· 

300 Joer

Iwwreg bleift eng Stëbswollek

Haut gouf mat den Ofrappaarbechten vum denkmalgeschützte Bauerenhaff zu Äischer (Enscherange, Gemeng Kiischpelt) ugefaangen. Den 300 Joer alen Haff ass den 2. November 2025 zum groussen Deel an de Koup gefall, well de Proprietär, deen en 1989 kaaft huet, e vergammele gelooss huet. Dobei kéint dësen Haff esouvill erziele, wann e (nach) kéint.

Enscherange - En 300 Joer ale Bauerenhaff, deen ënner Denkmalschutz stoung, ass den 2. November 2025 gréisstendeels zesummegefall, well de Proprietär e vergammele gelooss huet. De 15. Dezember 2025 gouf mat den Ofrappaarbechten ugefaangen.
▲ Eng Spezialfirma gouf mat den Ofrappaarbechte beoptraagt.

Loosse mer déi lescht 300 Joer Revue passéieren:

𝟭𝟳𝟰𝟬-𝟭𝟳𝟰𝟴: Éisterräicheschen Ierffollegkrich – Zaldoten marschéiren duerch Europa

𝟭𝟳𝟱𝟲-𝟭𝟳𝟲𝟯: Siewejärege Krich – Baueren leiden ënnert de massiven Taxen

𝟭𝟳𝟳𝟬𝗲𝗿 𝗝𝗼𝗿𝗲𝗻: Hongersnout a Pouken – d’Leit kämpfen ëm hirt Iwwerliewen

𝟭𝟳𝟴𝟵: Franséisch Revolutioun – fir d'Baueren d'Enn vun der feudaler Ausbeutung

𝟭𝟳𝟵𝟱: de Grand-Duché verschwënnt vun der Kaart a gëtt den Département des Forêts

𝟭𝟴𝟬𝟰: Lëtzebuerg kritt e Code civil, och Code Napoléon genannt.

𝟭𝟴𝟭𝟱: Wiener Kongress – Lëtzebuerg gëtt Groussherzogtum

𝟭𝟴𝟯𝟵: Lëtztebuerg gëtt gedeelt – de franséischsproochegen Deel geet un d’Belsch

𝟭𝟴𝟰𝟴: Revolutiounen an Europa – liberal Reformen och zu Lëtzebuerg

𝟭𝟵𝟭𝟰-𝟭𝟵𝟭𝟴: Éischte Weltkrich – fir d'Baueren: Honger, Ausbeutung a militäresch Gewalt

𝟭𝟵𝟯𝟵-𝟭𝟵𝟰𝟱: Zweete Weltkrich – fir d'Baueren: Honger, Ausbeutung a militäresch Gewalt

𝟭𝟵𝟱𝟳: Réimesch Traitéen – Grënnung vun der EWG, der Europäescher Wirtschaftsgemeinschaft

𝟭𝟵𝟳𝟮: Stolkris – d’Landwirtschaft an d’Industrie verléieren u Gewiicht an Afloss

𝟭𝟵𝟴𝟵: De Bauerenhaff zu Äischer wiesselt de Besëtzer

𝟮𝟬𝟬𝟰: EU-Erweiterung – Fir d’Landwirtschaft net ëmmer einfach

𝟮𝟬𝟮𝟰: De Bauerenhaff zu Äischer gëtt vum Kulturminister ënner Denkmalschutz gestallt

𝟮. 𝗡𝗼𝘃𝗲𝗺𝗯𝗲𝗿 𝟮𝟬𝟮𝟱: E groussen Deel vum Bauerenhaff fällt an de Koup

𝟭𝟱. 𝗗𝗲𝘇𝗲𝗺𝗯𝗲𝗿 𝟮𝟬𝟮𝟱: Ofrappaarbechten vum Bauerenhaff hunn ugefaangen – iwwreg bleift eng Stëbswollek

Am Video hei ënnendrënner gesäit ee, wéi d'Ofrappaarbechten oflafen.


Och interessant:

Kommentar schreiben

Kommentare: 0