Eng satiresch Rees duerch 900 Joer Gréngewald: en Hellegen, Kinneken, Bommeleeër, Nordstrooss, Heescherten a modern "Investissementer". De Bësch erzielt selwer, wéi d'Politik an den Haff ëmmer nees un him verdéngt hunn.
Dës Kiischpelter Geschicht erzielt mat Humor a Satir, wéi aus engem stolzen Hochscheunenhaff lues a lues en "Ohne-Scheunenhaff" ginn ass. Et ass eng Erzielung iwwer Verfall, Verantwortung an déi kleng administrativ Absurditéiten, déi jidderee kennt: vill Pabeier, vill Verspriechen. D’Geschicht verbënnt lokal Kultur, ländleche Patrimoine an eng gutt Portioun Schildbürger-Humor. Eng fräi erfonnten Erzielung, déi awer erstaunlech vill mat der Realitéit ze dinn huet. E Schutz, deen näischt schützt.