Wéi e Franséischproff d'Musekszeen mat engem KI-Programm opwullt
Hie war fréier de Fluch vun de Schüler, déi "subjonctif" mat "subversiv" verwiesselt hunn. Haut ass hien de romanteschste Rebell an der KI-Musekszeen: de Jeannot Scheer, pensionéierte Franséischproff aus dem LTMA, Poet mat Häerz, an elo - dank Suno-AI - Sänger ouni Stëmm.
Säin Album "Failing in Love" ass eng Rees duerch romantesch Katastrophen, alldeeglech "Prüfungen" a poetesch Lidder, déi vun enger kënschtlecher Intelligenz a Musek ëmgesat goufen.
Wärend d'Regierung houfreg KI-Musek fir hiren Nationalfeierdag am Joer 2017 zelebréiert huet, gëtt de Jeannot elo kritiséiert, well hien seng Gedichter net mat enger Gittar, mee mat engem Algorithmus vertount huet.
Luxembourg Jungle hat d'Chance, en Interview mam Jeannot ze féieren - net an engem Studio, mä an engem digitale Café, mat Froen, déi eng gewëssen Ironie net verstoppen.
Luxembourg Jungle: Jeannot, hues du d'Suno-AI scho gefrot, ob et deng Gedichter wierklech versteet, oder séngt et einfach alles, wat s du him gëss, soulaang et am Takt ass?
Jeannot Scheer: Éischtens, ech hunn de Suno ëmmer als Mann gesinn. Du gesäis en als Fra? Interessant... awer eigentlech irrelevant. Well et eng Maschinn ass, "versteet" hien oder si meng Gedichter sécherlech net sou, wéi e Schüler meng Grammatikerklärungen versteet - oder och net. Awer dank senger phenomenaler Intelligenz, digital oder net, mierken ech dat net, a virun allem stellen ech mir dës Fro net. Op alle Fall séngt de Suno alles, wat een him virsetzt, a wann een net oppasst, séngt hien och d'Nummeren virun de Strophen vun engem Gedicht. Hien erënnert mech un e gewëssenen Hubert H., deen eis an den 1980er Joren zu Wolz no laange Reuniounen fir déi néideg Entspanung gesuergt huet, andeems hien d'Texter vun den Neiegkeeten aus dem Tageblatt mat senger Gittar gesongen huet.
Luxembourg Jungle: Wéi fillt et sech un, wann eng Maschinn deng Gedichter besser a Musek ëmsetzt, wéi s du dir et jeemools häss kéinte virstellen – ganz ouni Nouten, Museker oder musikalescht Talent?
Jeannot Scheer: Bei mengen éischte Kontakter mam Suno war ech mësstrauesch a skeptesch an ech hat mer enttäuschend, mëttelméisseg Resultater erwaart, bei deenen een direkt mierke géif, datt et sech ëm ee kënschtlecht, huelt Produkt, ouni Séil, Volumen a Vibratioun handele géif. Ech verstinn nach ëmmer net, wéi de Suno funktionéiert, awer d'Partituren, d'Nouten, d'Stëmmen, d'Instrumenter... De Suno huet se iergendwou a sengem gigantesche Gediechtnis a senger Kreativitéit gespäichert. De Suno ergänzt mech, an ech staunen a kann et bal net faassen. An och wann de Suno net ëmmer meng detailléiert musikalesch Instruktioune genee befollegt, ass d'Resultat ni schlecht, mëttelméisseg oder ouni Gefill a roboterhaft. Éischter muss ech léieren, meng Instruktioune méi präzis ze formuléieren an se mat Detailer ze beräicheren, fir dat Lidd ze kréien, dat ech am Kapp hunn, awer selwer net schreiwe an interpretéiere kann.
Luxembourg Jungle: Du sees, datt d'KI keng Séil huet. Mee lo mol éierlech: Huet se op d'mannst Taktgefill?
Jeannot Scheer: All Kritiker vun der KI reprochéieren hir, keng Séil ze hunn. Den Trump zum Beispill huet och keng Séil... an ass Liichtjoer vun der Intelligenz ewech - kënschtlecher an anerer. An iwwerhaapt, ass mir dëst Konzept vum chrëschtleche Glawen egal. De Suno ass eng Maschinn, awer hie gëtt vu Mënsche programméiert, mat mënschlechem Wëssen gefiddert a léiert vu mënschleche Wierker. Wat aus sengen Algorithmen ervirgeet, ass am Endeffekt ë perfektionéiert an/oder synthetiséiert mënschlecht Produkt.
Luxembourg Jungle: Däin Album heescht "Failing in Love". War dat eng bewosst artistesch Entscheedung, oder einfach d'Resultat vun engem mësslongene Versuch, "Feeling in Love" richteg ze tippen?
Jeannot Scheer: Hei gëtt et eng Verwiesselung bei de Wuertspiller, Hubert. "Failing in Love“ bezitt sech net op "Feeling in Love“, mee op "Falling in Love“. A mengen Texter schwätzen ech doriwwer, wat mat engem Mann geschitt, deen sech "verléift“ huet a schlussendlech dozou bäigedroen huet, dës Léift ze ruinéieren - vu "falling in love“ ass hien op "failing in love“ iwwergaangen.
Luxembourg Jungle: Wat war déi batterst Kritik, déi s du hues missten astiechen? An hues du schonn eng nei Ballad draus gemaach, vläicht als Bonustrack, mam Titel "Chanson pour les râleurs"?
Jeannot Scheer: Déi häertste Kritik ass déi, déi ni kloer formuléiert gouf. D'Kritiker beschëllegen mech net direkt. Mee si ënnerstellen mir, datt dat, wat ech maachen, "bedenklech, zweifelhaft, beonrouegend" ass, datt d'Benotzung vun KI d'Enn vun der mënschlecher Kreativitéit am Allgemengen bedeit... an datt ech domat perséinlech zum Ënnergang vum mënschlechen Imperium bäidroen.
Soll dat also zu enger Ballad vun de Kregéiler gemaach ginn? Nee, well am Moment iwwerweien den Encouragement an d'Gléckwënsch fir mäi Projet bei wäitem d'Kritik an d'Virbehalter.
Luxembourg Jungle: Wann s du deng Lidder live interpretéiere kéints, géifs du dann engem richtege Sänger mat Lampenfieber vertrauen oder dech op Suno-AI verloossen, dat ni nieft dem Toun läit, ni schweesst an alles am Playback liwwert?
Jeannot Scheer: Virun drësseg Joer war et mäin Dram, meng Texter live virun engem Publikum mat engem Sänger a Museker aus Fleesch a Blutt opzeféieren. Mee dësen Dram ass ni verwierklecht ginn. Wann ech en hätt kënne verwierklechen, wier ech frou gewiescht, mech mat verschweessten, onperfekten a richtege Leit ze ëmginn. Dat heescht awer net, datt de Suno perfekt ass. De Suno ergänzt ganz einfach dat, wat mir feelt, well mir mënschlech Interpreten ... a musikalescht Talent feelen.
Luxembourg Jungle: Du bass elo pensionéiert a schaffs mat KI. Ass dat Altersweisheet oder einfach de charmante Versuch, dech mat der moderner Technik vertraut ze maachen, ier se dech als 'net méi kompatibel' bezeechent?
Jeannot Scheer: D'Pensioun erlaabt mir, Zäit ze huelen… oder se ze verléieren. Zënter genau dräi Méint beschäftegen ech mech mat de Fäegkeeten vum Suno. Seng Technologie faszinéiert mech, dat ginn ech ouni schlecht Gewëssen zou. An de Suno mécht ni onpassend Bemierkungen oder stellt mir komesch Froen, wéi s du, Hubert...

▲ De Jeannot Scheer an de 1990 Joren, wéi hien d’Gedichter fir säi virtuellen Album, deen 2025 erauskomm ass, an elo mat Hëllef vu KI vertount goufen. D’Lidder kann een iwwert dëse Link lauschteren.
Luxembourg Jungle: Wann s du deng KI-Lidder op Kassett oder Vinyl géifs erausbréngen, géifen se da geheim Messagë verroden, wann se hannerrécks gespillt ginn, oder einfach nëmmen d'Stëmm vun der Suno-AI, déi iwwer d'analog Technologie de Geck mécht?
Jeannot Scheer: Stéchwuert: komesch Fro! Meng Gedichter, egal ob op Vinyl, Kassett oder USB-Stick, enthalen ëmmer geheim Messagen fir déi, déi stilistesch Mëttelen a Wuertspiller entschlëssele kënnen. Ech brauch de Suno net fir Saachen ze verstoppen, an de Suno ass ze "mënschlech", fir sech mat den Technologië vu senge "Elteren" unzeleeën ...
Luxembourg Jungle: D'Regierung feiert KI-Musek, awer du gëss kritiséiert. Ass dat de Beweis dofir, datt ee fir d'éischt Minister muss ginn, fir Musek mat Maschinne maachen ze däerfen?
Jeannot Scheer: Wann e Minister d'Benotzung vun der KI lueft, mécht hien näischt anescht wéi Dausende, jo souguer Millioune vun anere Leit. Souguer d'Kritiker vun der KI notze bewosst oder onbewosst, heemlech oder oppen déi enorm Ressourcen vun der KI aus. An et wier domm, fräiwëlleg op d'Ressourcen vun engem Handwierksgeschier ze verzichten, dat ee séier méi intelligent mécht, oder sech bewosst ze weigeren, aus de Fesselen vun den eegenen Aschränkungen auszebriechen.
Luxembourg Jungle: Wat géifs du soen, wa behaapt géif ginn, deng KI-Lidder wären den Ufank vum Enn vun der Mënschheet - oder op d'mannst vum Chanson?
Jeannot Scheer: Ech géif sécherlech net vum Enn oder dem Ufank vum Enn vun der Mënschheet schwätzen. Vläicht wäerten duerch de Fortschrëtt vun der KI bestëmmten Aarbechtsplazen verschwannen, awer et wäerten och nei Beruffer entstoen. Erënnere mer eis un d'Kassandra-Kreesch bei der Aféierung vun de Computeren! Jo, dat digitalt Zäitalter huet d'Welt verännert. Zum Gudden an zum Schlechten. Hei kënnt de mënschleche Faktor an d'Spill! De Mënsch ekipéiert sech reegelméisseg mat neiem Handwierksgeschier, déi seng Liewensqualitéit verbessere kënnen... oder zerstéieren! Mir musse wachsam bleiwen, déi nächst méiglech Welt virausgesinn, eis drop virbereeden, awer net gelämt an erstarrt bleiwen, an eis weigeren, eis ze änneren...
Luxembourg Jungle: Den David Guetta seet, d'Zukunft vun der Musek léich an der KI. Grimes an Timbaland benotze KI an hirer Musek. An och de grousse Paul McCartney gräift op KI zréck fir d'Stëmm vum John Lennon ze isoléieren(*). Gesäis du däin Album als Deel vun dëser Beweegung?
Jeannot Scheer: Hubert, déi Fro ass ze schmeechelhaft! Ech géif mech ni mat deene Berümtheeten aus der Musekswelt vergläichen, an ech gehéieren sécherlech zu kenger Beweegung. Ech verwierklechen einfach en Dram. An ech verwierklechen en haut, am Joer 2025, well dat virun 30 Joer onméiglech war. Elo ass dat, wat mir gefeelt huet, verfügbar a machbar.
Wann s du mer wëlls eng Etikett oppechen, géif ech déi vun engem kuerzliewege Schrëftsteller akzeptéieren. Ech hu keng bléiend Fantasie fir laang Romaner ze schreiwen. Ech si fäeg fir kuerz Gedichter, an och hei hunn ech am léifsten Aphorismen, also ultra-kuerz Versen, déi dacks nëmmen op engem Wuertspill baséieren, wat zu engem Gedicht vu bescheidener Längt féiere kann, awer net muss.
Fir dir eng Freed ze maachen, Hubert, schléissen ech mat engem Zitat aus engem vun denge Liiblingsbicher of, dem Johannesevangelium. Wann s de mech verstoe wëlls, Hubert, denk drun, wat den Apostel um Ufank vu sengem Evangelium schreift: "Am Anfang war das Wort."
A bei mir ass dëst "Wuert" oft just e "Wuertspill".
(*) Museker, déi KI benotzen fir hir Lidder ze schreiwen:
Kommentar schreiben