Klierf, 1899. En Denkmal gëtt opgeriicht fir un de gloriéise Moment ze erënneren, wéi 1798 ronn 2000 Bauere mat Mëschtegreefer, Séisselen a Knëppele lassgezu sinn, fir d’franséisch Revolutiounsuerdnung ze stierzen an déi alvertraute reliéis Uerdnung nees op de Sockel ze hiewen. De "Klëppelkrich" war gebuer – an ass no knapp zéng Kilometer zu Housen gestoppt ginn. E Feldzuch mat spiritueller Ambitioun, mee mat logistesche Limitten.
Wéi déi Klierfer Gemengeverantwortlech 2019 den Awunner hire "Masterplan Innenstadt" virgestallt hunn, hätt kee geduecht, wéi schéin dat eng Kéier géif ginn. D'Resultat léisst sech weisen.