· 

#Satir | Fraen un d'Front!

Krichstrommelen um Internationale Fraendag

Voller Begeeschterung hunn ech haut de Programm vum maarnecher Kulturzentrum "Cube 521" opgeschloen a war gespaant, wat eis déi Verantwortlech ronderëm hir Presidentin Marie-Josée Jacobs an hir zwee Vize-Presidenten an CSV-Parteikolleegen Emile Eicher a Romain Kremer ze bidden hätten.

▲Extrait aus dem Programm vum maarnecher Kulturzentrum "Cube 521".
▲Extrait aus dem Programm vum maarnecher Kulturzentrum "Cube 521".

Dem Zäitgeescht entspriechend, huet de "Cube 521" beschloss, um Internationale Fraendag ee ... (Trommelwirbel) Krichsfilm ze weisen. Firwat sech och mat den traditionelle Errungenschaften vun engagéierte Fraen ofginn, wann een se och direkt un d'Front schécke kann? De Motto vum 8. Mäerz ass dëst Joer: Fraen un d'Front! A wat kéint besser passen wéi en Dokumentarfilm iwwer eng Krichsfotografin um Schluechtfeld?

D'Männer hu wuel bewisen, datt si zënter Dausende vu Joren d'Welt a Brand setzen kënnen, mee elo ass et un der Zäit, ze beweisen, datt och d'Frae krichstüchteg sinn! Gläichberechtegung gëtt schliisslech nëmmen dann erreecht, wann och bis d'Fraen am Schützegruef leien a mat der selwechter Leidenschaft wéi hir männlech Kolleege Panzere joen.

Amplaz vu Fraen ze berichten, déi fir Bildung, Gesondheet oder sozial Gerechtegkeet kämpfen, zéien déi Verantwortlech vum "Cube 521" et vir, d'Aarbecht vun enger Krichsfotografin an d'Vitrinn ze stellen. Op dës Manéier gëtt jidderengem bewosst, datt och d'Fraen sech an enger Welt voller Chaos an Zerstéierung erëmfannen. Felicitatiounen, "Cube 521", dir hutt et fäerdeg bruecht, d'Krichs"konscht" ze verherrlechen! Merci, datt dir sou léif un d'Fraen um Internationale Fraendag denkt an dem Land weist, datt d'Fraen tatsächlech Fortschrëtter maachen - bis un d'Front.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0