Ech hunn 900 Joer laang de Mond gehalen
Wa vum Gréngewald rieds geet, ass den Haff ni wäit ewech. Dat war fréier esou, dat ass haut esou. A bei deem ganzen Hin-an-Hier, Verkaf a Réckkaf gouf een ni gefrot: ech. Luxembourg Jungle gëtt mir eng Stëmm. Endlech.

Déi meescht Bëscher sinn einfach nëmmen do, produzéieren hire Sauerstoff – an dat war et. Bei mir ass et anescht.
Ech sinn de Gréngewald. Ech hunn 900 Joer laang roueg nogelauschtert, wéi d’Mënschen iwwer mech diskutéiert hunn, mech verkaaft, zréckkaaft, mythologiséiert, gebotzt, poléiert, politesch instrumentaliséiert an heiansdo och einfach vergiess hunn.
Ech hu geduecht: "Looss se. Si ginn sech souwisou selwer op d'Nerven." Mee elo hunn ech gemierkt: Nee. Si gi MIR op d'Nerven. An ech hunn et laang genuch matgemaach.
1139 – De Schetzel: mäin éischte Squatter
Mäi éischte Locataire a Kaschtgänger war de Schetzel. En Eremit, deen haut op Instagram als "Plant-based Minimalist" géif betitelt ginn.
Hien huet vu Wuerzelen a Blieder gelieft: alles Bio, regional a saisonal, an alles ouni Zertifikat.
D'Leit sinn aus der ganzer Groussregioun komm, fir him Froen ze stellen. Ech hunn ëmmer geduecht: "Dir kënnt och mech froen, ech sinn méi al a méi erfueren."
Mee nee. D'Lëtzebuerger hunn en duerno souguer fir helleg erkläert. D'Lëtzebuerger si bekannt dofir, gären déck opzedroen. Well hei am Land ass näischt méi beléift wéi eng schéi Geschicht, déi näischt mat der Realitéit ze dinn huet.
Komesch Welt: Ee Mann, dee näischt besëtzt, gëtt veréiert. E Bësch, deen alles huet an alles gëtt, gëtt verkaaft. Ech hätt och gär e bësse manner Besëtz a méi Veréierung. Mee fir dat ze kréien, muss ee wahrscheinlech als éischt stierwen – an dat probéiere mer mol léiwer net.
1822 – De Wëllem I. a säi groussen Holz-Deal
1822 hunn se mech verkaaft wéi eng al Komoud um Floumaart. Fir d'hollännesch Marine. Ech, e Bësch, finanzéieren eng Krichsflott.
Ech hu mech gefrot: "Wéi vill Schëffer brauch een, fir mech ze vergiessen?"
Lëtzebuerg krut deemols näischt. Ech krut en neie Besëtzer, deen net emol wousst, wou ech ufänken a wou ech ophalen.
Ech si mer virkomm wéi eng schlecht Kaart am Monopoly: "Chance: Dir hutt e Bësch gewonnen. Dir wësst net, wat der domat maache sollt."
Ee Kinnek, eng Marine, keng Sue fir Lëtzebuerg. Merci, Wëllem.
1845 – De Wëllem II. a säi Bësch-Deal 2.0
E puer Joerzéngte méi spéit huet de Wëllem II. sech privat 679 Hektar vu mir ergaunert – wäit ënnert dem Präis. Ech si bradéiert ginn. "-70% op alles, och op d'Natur."
D'Leit haten Honger gelidden, mee de Kinnek hat Loscht op Bësch. Et muss ee Prioritéite setzen, sot ech mer.
Kuerz drop koum et zu Volleksopstänn géint d'Regierung an de Wëllem II. Ech war net iwwerrascht.
Zwee Kinneken, zwou Generatiounen, ee Muster: wann d'Kris ausser Kontroll geréit, gëtt net d'Vollek gerett, mee et gëtt e Bësch verkaaft. Ech si verkaaft ginn.
1934 – De Casino-Mythos
D’Leit hunn erzielt, de Prënz Felix hätt mech am Casino verspilt.
Ech soen iech: Wann hie mech verspille hätt, wier ech haut zu Monaco, géif an der Sonn leien a géif mech net mat der Lëtzebuerger Politik ronderëm schloen.
Mee nee. Ech sinn nach ëmmer hei.
A si spillen ëmmer nach mat mir, just net am Casino.
1985 – De Bommeleeër: Endlech e bëssen Action
1985 hunn se bei mir e Mast an d'Luucht gejot.
Ech duecht: "Endlech e bësse Spannung. Ech war scho bal agepennt."
D'Land rätselt nach ëmmer, wien de Bommeleeër war.
Ech weess et. Ech hunn e gesinn.
Mee ech sinn e Bësch, ech schwätzen net mat der Police.
Ech hunn aner Saachen ze dinn.
1997–2015 – D’Nordstrooss: 18 Joer fir 31 Kilometer
1997 huet d'Chamber decidéiert: "Mir bauen eng Strooss duerch de Gréngewald."
31 Kilometer. Een Drëttel dovunner duerch mech.
Ech hunn deemols geduecht: "Dat geet bestëmmt séier." Mee ech hat net mat der Vitesse vun de Lëtzebuerger Chantieren gerechent.
18 Joer méi spéit war dat lescht Stéck fäerdeg. Fir 31 Kilometer. Dat ass Schlekentempo.
367 Milliounen Euro huet d'Strooss vun der Stad bis op Miersch kascht. Dovunner 21 Milliounen fir Kompensatiounsmoossnamen: Wëldbrécken, Bësch-Bypasser, an aner Gimmiken, déi op de Fotoe gutt ausgesinn, soulaang kee freet, wat se bréngen.
Dat sinn 5 Prozent. Ech sinn e Bësch, kee Mathematiker, mee ech kann awer rechnen: 95 Prozent fir d'Strooss, 5 Prozent fir mech.
Merci fir d'Grimmelen. De Kuch war fir d’Strooss.
Bei der Aweiung stoung ee Mann mat der Schéier do: de Bausche Fränz, Mobilitéitsminister. Dee selwechte François Bausch, deen 20 Joer virdrun nach mat de Leit protestéiert hat, datt ech net duerchschnidde dierf ginn.
2015 huet hien dat selwer gemaach, wéi en d'Bändchen duerchschnidden huet. Ech hunn him zougeflüstert: "Fränz, du hues nawell schéi gedréit. Vun der Barrikad bei d'Bändchen — dat nennen ech Carrière maachen."

A rot emol, wien nieft him stoung, fir d’Bändchen ze halen? De Grand-Duc Henri. Natierlech. Et ass ewéi ee Fluch. Ëmmer wann et ëm mech geet, steet iergendee vum Haff mat der Schéier do. Ech weess net, ob se mech gär hunn oder ob ech just eng gutt Fotoskuliss sinn.
2025 – Grouss Botz géint d’Heescherten
D'Heescherten hunn bei mir gewunnt. Si hunn näischt zu Onwee gemaach a kee Knascht hannerlooss.
Ech war souguer frou, endlech Gesellschaft ze hunn, déi net mat Dossieren a Konventiounen op mech duerkënnt.
D'Flicen haten d'Heescherten aus der Stad verdriwwen. Du koumen se mat der bloer Luucht bei mech, an hunn se och vu mengem Areal verdriwwen.
Si géifen de "Besëtzer" informéieren, sot den Innenminister.
De Besëtzer? Also de Staat. Den Inneminister.
An anere Wierder: Den Innenminister huet den Innenminister ugeruff, fir den Innenminister ze froen, wat den Innenminister mat de Strummerten am Gréngewald gedenkt ze maachen.
Ech hunn nach ni esou vill Selbstgespréicher héieren wéi d'lescht Joer.
2026 – De Gui-Gui an d’Familljepolitik
An elo kënnt de Gui-Gui, frësch am Amt, nach gréng hannert den Oueren, a fuerdert ongenéiert: "Looss mech endlech mat menge Bëscher maachen, wat ech wëll."
Ech sinn e Bësch, kee Spa-Resort.
Hie wëllt a mech investéieren – Fräizäit, Sport, Therapie, Bildung. Dat kléngt alles nobel. Mee gläichzäiteg sollen d'Revenuen aus menger Bëschwirtschaft an eng privat Fondatioun fléissen. Sport fir d'Vollek. D'Sue fir d'Fondatioun. Mat där enger Hand ginn, mat där anerer huelen. Ech kennen dat Spill zënter 900 Joer.
An heiansdo froen ech mech, ob hien dat Vollekslidd iwwerhaapt kennt: "O wär ech dach am Gréngewald…"
Jo, dat wiere si gär. Mee nëmme wann ech gratis sinn, roueg sinn, an net am Wee stinn.
Béis Zonge behaapten nämlech, de Grand-Duc géif an Zukunft Entréesgeld froen, fir mech ze besichen a vum Fräizäit- a Sportsangebot ze profitéieren. Och dës Suen géife selbstverständlech a seng privat Fondatioun fléissen.
Hie wéilt mech a "Gréngewaldland®" ëmbenennen an hätt scho ganz konkret Pläng, hunn ech héieren.

D'Regierung huet – bis elo – ofgeleent. Ee Joer no der grousser Botz géint d'Heescherten, déi keng Plaz bei mir duerften hunn, well ech ee "Staatsbësch" wier, kënnt elo de Gui-Gui a fuerdert, datt de Staat sech aus menger Bewirtschaftung zréckzitt. 2025 war ech ze ëffentlech fir déi Äermst. 2026 sollen ech méi privat ginn – fir déi Superräich.
Vläicht sollt ee mol e Bësch froen, ob en iwwerhaapt nach een Herrscher wëllt. Mee dat hunn se mech an de leschten 900 Joer nach ni gefrot. Firwat sollten s'elo ufänken?
Ech sinn e Bësch. Ech hunn Zäit.
Ech sinn 900 Joer al, hunn en Hellegen, Kinneken, de Bommeleeër an Zelter gesinn, an ëmmer war ech just dat eent: e Bësch, deen do ass, wann d'Leit hir Geschichten brauchen. Ech hunn d'Mënschen ëmmer erdroen a si ni gefrot ginn.
Ech gi behaapt, verkaaft, gebotzt an zréckgefuerdert, poléiert, mythologiséiert a politesch dekoréiert.
Mee eng Saach sollten se all wëssen: ech vergiesse näischt. An ech ka waarden. Ech hunn Zäit. Vill méi Zäit wéi all déi, déi meng Zukunft plangen.
Bëschzeck
Versioun vun Dullemajik vum Lidd "O wär ech dach am Gréngewald".
Och interessant:






Kommentar schreiben