· 

Déi grouss Holzkuelen-Illusioun

“RestaurantsQualitéit”

Et ass Summer. Et ass Grillsaison. A loosse mer éierlech sinn: "Een, dee näischt vum Grill ësst, gehéiert net zu der Gesellschaft!"

Ech wollt just ganz normal Holzkuele kafen. Kee Luxusproduit, keen exquisit Gourmet-Brennmaterial, einfach nëmmen hondsgewéinlech Kuelen, déi Feier maachen. Ma scho wéi ech an de Supermarché erakoum, war mer kloer: D'Konsumwelt mécht engem et haut net méi sou einfach.

Wéi eng Festungsmauer sinn d'Tuten viru mer opgetiermt, an all eenzel hat déi villverspriechend Etikett: "Restaurantsqualitéit". Wéi wann ech e Stäre-Kach a mengem Gaart engagéiert hätt. Verzweifelt hunn ech no deene gudden ale Kuele fir den Hausgebrauch gesicht - mee déi schéngen ausgestuerwen ze sinn. Ech hu mech gefrot: Wat mécht dës Holzkuel besser wéi déi vu menge Grousselteren? Gëtt se éiere feierlech vun engem Grill-Sommelier erausgesicht - wéi e Bordeaux? Oder ass se d'Affer vun der Marketingpoesie, déi souguer verbranntent Holz a Kategorien andeelt?

Wann dës Kuelen "Restaurantqualitéit" sinn - wat ass da mam Rescht? Sinn déi just "Campingqualitéit"? "Hannerhaffqualitéit"? Wee wëll scho mat sténknormale Pöbel-Holzkuele grillen? Nee merci. Mam Premium-Brennmaterial schmaacht souguer eng ugebrannte Wurscht no Haute Cuisine. E Wonner vun der Chimie! D'Gegrills verbrennt net besser – mee mat Stil.

Ma vu wat fir engem Restaurant schwätze mer iwwerhaaptr? De Gourmet-Tempel, wou de Rëndsfilet 75 Euro kascht? Oder de Fast-Food-Restaurant an der Industriezon? "Restaurantsqualitéit" ka villes bedeiten. Se nennen sech dach all "Restaurant".

Zënter Generatiounen gëlt d'Meenung, datt nëmme Fleesch derwäert ass op de Grill geluecht ze ginn. Awer Holzkuele mat Restaurantsqualitéit verspriechen, datt souguer eng einfach Courgette schmaacht, wéi wann se an enger Stärekichen gegrillt géife ginn. Braucht eng Paprika e Kuelenzertifikat? A kréien Auberginen elo Michelins-Stär?

Wärend d'Reklammeprofien esou Froen ignoréieren, schéngt sech eppes erauszeschielen: Jiddereen, dee mat Kuelen aus dem Discounter grillt, riskéiert kulinaresch an den Abseits ze geroden. D'Grill-Elite ass sech nämlech eens: "Et sinn d'Kuelen, déi zielen, net d'Fleesch!"

Ee Bild ass warscheinlech jidderengem bekannt: Den High-Tech-Grill trount am Gaart wéi d'Perfektioun vun der Ingenieurskonscht. Niewendrun de Grillmeeschter am Designer-Schiertech, deen op "Restaurantskuele" schwiert. An dann... d'Enttäuschung: En ondefinéierbart Stéck Fleesch aus der XXL-Reklamm lant um Grill. 35 Euro fir d'Kuelen, 1,99 fir de Pouletsfilet. Vläicht ass d'Premium-Kuel just e verzweifelte Versuch, dem Fleesch awer nach en Hauch vu Würd ze ginn.

D'Metzlerei ka kaum mathalen, während de Bio-Buttek niewendrun eidel ass. D'Paprika huet et schwéier fir géint eng 3-Kilo-Côte-à-l'os unzekommen. Ma dat wierklecht Drama spillt sech nom Grillowend of: Een Drëttel vum Gegrills lant am Drecksbac. Ee Gléck gëtt et d'"Antigaspi"-Campagne vum Landwirtschaftsministère.

Niewebäi bemierkt: Wärend d'Holzkuelen heizuland mat prestigiéise Labelen opgepeppt ginn, feelt et an anere Länner un de Liewensmëttel selwer. Awer keng Angscht: zumindest hu mir Etüden, déi beweisen, datt en exzessive Fleeschkonsum zu Zivilisatiounskrankheete féiert. E reegelrechte Fortschrëtt!

Ee Gléck, datt ech Vegetarier sinn. Vläicht kënnt déi ganz Leeschtung vun dëse Restaurantsholzkuelen nëmme bei Geméisspiessen zum Virschäin. Ech hunn de Sak Kuelen awer matgeholl. Ob ech wollt oder net, d'Konsumgesellschaft huet mech mat der "Restaurantsqualitéit" iwwerrumpelt.

Déi nächst Etapp vun der Marketin-Connerie? Firwat bei den Holzkuelen ophalen? Mir brauchen och Ketchup a Restaurantsqualitéit, Restaurantszerwéiten, Restaurantsdrecksäck, Restaurantsgrillzaang, an natierlech och eng Restaurantsluucht – fir de perfekte Post op Instagram. Eréischt dann ass de Grillowend perfekt!

Kommentar schreiben

Kommentare: 0