· 

#Satir | D'Pëppi gëtt den Toun un

Wa konservativ Wäerter an d'Wanke kommen

Ech komme mer es nach ëmmer net zou! An ech sinn net deen eenzegen. E Samschdeg den Owend ware mir eis alleguer eens, an eisem Stammlokal, dem "Rietsen Eck", wou mer eis zesumme de Luxembourg Song Contest beim Patt ugekuckt. Ma do geet et dach schon un: LSC – Luxembourg Song Contest! Firwat net einfach Lëtzebuerger Liddergewënnspill? 

An lo sangen déi och nach Franséisch! A firwat heescht et op eemol “Eurovision Song Contest”? Fréier hu mer dee Lidderzirkus ‘Grand-Prix Eurovision de la Chanson’ genannt, awer haut fannen se just nach englesch a franséisch Wierder. Wat hunn déi géint anstännegt Lëtzebuergesch?

Hutt Dir héieren, wat d’Gewënnerin gesot huet? Nee? Ech hu mer et opgeschriwwen: "Ech hunn et immens gär, op Franséisch ze sangen. Ech mengen, dass vill Leit franséisch Lidder an d'Sprooch gär hunn." Déi wollt mech provozéieren, mee ech loosse mech net esou liicht aus der Rou bréngen. Dunn huet se och nach houfreg matgedeelt, hiert Lidd wär vun zwee Fransouse geschriwwe ginn. Flatsch! Wéi wa mir net scho genuch Problemer zu Lëtzebuerg hätten! Hu mir keng Musikanten a Pabeiersfritzen zu Lëtzebuerg? Déi hätte bestëmmt e schéint Lidd op Lëtzebuergesch geschriwwen. Awer neen, mir rennen a Frankräich!

An dann: Hutt Dir iech deen Text schonn ugelauschtert? "La poupée monte le son" - d'Pëppi hieft den Toun. A wat ass déi nächst Stuf? Richteg, da wëllt d'Pëppi an hir Emanzen den Toun uginn. Fréier hunn d’Fraen nach Anstand gewisen a wossten, winni se roueg sollte sinn.

Retourne chez maman, vaut mieux qu'tu capitules . Ou sinon c'est moi qui te désarticule.” Also, wann der mech frot: dat ass respektlos géintiwer vun eis Männer an en Opruff zur Gewalt.

Retiens bien la leçon, na na na na na na.” Wéi wa mir vun der Pëppi eppes léiere kéinten. 

Je n'suis pas comme ça, j'ai besoin d'oxygène. Un nouveau monde m’appelle.” Sauerstoff? Aha, d’Pëppi brauch lo Sauerstoff fir z’otmen. Fréier ass et dach och ouni gaangen. Eng nei Welt? Ass déi al net gutt genuch?

Wou si mir hikomm?! Wat huet dee ganze Feminismus an engem Schlagerwettbewerb ze sichen? Wann dat esou weidergeet, marschéieren geschwë franséisch Pëppien an eise “Rietsen Eck” a verbidden eis de Béier um Stammdësch. Fir mech gehéieren d'Fraen hannert d'Kachdëppen - awer net an de Fernseh.

Dat Schlëmmst awer war dat Conchita Wurst als Moderatorin! Alt nees eng Drag Queen! Déi éisterräichesch Fassung vun der 'Tata Tom'. Et geet anscheinend net duer, datt se an d'Schoule ginn, nee, lo mussen se och nach iwwert de Bildschirm an d'Stuff vun all Lëtzebuerger Haushalt bruecht ginn. Do sëtzen dach och Kanner! Wat sollen déi denken? Wat ass aus de gudden alen Zäite ginn, wéi Männer nach Männer a Fraen nach Frae waren? Dobei huet et dach geheescht, Woke-Kultur wär um Enn. An dann dat do! Ech erënnere mech un d’Zäite vun de laanghäerege Spënner a Blummekanner – deemols wousst een och net ob een e Jong oder e Meedche vru sech hat. Déi Hippie-Freaken hunn et virgemaach, an haut maachen d’Woken et hinnen no. Ech soen iech: dat do ass den Ënnergang! D’Wokeness huet gewonnen.

Ee Gléck hu mer d'ADR, déi sech géint dëse ganze Blödsinn wiert a fir eis lëtzebuerger Wäerter antrëtt! D'ADR wäert hoffentlich dozou e puer parlamentaresch Froe stellen oder vläicht sougar eng Interpellation an der Chamber machen oder vläicht sougar de Groussherzog aschalten. Ah nee, dee wunnt jo a senger Vakanzewunneng am mondänen franséische Biarritz a kënnt nëmmen nach heinando heem op Lëtzebuerg fir de Schnéi ze schëppen oder sech a senger Uniform ze weisen.

Awer keng Suerg, meng léif Stammdëschbridder, soulaang mir eis hei am „Rietsen Eck“ treffen an iwwert d'Welt vu gëschter dreemen kënnen, ass déi gutt al Zäit nach ëmmer lieweg. Prost op d’Zäit, wou d’Welt nach an der Rei war, d’Fraen nach hannert dem Kachdëppe stoungen an net mam Micro an der Hand iwwert d’Bün gespronge sinn!

Kommentar schreiben

Kommentare: 0