D’Geschicht vun engem Schutz, deen näischt schützt
Am Kiischpelt ginn et Geschichten, déi méi laang iwwerlieft hunn wéi déi, déi se erzielt hunn. Eng dovun ass d’Geschicht vum Péiter vu Schëffleng a sengem Haff, deen esou vill Schutz krut, datt um Enn näischt méi iwwreg blouf, wat nach ze schützen war.
De Péiter vu Schëffleng war ee Mann, dee vill hat an ëmmer nach méi wollt hunn. Am Kiischpelt seet een: Wat ee méi huet, wat ee méi wëll hunn. Beim Péiter war dat net nëmmen e Spréchwuert, mee eng Gewunnecht. A wéi hien de Kiischpelter Haff kaaft hat, ass et him gaangen wéi bei villem a sengem Liewen: Hien huet Schong an Huese verluer.

Am Kiischpelt erzielen sech d’Leit nach haut d’Geschicht vum Péiter vu Schëffleng, deen den ale, stolzen Hochscheunenhaff kaaft hat. Den Haff hat vill Wanteren, vill Stierm an honnerte Joren iwwerstanen — mee net déi lescht Joren, wou en ignoréiert gouf.
Wéi seng lescht Bewunner fort waren, ass den Haff eleng bliwwen, wéi eng al Këscht, déi kee méi opmécht. De Péiter vu Schëffleng koum enges Daags mat engem Schrëftstéck, huet de Schlëssel geholl an ass fortgaangen. Den Haff krut vun deem Dag un säin neien Haushär net méi ze gesinn an ass sech selwer iwwerlooss ginn, wéi e Schëff ouni Kapitän.
D’Duerfleit hunn du gesot:
"Et ginn zwou Zorte vun Haushären: déi, déi sech këmmeren, an déi, déi d’Zäit fir sech schaffe loossen."
Si konnten deemools nach net anen, wat alles op dësen Haff duerkënnt.

Jore, wou näischt geschitt ass
Mat der Zäit hunn d’Duerfleit gemierkt, datt den ale Bauerenhaff ëmmer méi matgeholl ausgesinn huet. D’Daachleeen hunn ugefaang lasszegoen, an d’Mauere stoungen net méi esou fest wéi fréier. D’Leit hu sech gefrot, firwat keen e Fanger réiert, wann et dach e sou ee schéinen Haff ass.
Si hu gemengt:
"Et misst een eppes maachen."
Mee keen huet esou richteg gewosst, wien deen een sollt sinn.
Den Duerfkeeser an seng Conseilleren koumen zesummen an hu verkënnegt:
"Mir schützen den Haff."
D’Duerfleit waren houfereg. E Schutz! Dat kléngt no Verantwortung, no Sécherheet, no Hëllef, no engem Aarm, deen sech ëm eppes leet, fir et ze halen.
Ma wéi d’Dier vun der Märei zou war, ass näischt geschitt. Keen huet en Dill ersat, keen eng Lee geriicht, keen eng Mauer gestäipt, keen och nëmmen eng Spaweck ewechgemaach.
De Schutz blouf … e Schutz um Pabeier.
A wéi d’Leit gefrot hunn, wéini dann elo eppes géif geschéien, huet den Duerfkeeser geäntwert:
"En ass jo geschützt. Dat ass dach schonn eppes."
D’Duerfleit hu gelaacht a gegeckst:
"Am Kiischpelt léiert een, eppes mat Wierder ze retten, ouni ee Fanger ze réieren. Pabeier ass jo gedëlleg."
Eng daper Fra aus dem Nopeschduerf, déi vill fir historesch Bauwierker iwwreg hat, huet eng Demande de classement un de Minister an d’Stad geschéckt.
D’Duerfleit hu gehofft:
"Elo geschitt eppes."
Si hunn sech erwaart, datt an der Stad een e gutt A fir al Mauere hätt.
Mee d’Demande ass am Tirang verschwonnen.
Méint a Jore si vergaangen, ëmmer méi Daachleeë si lassgaang, mee et koum keng Äntwert aus der Stad.
D’Duerfleit hu sech getréischt:
"Si ass wuel ënnerwee. Vläicht kënnt se, wann een am Büro opraumt."

Dem Minister seng Beroder hunn sech zesummegesat. Si haten de Bauerenhaff gekuckt, vun uewen bis ënnen, vun der Scheier bis bei d’Stallfënster, an hunn duerno eestëmmeg virgeschloen:
"Jo, dësen Haff muss geschützt ginn, a säin Daach muss séier gefléckt ginn."
D’Leit am Kiischpelt waren houfreg. Endlech hunn s’an der Stad erkannt, wat si schonn ëmmer woussten: mat sengen 300 Joer ass dësen Haff e Stéck Kiischpelter Geschicht.
Mee well kee wousst, wien dat séier soll maachen, ass näischt geschitt.
D’Warnung vun de Beroder ass nees an engem Tirang verschwonnen. Reen a Frascht hunn d’Holz opgeweecht.
Den Duerfkeeser huet d’Leit berouegt:
"Den Haff ass geschützt. Also däerf näischt geschéien."
No méintlaangem Waarden huet de Minister zejoert beschloss:
"Den Haff ass vun elo un national geschützt."
D’Duerfleit waren frou an waren iwwerzeegt:
"Elo geschitt eppes. Elo kënnt Hëllef."
Mee et koum keng Hëllef.
Wat koum, waren zwee identesch Bréiwer vum Minister:
"Mir sinn amgaang ze kucken. Den Haushär ass opgefuerdert ginn, déi néideg Aarbechten ze maachen."
D’Duerfleit hunn d’Bréiwer gelies a gesot:
"Dat kléngt schéin, mee déi zwee Bréiwer kléngen ëmmer d’selwecht."
Den Haushär koum net. An d’Bréiwer hunn näischt geännert.
An esou koum et, datt de Bauerenhaff ëmmer méi verkomm ass.
Deeg, wou ze vill geschitt ass
Enges Daags, et war am November, hunn d’Duerfleit an de Schanken gespiert, datt eppes an der Loft léich.
D’Scheier vum alen Haff, déi laang Jore gewaart hat, datt endlech ee kéim fir hir ze hëllefen, huet sech geschloe ginn.
Se gouf laang genuch eleng gelooss, an huet net méi stallgehalen.
Et huet gekraacht, d’Dunnen hu noginn an d’Maueren sinn zesummegefall.
D’Duerfleit stunge virun engem Bild, dat si ni vergiessen: D’Scheier louch am Stëbs, wéi eng Trauerweid, déi ënnert hirem eegene Gewiicht noginn huet.
Si hunn sech gefrot:
"Wéi konnt et souwäit kommen?"

Wéi d'Scheier schonn a Stécker um Buedem louch, war den Duerfkeeser iwwerzeegt:
"Mir mussen elo handelen."
Séier huet hien en Dekreet erausginn an am Raider opgehaangen. Mee fir sécher ze goen, huet den Duerfkeeser och nach eng Kopie un d’Scheierpaart geneelt, oder éischter un dat, wat nach dovun iwwreg blouf, sou wéi wann d'Scheier kéint liesen.
Dora stoung, datt d'Scheier geféierlech wier an den Haushär opgefuerdert wier, déi néideg Aarbechten an Ugrëff ze huelen, fir d’ëffentlech Sécherheet ze garantéieren.
D’Duerfleit hunn entgéintgehalen:
"Mee se läit dach schonn um Buedem."
Ma den Duerfkeeser huet säin Dekreet mat vollem Eescht verfaasst, sou wéi wann d'Scheier nach géif do stoen.
Nodeems hien alles opgehaangen hat, ass hien zefridden heemgaangen.
Den Haff stoung lo do wéi e Wrack: eng Halschent agefall, déi aner nach geschützt.
D’Duerfleit hu gefrot:
"A wat mécht een elo domat?"
Den Duerfkeeser huet eng Étude an ee Bericht gefuerdert.
Eenzock hu Spezialiste recommandéiert, d'Scheier ganz ofzerappen, Stéck fir Stéck, vun uewen no ënnen, bis guer näischt méi iwwregbleift. D’Duerfleit stunge ronderëm an hu missten nokucke, wéi ee Stéck nom aneren ewechgeholl gouf, vun deem, wat se eigentlech erhale wollten.
An der Mëtt war elo ee risegt Lach.

D’Duerfleit waren entsat a hu gesot:
"Lo ass et jo kee Bauerenhaff méi! An dobäi ass e geschützt!"
Ee Bauerenhaff ouni Scheier ass wéi ee Gaart ouni Beeter an ouni Planzen: den Notzen ass fort.
D’Leit aus dem Kiischpelt hu sech gefrot:
"Wat bréngt e Schutz, deen näischt schützt?"
Si hunn agesinn, datt et net nëmmen d’Zäit war, déi dem Haff uerg zougesat huet, mee virun allem d’Leit, déi vill geschwat an näischt gemaach hunn.
An esou koum et, datt aus engem Hochscheunenhaff en Ohne-Scheunenhaff ginn ass.
D’Duerfleit hunn sech gefrot, wéi eppes, dat esou vill Joren iwwerstanen hat, op eemol konnt verschwannen.
Am Volleksmond heescht et: Wien näischt mécht, deen näischt brécht.
Mee d’Kiischpelter hunn d'Spréchwuert geännert: Wien näischt mécht, mécht awer, datt eppes brécht.
Dës Geschicht ass fräi erfonnt. All Änlechkeeten mat realen Evenementer an existéierende Persoune sinn reng zoufälleg, och wann den Zoufall heiansdo erstaunlech präzis ass.



Kommentar schreiben