Konscht ka schockéieren, däerf awer net vergiessen❗️
D' "Éisleker Metal Frënn" hunn dat erreecht, wat ee laang als onméiglech gehalen huet. Si hunn d’Museksszeen zwar net revolutionéiert, ma mam Optrëtt vun der schottescher Metal-Band "Holocaust" hunn si eng hefteg Debatt an de soziale Medien ausgeléist. Am ganze Land hänke Plakater wou grouss "Holocaust" dropsteet, déi als Headliner vum Metal-Festival den 29. September zu Rammerech ugekënnegt ginn.
Wat bedeit et, eng Band mat engem Numm anzelueden, deen op der ganzer Welt als Synonym fir den industrielle Massemuerd an déi systematesch Vernichtung vu méi wéi sechs Millioune Judden, Sinti a Roma, Oppositionellen, Homosexuellen a sougenannten “Asozialen” duerch d'Nationalsozialisten gëllt? E Begrëff, dee wéi keen aneren am Zesummenhang mat der Bankrotterklärung vun de mënschleche Wäerter steet? Awer d'Haaptsaach, d'Gittare rocken, d’Provokatioun ass cool an d’Erënnerung gëtt zur Makulatur.
Protestschreiwes un d'Gemeng Rammerech
Luxembourg Jungle läit ee Protestbréif un d’Buergermeeschtesch Myriam Binck (CSV) aus der Gemeng Rammerech vir. D’Rammerecher Gemeng huet den "Éisleker Metal Frënn" hire Centre culturel fir den Holocaust-Optrëtt zur Verfügung gestallt.
Am gutt argumentéierten Schreiwes weist d’Autrice drop hin, “datt ët där Band em Provokatioun geht. Op hierem Site erkläre sie d'Iddi vum Numm: Heavy Metal Gruppen sollten aschloen, wéi eng Atombom.” Weider schreift d’Verfaasserin vum Schreiwes un d’Buergermeeschtesch: “Jiddefalls ass den Numm [Holocaust] eng Provokatioun an éischter Ligne vis-à-vis vun der jüdescher Bevölkerung, mee och vis-à-vis vrun all Mënsch mat engem historesche Bewosstsäin.”
A weider: “A chacun son mauvais goût, mee d'Vernichtung vu sechs Milliounen Judden, opmanst 250.000 Sinti a Roma, iwer drai Millioune russesch Krichsgefangener, ëm di 300.000 Handicapéierter, dausende vu politesche Gefaangenen an Homosexueller, etc.. als Provokatioun ze benotzen, ass fir mech kee mauvais goût méi, mä eng Provokatioun, déi eng adequat Äntwert verdéngt.”
An hirem Schreiwes ënnersträicht d’Autrice, datt si der Holocaust-Band beileiwe net ënnerstellt, bewosst Neonazien unzezspriechen, ma si stellt awer déi berechtegt Fro, ob Rammerech esou eng Provokatioun brauch. Ofschléissend verlaangt d’Autorin, den Organisateuren matzedeelen, datt déi Grupp deen Owend nët zu Rammerech optriede kann, an och derfir ze suergen, datt de Concert nët zu engem Sammelpunkt vun Neonazien gëtt.
Datt munchmol eng gewësse Verbindung tëscht der Heavy-Metal-Szeen an der rietsradikaler Zeen besteet, gëtt an dësem gutt recherchéierten Artikel mam Titel "Metal and the Holocaust: Too Much Transgression?" op der jiddescher Websäit "JewTh!nk" beschriwwen. Ma och déi renomméiert Musekspublikatioun "Rolling Stone" huet sech scho mam Thema beschäftegt an stellt an engem Artikel mam Titel "Wie rechts kann Metal sein? Eine Szene zwischen Provokation, Politik und Rebellion" déi selwecht Froen.
Wéi wäit däerf Konschtfräiheet goen?
Natierlech ass d'Argument vun der kënschtlerescher Fräiheet allgemeng bekannt. An och an dësem konkrete Fall kann een op de soziale Netzwierker Exküse liese wéi dës: "Et ass dach just Musek", "Den Numm vun der Band staamt aus den 80er", "Si mengen et net politesch" a sou weider.
Am Mee 2025 huet de Rapper Keyano West, dee mat sengem Song "Heil Hitler!" an d'Negativschlagzeile geroden ass, sech änlech erkläert. Obwuel säi Lidd mat enger Originalried vum Hitler opgehalen huet, huet de Rapper sech op d'Konschtfräiheet beruff fir sech ze rechtfäerdegen.
D’Band “Rammstein” huet 2019 e Clip verëffentlecht, wou d’Membere vun der Band a KZ-Häftlingskleeder mat opgebitztem, gielem Davidsstäer op der Broscht a mat enger Schléng em den Hals ze gesi sinn, an offensichtlech virun hirer Exekutioun stinn. Och sëse Clip huet deemols fir hefteg Kritike gesuergt.

Konscht däerf villes – awer net alles. Konscht däerf provozéieren, d’Publikum zum Nodenke bréngen, oprëselen, mee Konscht däerf net trivialiséieren, relativéieren oder d’Erënnerung mat Féiss trëppelen. D’Konscht als Schutzschëld hält do op, wou d'Sensibilitéit vun der Mémoire collective mëssuecht gëtt– sief et duerch e geziilten Tabubroch, Geschmacklosegkeet oder Ignoranz. Jiddereen, deen sech op Käschte vum Leed, Misär a Grausamkeeten aus der Vergaangenheet wichteg mécht, praktizéiert keng Konscht. Wi vill Provokatioun däerf Konscht sech erlaben, ier se zur Farce verkënnt? Farce ass bekanntlech keng Konschtform; si ass meeschtens just nëmme penibel.
Kulturell erosioun
De Facebook-Post vun den "Éisleker Metal Frënn" weist d'Euphorie, mat där den Optrëtt vun "Holocaust" ugekënnegt gëtt.
D'Band erkläert hiren Numm als eng musikalesch Symbolik fir déi nuklear Gefor. D'Metapher bleift onkloer, d'Wierkung dofir ëmsou méi: Den Holocaust - dee richtegen - geréit an den Hannergrond, gëtt zu enger Randnotiz, an net zu engem Appel. Ass d’Fräiheet vun der Konscht wierklech dat lescht Argument, wann et ëm d’Erënnerungskultur geet?
D'Wierkung entsteet do wou d'Erënnerung op d'Visibilitéit trëfft, a wou en Ausdrock wéi "Holocaust" net méi schockéiert, mee stillschweigend akzeptéiert gëtt. Dëst ass keng Provokatioun méi, mee en Zeeche vu kultureller Erosioun.
Luxembourg Jungle wär net Luxembourg Jungle, wann mir net nach e puer zynesch Bandnimm parat hätten: "Hitler & Friends“, "Congo Carnage“, "Genocide Groove“, "LGBTQ Hate Machine“ oder "Killing Minorities“ – Nimm, déi just nach op hiren éischte Skandal waarden. Provokatioun als Branding? Do ass nach Loft no uewen. D’Grenze vun der Geschmacklosegkeet sinn nach laang net erreecht.
Kommentar schreiben