Wéi d'Sozialisten op de Wolkenkratzer kloteren, ouni selwer ze klammen
D'LSAP hätt jo kéinten ee vun hiren Aktivisten op de Kierchbierg schécken. Oder op d'Housener Sendeantenn. Oder op de Kontrolltuerm um Findel. Oder, fir déi ganz radikal Variant, op d'Areler Knippchen. Mee nee. Dat wier jo eng kierperlech Aktivitéit. An d'Sozialisten hunn sech jo scho laang drop festgeluecht: Aktivismus gëtt haut am Photoshop gemaach, net um Terrain.
Also huet d'LSAP sech einfach eng Foto vun enger russescher Aktiviste-Këppelchen ausgeléint, déi zu New York bis op d’Antennen vum Empire State Building geklotert ass, fir sech do, op 443 Meter Héicht, d'Jowuert ze ginn. Eng romantesch Aktioun, mat Risiko, Adrenalin, Schweess, Léift – also alles dat, wat eng Partei haut net méi ze bidden huet.
Wéi praktesch: firwat selwer eropklammen, wa schonn anerer dat gratis gemaach hunn? D'Foto war jo souwisou viral. Et ass wéi beim Copy-Paste: et hëlt een dat, wat schonn existéiert, a bilt sech an, dat wär Kreativitéit.
Geännert gouf just eng Klengegkeet: den Text um Banner. Aus "When the power of love overcomes the love of power, the world will know peace" ass "Wunnen ass kee Luxus" an aner Spréchelcher ginn.
D'Léift ass eliminéiert ginn. D'Wunnengsnout ass agebaut ginn. Den Empire State Building ass bliwwen. D’Russen och. D'LSAP huet sech drop placéiert wéi eng Tatta, déi sech op all Familljefoto mat drop dréckt.
An da war jo nach den Interview vum Franz Fayot an der WOXX: hien hätt sech "radikaliséiert", sot hien. Ech hat mech deemools gefrot, wéi wäit dat géif goen. Elo wësse mer et: bis bei zwee russesch Stellvertrieder-Kloterer, déi keng Ahnung hunn, datt si grad zu Symboler vun der Lëtzebuerger Sozialdemokratie erkläert goufen. Radikal sinn heescht haut: net selwer klammen, mee eng Foto fannen, op där en aneren et scho gemaach huet.

D'Propagandaabteilung vun der Partei huet sech duerno wahrscheinlech zesummegesat a gesot: Rout Fändelen? Nee. Geballte Fauscht? Nee. Dat ass alles ze almoudesch. Mir brauche schwaarz Cagoulen, eng Antenn an en Tuerm, déi näischt mat Lëtzebuerg ze dinn huet. An esou ass d'Faarf vum revolutionäre Rout an e klimaneutral Schwaarzt-Gro iwwergaangen. Radikal, mee duerch de Marketingfilter gedréckt.
D'Foto ass därmoossen en Allrounder ginn, datt se gläichzäiteg vun engem Internet-Scharlatan benotzt gouf, deen "viral videos in 3 clicks" versprécht. Dat heescht: d'LSAP an den Tim Gray hunn déiselwecht visuell Identitéit. Dat ass eng Form vu Koalitioun, déi keen erwaart hat.

Kucke mer op d'Chronologie:
Den 1. Juli: d'Russe klammen.
Den 2. Juli: d'Press schreift.
Den 3. Juli: d'LSAP post.
Dat ass eng Reaktiounszäit, déi een sech bei der Wunnengspolitik nëmme wënnsche kann.
An dann de Slogan: "Wunnen ass kee Luxus." Jidderee weess, datt dat net stëmmt. Zu Lëtzebuerg ass Wunnen haut zu engem extreem deiere Luxus ginn. D'LSAP wollt eis wuel éischter soen: "Wunnen däerf kee Luxus sinn." Mee dat kléngt manner heroesch, wann ee grad eng Foto vu russesche Rooftoper recycléiert huet.
Wat um Enn bleift? E Wolkenkratzer zu New York, deen näischt mat Lëtzebuerg ze dinn huet. Zwee Russen, déi näischt mat der LSAP ze dinn hunn. An eng Partei, déi op eemol ganz vill mat deenen zwee ze dinn hu wëllt.
D'LSAP huet d'Bild iwwerholl – awer net de Courage.
Eng authentesch, geféierlech, romantesch Aktioun gëtt zu engem sozialdemokratesche PowerPoint-Slogan recycléiert.
D'Russen hunn sech verloobt.
D'LSAP huet sech verrannt.
Klot Erer





Kommentar schreiben