· 

De grousse Pestizide-Bluff

Wat d’Statistik iwwer Lëtzebuerg verstoppt

D’EU huet bekanntlech Reegele fir alles: d’Krëmmung vun de Kornischongen, d’Mindestlängt vun de Banannen, an d’Pizza Napoletana, déi net méi wéi 35 cm Duerchmiesser an net méi wéi 0,4 cm déck däerf sinn. Mee wéi vill Pestiziden op Uebst a Geméis sprëtzt däerfe ginn? Do seet Bréissel: “Maacht wéi der Loscht hutt.“

Dat gesäit een op enger Grafik, déi grad op de soziale Medien zirkuléiert: Malta 12,74 kg/ha. Holland 6,95. Zypern 6,5. An dann, zimmlech zum Schluss, mat engem bescheidenen 1,85: Lëtzebuerg.

D’Land steet statistesch propper do, well statistesch bal näischt do ass, wat ka gesprëtzt ginn.

Eng Kou op enger grénger Wiss mat der Spriechblos "Mech erfaassen se mat." Titel: "De grousse Pestizide-Bluff", Illustratioun zu enger Satir iwwer Pestizide-Statistiken zu Lëtzebuerg.
▲ Malta sprëtzt 12,74 kg/ha, Lëtzebuerg just 1,85. Mee kléngt dat wierklech no Bio, oder just no wéineg Geméisfelder?

D’Musterschüler‑Legend

EU‑Duerchschnëtt: 2,67 kg/ Pestiziden pro Hektar. Dat kléngt gutt, bis ee mierkt: wa Malta bei 12,74 kg/ha läit an Estland bei 0,99, dann ass "Duerchschnëtt" näischt anescht wéi "iergendeppes tëscht Chimiesschleider a Bio-Kräidergaart".

D'Zuele stame vun der FAO, der Food and Agriculture Organization vun der UNO — also där Organisatioun, déi weltwäit d’Landwirtschaft iwwerbléckt, mee bei Lëtzebuerg haaptsächlech Wisen a Weiden mat Kéi dra gesäit. D'FAO rechent Pestiziden op déi ganz landwirtschaftlech Fläch, egal ob Kou oder Kabes drasteet. Alles lant am selwechten Dëppen.

Wéi erkläert sech dann déi Diskrepanz, wou d'EU dach eng gemeinsam Landwirtschaftspolitik huet? Ganz einfach: et gëtt kee gemeinsame Limit, kee gemeinsame Maximum, an scho guer kee Mindestverbrauch. Et gëtt just Formulairen. A wou keng Zuel steet, do kann een all Zuel drasetzen.

Nei EU-Direktiv: Pestiziden ginn obligatoresch

Mee keng Angscht, dat ännert sech. Bréissel wäert dat vum Januar 2027 un an d'Rei bréngen. Eng nei EU-Direktiv plangt eng Mindestpestizidequantitéit fir d'Planungssécherheet vun der Chimiesindustrie ze garantéieren. All Land, dat op mannst 5 kg/ha sprëtzt, kritt seng Agrar-Subventiounen. Ënner 5 kg gëtt et e "bloe Bréif". Ënner 3 kg: d'Bio‑Blacklist. D'Kommissioun erkläert dat esou:

"Wien sou wéineg sprëtzt, dee produzéiert näischt Richteges."

Lëtzebuerg mat sengen 1,85 kg Pestiziden pro Hektar wier also e "mauvais élève". Oder e Musterschüler — jee nodeem, wien ee freet.

Ma wien ass eigentlech Schold un deem ganze Statistik-Gewulls? Mol eng Kéier net d'Lëtzebuerger Regierung – déi rechent net, si gëtt just bewäert. D'Method kënnt vu Bréissel, vun enger EU-Bürokratie, déi et fäerdegbréngt, Kou a Kabes an eng eenzeg Zuel ze dretschen.

An zoufälleg sëtzt un der Spëtzt vun där Bürokratie e Lëtzebuerger: de Christophe Hansen, zanter Dezember 2024 EU-Kommissär fir Landwirtschaft an Ernährung – selwer Bauer, aus dem Norde vum Land. An, Iwwerraschung: de Cousin vun der Martine Hansen, eiser Landwirtschaftsministesch, déi de Plan d'action presentéiert huet. Zwee Hansen, zwee Posten, eng Famill, déi d'Lëtzebuerger Landwirtschaftspolitik op zwee Niveauen kontrolléiert – vu Bréissel bis an d'Stad. Praktesch, oder?

D’Rechnung, déi alles entlarvt

D'FAO rechent de Pestizideverbrauch op déi ganz landwirtschaftlech Fläch: also déi 132.000 ha zu Lëtzebuerg. Dorënner falen da, laut offizielle Regierungszuelen, och déi ronn 2000 Hektar, op deene Geméis, Uebst, Wäibau, Chrëschtbeemercher ugebaut an aner Dauerkulture bedriwwe ginn. Am Kloertext: just 1,5% Prozent vun der landwirtschaftlecher Fläch (déi 2.000 ha) kënnen theoretesch mat Pestiziden a Kontakt kommen.

Dat ergëtt da folgend Rechnung:

D’FAO‑Statistik: 1,85 kg/ha × 132.000 ha = 244.200 kg Pestiziden.

Verdeelt op déi sprëtzbar Fläch:

244.200 ÷ 2.000 ha = 122,1 kg/ha

Resultat: ≈ 122 kg Pestiziden pro Hektar.

Genuch, fir d'Musterschüler‑Legend a Fro ze stellen.

Dat huet net méi vill mat Landwirtschaft ze dinn. Dat ass eng landwirtschaftlech Gëftstoff-Operatioun.

Iwwerrascht dat? Op Luxembourg Jungle konnt een am Februar liesen, datt d'ASTA an hire Coursen léiert:

"En Apel muss 12 bis 15 mol pro Saison gesprëtzt ginn."

An enger europäescher Etüd goufen an 93 % vun de Lëtzebuerger Äppel Pestizidréckstänn fonnt. Domools gouf berouegt, relativéiert, an de Mouvement écologique als Angscht- a Panikmaacher duergestallt.

Mat der 122/ha-Rechnung kritt dat Bild eng nei Dimensioun: Vläicht war et net just en Äppelproblem. Vläicht war et déi ganz Logik hannert der Musterschüler-Legend.

Statistesch gesinn, steet Lëtzebuerg just nëmme gutt do, well et bal näischt uplanzt. Net well et nohalteg ass, mee well et net genuch ze sprëtzen gëtt.

An eis Regierung huet och e Plang.

▲ Post vun "Toute l'Europe" vum 22. Juli 2026 op Facebook.

De Plang, deen alles seet, ausser wat wichteg ass

De 27. Mäerz 2026 huet de Regierungsrot de "Plan d’action national pour un système alimentaire durable 2026–2030" ugeholl. Presentéiert vun der Landwirtschaftsministesch Martine Hansen — jo, déi selwecht, déi beim Auto-Rallye Housen als Co-Pilotin duerch de Naturpark Our gerannt ass.

De Plang huet véier Axen, véier Hiewelen, eng "quarantaine de mesures", Fiches pratiques, eng “démarche participative”, eng “cohérence globale”, an eng PAN‑BIO‑Synergie.

Wat en net huet: Eng Zuel.

Kee Selbstversorgungs-Taux.

Keen Zil fir Geméis‑ oder Uebstubau.

Kee Prozent, keen Hektar, kee Liichtbléck.

Et ass wéi wann een e Kachrezept schreift, dat d'Zutaten oplëscht (Sondage, Benchmark, Consultatioun, Concertatioun), d'Preparatiounszäit definéiert ("court terme, moyen terme, long terme"), mee d'Mengenangab vun der Haaptzutat einfach ewechléisst.

Wat bleift, ass e Plang, deen driwwer schwätzt, wéi ee schwätze soll.

Wéi d’Statistik d’Wourecht verstoppt

1,85 kg/ha ass dat, wat d'FAO‑Statistik ausseet. Si seet näischt iwwer Nohaltegkeet, näischt iwwer Bio, näischt iwwer d'Landwirtschaftspolitik. Si seet just: Lëtzebuerg huet 132.000 ha Wise, Weeden a Fudderproduktioun. An op deenen 2000 ha, wou wierklech Geméis an Uebst wiisst, weess keen, wéivill wierklech gesprëtzt gëtt.

Genee dowéinst wier et interessant, wa Lëtzebuerg méi eegen Uebst a Geméis géif produzéieren. Da géif eng Zuel, déi haut nëmme wéinst engem flagrante Mangel gutt ausgesäit, op eemol un hirem richtege Wäert gemooss ginn.

Vläicht ass dat och de Grond, firwat de Plang d'action sech léiwer mat Axen, Hiewelen a Fiches pratiques beschäftegt wéi mat engem Zil: Eng konkret Zuel géif eppes opdecken, wat der Musterschüler‑Legend net gutt géif doen.

Bis dohinner bleift eis dat, wat mir am beschte kënnen: eng schéi Statistik feieren, an hoffen, datt keen nofreet, wéivill Agrarprodukter dovunner iwwerhaapt aus Lëtzebuerg kommen.

Herbie Zid

Kommentar schreiben

Kommentare: 0