kaschte näischt. A genee dofir sinn der esou vill an dëser Ried.
Tëscht Wonschdenken a Realitéit läit dat, wat net gesot gouf.
An dat ass d’Lag vun der Natioun.
Tech Nik.
Och interessant:






Kommentar schreiben