Gréiwemaacher: Naturschutz ? Nee merci !
Zu Gréiwemaacher spillt sech e spektakulärt Naturphänomen of: E Bësch, dee sou gutt geschützt ass, datt en op kee Fall däerf nach méi geschützt ginn.
De Serge Wilmes, deen als CSV-Ëmweltminister bis elo virun allem duerch eng impressionant Sammlung vu verpasste Geleeënheeten opgefall ass, hat sech geduecht: "Ech maachen elo mol eppes fir d’Natur. A setzen de Maacher Bësch ënner Naturschutz."
Ma d'Äntwert vu sénger Parteikolleegen a Buergermeeschtesch vu Gréiwemaacher, Monique Hermes, huet net laang op sech waarde gelooss: "De Bësch ass genuch geschützt!"
Fir sécher ze goen, datt de Schutz net awer nach zur hënneschter Dier eraschläicht, huet de Gemengerot en Affekot engagéiert. Net fir d'Natur ze verdeedegen — nee, fir se virum Minister ze schützen.
An dat an engem Land, dat 170 Hektar Bësch pro Joer verléiert — proportionell ee vun deene schlëmmste Wäerter an Europa. Mee zu Gréiwemaacher huet een eng aner Approche: "Mir schützen eise Bësch, andeems mir verhënneren, datt e geschützt gëtt." Dat ass wéi wann ee soe géif: "Ech brauch keen Helm, mäi Kapp ass schonn haart genuch fir domat duerch d’Mauer ze goen."
An esou steet de Bësch vu Gréiwemaacher elo do, tëscht Dréchent, Borkekäfer a Klimastress, a freet sech: "Wien ass mäi gréisste Feind? D'Klimakris? D'Forstwirtschaft? D'Landschaftszersiedlung?" Nee. Et ass de Schutz selwer.
An der CSV gëtt esou vill fir d'Natur gekämpft, datt se vun elauter Beem de Bësch net méi gesäit.




Kommentar schreiben