· 

Donnyland

E Land fir den Daddy

Et gëtt Momenter an der Geschicht, wou een net méi wees, ob ee laachen oder kräische soll. Dëst ass een dovunner. Bei de Friddensgespréicher iwwer den Ukrainkrich, wou Diplomaten normalerweis iwwer Grenzen, Sécherheetsgarantien a Waffestëllstänn schwätzen, ass ee Begrëff opgetaucht, deen am Gediechtnes hänkebleift: Donnyland.

Kee Wëtz. Keng Satir. Fakt. Realsatir pur.

Satiresch Fotomontage: Zelensky an Trump telefonéieren. Spriechblos Zelensky: "Mir nennen den Donbass a Donnyland ëm!" Spriechblos Trump: "Ze kleng! Ruff mech zréck, wann en d'Gréisst vun Texas huet." Slogan ënnen: "Donnyland — Deal geplatzt."
▲ Den Zelensky proposéiert, den Trump ass net iwwerzeegt: "Ze kleng — ruff mech zréck, wann en d'Gréisst vun Texas huet."

Fir dem US-President Trump ze schmeechelen, huet d'Ukrain proposéiert, den Donbass-Deel, dee nach vun der ukrainescher Arméi gehale gëtt –ongeféier 80 Kilometer laang, 65 Kilometer breet, voller Ruinen, eidele Stied an Industrieanlagen aus der Sowjetzäit – nom amerikanesche President Donald Trump ëmzebenennen. "Donnyland". Wéi Disneyland, nëmme mat méi Donald an Artillerie a manner Micky Maus.

Eis Kolleegen vun der New York Times a vum Spiegel hunn doriwwer bericht.

Dem Zelensky säin Zil war kloer: Den Trump sollt op d'Säit vun der Ukrain gezu ginn, de Putin ënner Drock setzen, a – wa méiglech – och de Portmonni opmaachen.

Den Trump, dee Mann, dee schonn en etlech Gebäier no sech benannt huet (Trump Tower, Trump Hotel, Trump Golf Links, Trump Grill, Trump Steaks, Trump University), sollt mat engem ganzen Territoire geködert ginn.

Den Trump huet awer, zur grousser Enttäuschung vun der Ukrain, net ugebass. En Territoire mat Industrieschaarschtecher, ouni Boutiquen an ouni Bléck op den Hudson River – nee merci!

Et war de Versuch, engem Mann ze schmeechelen, dee säi Numm iwwerall agemeesselt huet. Polen hat dat 2018 och probéiert, wéi et eng Militärbasis "Fort Trump" nenne wollt. Armenien an Aserbaidschan hu bei der Ënnerschrëft vum Friddensvertrag am Wäissen Haus eng Handelsstreck "Trump Corridor" genannt.

D'Welt weess, wéi een sech dëse President waarmhält.

Mee Donnyland? Den Trump huet de Köder net geschléckt.

Firwat? Béis Zonge behaapten, den Territoire wier einfach ze kleng. Den Trump Tower, mat sengen 58 Stäck, steet zu New York. Den Trump Hotel zu Washington. De geplangte 76 Meter héijen Arc de Triomphe zu sengen Éiren gëtt an den US-Medien schonn "Arc de Trump" genannt. Kee Verglach mat enger verloossener, knaschteger, veraarmter Kueleregioun ouni Golfterrain an ouni Aussicht op e lukrativen Deal aus dem Verkaf vu Penthouse-Wunnengen. Dat ass ënner dem Daddy senger Würd.

E Spriecher vun der US-Regierung, deen anonym bleiwe wollt, sot Luxembourg Jungle géinteniwwer, den Iran wär méi interessant gewiescht. Méi e groussen Terrain. De President hätt och léiwer schwaarzt Gold wéi schwaarz Kuelen.

Den Deal ass also geplatzt. "Donnyland" gehéiert der Vergaangenheet un. Mee keng Angscht: Deen nächste Verhandler huet sécher schonn déi nächst Iddi parat: "Trumpistan" oder "Mar-a-Donbass".



View on Mastodon

Donnyland? Jo, dat gëtt et wierklech. Kee Witz. Keng Satir. Just Realsatir, wéi se dës verréckte Welt schreift. 👉Satir op luxembourgjungle.lu liesen. #realsatir #satir #AbsurdReality #luxembourgjungle #politik

[image or embed]

— Luxembourg Jungle (@luxembourg-jungle.bsky.social) 26 avril 2026 à 15:08

Kommentar schreiben

Kommentare: 0