Bluttroude Lack op hellegem Steen
Klierf, 1899. En Denkmal gëtt opgeriicht fir un de "gloriéise" Moment ze erënneren, wéi 1798 ronn 2000 Bauere mat Mëschtegreefer, Séisselen a Knëppele lassgezu sinn, fir d’franséisch Revolutiounsuerdnung ze stierzen an déi alvertraute reliéis Uerdnung nees op de Sockel ze hiewen. De "Klëppelkrich" war gebuer – an ass no knapp zéng Kilometer zu Housen gestoppt ginn. E Feldzuch mat spiritueller Ambitioun, mee mat logistesche Limitten.
Uewen um Denkmal: “Christus vincit“, frësch gepinselt – a bluttrouder Faarf, wéi wann d’Kierch net just spirituell, mee och visuell d’Schluecht géif gewannen.
Ënnen: e Bibelzitat, dat den Doud am Kampf als hellegt Affer verherrlecht. Och dat – natierlech – a bluttrouder Faarf. D’Symbolik? Explizit. D’Botschaft? Explosiv.
Eng Lieserin schreift eis: “Passend zum Zäitgeescht – Krich, Gemetzels an Exklusioun.“ Luxembourg Jungle seet: Denkmalfleeg mat Pinsel a Pathos. Firwat net direkt nach eng Guillotine als Sockel?
Mee d’Fro bleift: Wee gewënnt hei eigentlech? De Christus, deen ni eng bluddeg Schluecht gefouert huet? D’Denkmalmoler, déi mam Pinsel d’Geschicht nei interpretéieren? Oder d’Iddi, datt ee mat Knëppele géint d’Neizäit virgoe kann – an dofir dann e Monument kritt?
A genee hei gëtt et eng frappant Parallell mat haut:
- 1798 war et de Kampf géint d’Revolutioun a Verännerung. Haut hunn d’Feindbiller sech geännert – de Knëppel ass bliwwen.
- Deemools war et d’kathoulesch Kierch, déi d’Feindbild definéiert huet – haut sinn et Think Tanks, Politiker an Rüstungslobbyisten.
- De Feind huet ëmmer en Numm: Russland, China, Islam, Judden, Migranten, Net-Gleeweger – oder einfach: déi Aner.
D’Glorifizéiererung vum Doud, déi sech als Denkmal verkleed – mat rouder Faarf a biblesche Versen.
De Message ass kloer: “Resilienz“, “Kriegstüchtigkeet“, “Verloschter akzeptéieren“ – et kléngt wéi eng modern Versioun vum Makkabäer-Vers ënnen um Sockel.
Ma ween d‘Makkabäer zitéiert, soll net vergiessen, dass den Held um Enn gestuerwen ass. Awer vläicht ass dat jo grad d’Pointe: D’Helden, déi verléieren, kréien e Sockel. D’Gewënner schreiwen den Text fir d’granitte Plack.

D’Schluecht vun de Makkabäer bei Elasa war bluddeg. De Klëppelkrich och. Zu Klierf steet elo e Monument, dat méi Faarf huet wéi Geschichtsverständnis, an dat eis haut nees vermëttelt, dass mir ideologesch mam Knëppel duerch d’Welt lafen sollen, op der Sich no engem neien “Ennemi“.
Méi Informatiounen iwwert de Klëppelkrich fënnt een iwwert dës Linken op der Websäit vun der Uni Lëtzebuerg:
●https://orbilu.uni.lu/bitstream/10993/50203/1/20220205_Falsification_ADR_Kleppelkrich.pdf
Kommentar schreiben