Eng Satir iwwer d'Absurditéiten vun der moderner "Naturschutzpolitik"
Wie bis elo der Meenung war, nëmmen hei zu Lëtzebuerg géif d'Regierung alles ënnerhuelen, fir aus dem Naturschutz eng Prioritéit ze maachen, dee soll mol ee Bléck iwwert den Tellerand woen. Déi ecuadorianesch Regierung huet eng ganz besonnesch Form vum "Naturschutz" erfonnt. Fir d'Galapagosinselen ze schützen, gëtt d'Naturreservat an UNESCO-Weltnaturierwen kuerzerhand an eng héichmodern Militärbasis ëmgewandelt.
An engem eemolegen Akt vun "Naturschutz" huet d'ecuadorianesch Regierung, ënnert hirem President Daniel Noboa, sénges Zeechens Banannenhändler an Naturschützer am Camouflagekostüm, am Dezember decidéiert, de Site vun de Galapagos Inselen, deen zanter 1959 als Nationalpark an zanter 1978 als UNESCO-Weltnaturierwen geschützt ass, an eng Militärfestung ze verwandelen.
Offiziell geet et drëm, géint déi illegal Fëscherei an den Drogenhandel virzegoen. D'Kritiker sinn sech awer sécher: A Wierklechkeet wëllt d'Regierung déi eenzegaarteg Flora a Fauna vun de Galapagosinselen virum geféierlechen Afloss vu virwëtzegen Touristen schützen - schliisslech kéinten déi op déi absurd Iddi kommen, Leguanen ze heemelen oder déi weltbekannt Rieseschildkröten ze fotograféieren.
D'Galapagos-Inselen, bekannt fir hir onberéiert Natur an hir streng Tourismusreglementer, entwéckelen sech also zu enger Héichbuerg vun der US-Army. Déi besteeënd Häfen a Fluchhäfen sollen ausgebaut ginn fir Marineschëffer, U-Booter a Militärfligeren opzehuelen. Séiléiwen a Miereseidechsen brauche schliesslech och mol e bëssen Ofwiesslung a wäerte sech beim Ubléck vun den neitsten Stealth-Jets freeën.
Déi 25.000 Inselawunner si berouegt, datt hier Heemecht elo eng Festung ënnert der Kontroll vun der amerikanescher Arméi gëtt, déi géint illegal Fëscher an Drogeschmuggler virgeet. Schliesslech war et bis elo vill ze einfach fir vun dësem Archipel, dat 1.000 km vum Festland ewechläit, ze flüchten. Amplaz Touristen, bewonneren an Zukunft eben US-Zaldoten d'Natur.
Béis Zonge behaapten, d'USA géifen domat zwou Mécke mat engem Schlag schloen: nieft der Annexioun vu Panama mat sengem ekonomesch wichtege Panama-Kanal, elo och nach d'Besetzung vun de Galapagosinselen, déi knapps eng Fluchstonn vu Panama ewechleien. Mee dat sinn eidel Behaaptungen vu Leit, déi net wësse vu wat se schwätzen.
Kommentar schreiben