Wéi d’Regierung Lëtzebuerg wirtschaftlech nei opstellt
Zu Lëtzebuerg ginn d'Milliounären ëmmer heefeg, d'Milliardären ëmmer méi räich, an de Staatsbudget ëmmer méi ambitiéis. An heiansdo, ganz heiansdo, kënnt eng Léisung, déi esou absurd ass, datt se scho grotesk wierkt: eng eenzeg Ierfschaft vu méi wéi 800 Milliounen Euro, dovun 400 Milliounen un de Staat. D'Tripartite war domat bezuelt. Net duerch nei kollektiv Steieren, mee duerch d'Ierfschaftssteier vun enger eenzeger Persoun.

Als Erënnerung: den offiziellen Narrativ vun der Tripartite war "mir zéien alleguer un engem Strang" an "zesummen". D'Regierung, d'Gewerkschaften, d'Patronat, d'Bierger: jiddereen hätt säin Deel bäigedroen, sou dem Premier seng Versioun. Kollektiv Ustrengung, gemeinsam Verantwortung, Solidaritéit.
D'Wourecht gesäit e bëssen anescht aus: net d'Allgemengheet huet bezuelt, mee eng eenzeg Persoun. Net mat Solidaritéit, mee mam Doud. Net duerch politesch Entscheedungen, mee duerch e Choix, deen näischt mat der Politik ze dinn hat, de Choix, ouni Ierwen ze stierwen.
Sou gesäit se also aus, déi vill geluefte "gemeinsam Ustrengung": e Mann oder eng Fra, déi mir net kennen, an déi net emol wousst, datt hir Ierfschaft eng Regierungspolitik géing retten.
Wee bezilt wierklech?
Lëtzebuerg ass dat Land, wou d'Zuelen heiansdo méi kabarettistesch sinn wéi de Cabaret selwer. Mir hu 47.000 Millionären, 280 Milliardären an e Privatverméigen, dat mat 24,6 Milliarden Dollar bal esou héich ass wéi d'Recetten vum Staatsbudget 2026. Déi Zuelen erginn d'Bild vun engem Land, dat sech mat engem diskreten Schmunzelen duerch seng eegen Absurditéiten beweegt.
An an deem Kontext trëtt eng Figur op, déi keen erwaart hat: den anonymen Doudegen, deen eng Ierfschaft hannerléisst, déi d'Tripartite-Mesure finanzéiert. Eng eenzeg Persoun, déi esou vill Verméigen hat, datt d'Ierfschaftssteier eleng 400 Milliounen ausmécht. Heiansdo mécht d'Realitéit sech selwer sou bequem an der Grotesk, datt een net méi weess, wou d'Politik ophält an d'Farce ufänkt.
D’Claire Zachanassian vu Güllen
Bei dëser Story denkt een natierlech direkt um Dürrenmatt säin Theaterstéck "Der Besuch der alten Dame", dat d'Geschicht vun der Milliardärin Claire Zachanassian erzielt, déi zréck an hir veraarmten Heemechtsstad Güllen kënnt. Si bitt dem Buergermeeschter eng Milliard, wann d'Bierger hire fréieren Amant doutmaachen. Obwuel de Buergermeeschter d'Offer ofgeleent huet, hunn d'Leit ugefaangen, deier Saachen op Puff ze kafen. Si hunn sech d'Dot moralesch schéigeried an de fréieren Amant ëmbruecht. D'Stad huet duerno d'Geld kritt. Am Dürrenmatt senger Tragi-comédie ginn d'Muecht vum Geld an d'Keeflechkeet vun der Moral thematiséiert.
Ma si mer éierlech: Güllen a Lëtzebuerg ticken änlech, gell? Hei gëtt et just nach Crémant dobäi.
D'Regierung nennt d'Ierfschaft "eng positiv Nouvelle". D'Oppositioun warnt, datt een net op esou Recetten ziele soll. Den FMI seet, d'Finanzen kéinten an Zukunft problematesch ginn. An d'Land selwer? Et mécht dat, wat Lëtzebuerg ëmmer mécht: et bleift roueg, dréit de Kapp liicht schief, an denkt: "Jo, dat geet schonn."
Mee wann eng eenzeg Ierfschaft d'Tripartite finanzéiert, stellen sech natierlech direkt e puer aner Froen: Wéi finanzéiere mer déi nächst Mesuren? Zum Beispill géint Hëtzt an de Schoulen. Géint Hëtzt an den Altersheimer.
D'EU-Kommissioun warnt virun engem demographesche Schock. Zu Lëtzebuerg kéint een dat och esou liesen: de richtege Schock kënnt net vun der Alterung selwer, mee vun der nächster grousser Ierfschaft, déi ausbleiwe kéint. Wat méi al Millionären am Land wunnen, wat de Finanzminister méi roueg schléift, well iergendwann vun der nächster Ierfschaft déi nächst Rechnung bezuelt gëtt.
D'Regierung entdeckt hire neie Wirtschaftspilier
Béis Zonge behaapten, d'Regierung wéilt een neie Wirtschaftspilier opbauen: Eng Industrie, déi et nach net am Cluster-Katalog gëtt. Eng Industrie, déi natierlech, nohalteg an absolut budgetfrëndlech ass: d'Industrie vun de räichen ale Knackeren.
Stellt iech se vir:
Senior Attraction Program – Kommt op Lëtzebuerg wunnen, bleift laang, a loosst eis net am Stach.
Eng Campagne an duusse Pastelltéin, engem iwwerfrëndleche Concierge, an engem Slogan, deen direkt aus enger CSV-Broschür stame kéint: "Fir eng stabil Zukunft: Är Liewenserwaardung ass eis Prioritéit."
De Wirtschaftsministère kéint dat als neie Secteur definéieren: "Ierfschaftsbaséiert Budgetoptimiséierung."
De Finanzministère géif et "eng zousätzlech Recette mat héijer natierlecher Volatilitéit" nennen.
An de Premier géif berouegt an d'Kamera schmunzelen a soen: "Mir sinn zefridden."
De Cabaret fänkt awer eréischt un, wann een d'Logik weiderspënnt. Wat kéint nach alles duerch zukünfteg Ierfschafte finanzéiert ginn?
D'Klimatiséierung an de Schoulen? Mir waarden op ee gudde Summer — am beschte mat engem Immobiliebesëtzer ouni Ierwen.
D'Verlängerung vum Tram? D'Streck gëtt bis op Miersch ausgebaut, soubal iergendeen mat enger Villa um Belair stierft.
D'Spideeler? Mir investéieren an d'Gesondheetswiesen, soubal een aus der privater Findelklinik net méi erauskënnt.
Logement? Nei Wunnengsprogrammer? Mir waarden op een, deen eng gutt Pensioun hat, mee keng Kanner.
Et ass eng Logik, déi sech selwer schreift. Eng Logik, déi sou absurd ass, datt se bal realistesch kléngt. Eng Logik, déi den Dürrenmatt géif mat engem klenge Schmunzelen notéieren an a seng ëmgeschriwwe Versioun vum "Besuch der alten Dame" abannen.
D'Zukunft vum Budget? Ganz einfach: Mir brauche just Gedold. A genuch Milliardären. Avis aux amateurs!
d'Claire vu Güllen



Kommentar schreiben