Monarchie a Staat beim Pontifex maximus
Zéng Joer nom Vote an der Chamber iwwer d’Trennung vu Kierch a Staat, déi ënner dem deemolege Premierminister Xavier Bettel ëmgesat gouf, a knapps dausend Joer nom berühmte Gang op Canossa, wou de Kinnek Heinrich IV. op de Knéien ëm d’Gonscht vum Poopst Gregor VII. gewéimert huet, ass de Pakt tëscht dem Hellege Stull, der Monarchie an dem Staat haut méi intakt wéi jee. D’Trennung vu Kierch a Staat gouf zwar beschloss, mee d’Knéien hunn dat net matkritt.

Siechzéng Méint no der Visite vum Poopst François zu Lëtzebuerg, deen deemools en dréngenden Appell un d’Lëtzebuerger geriicht hat, onbedéngt méi Kanner ze kréien – wéi soll soss wuel de Pensiounssystem gerett ginn? – huet den Haff decidéiert, op Roum bei de Poopst Leo XIV. ze reesen. Et sollt déi véiert "visite de courtoisie" vum neigekréinte Grand-Duc Gui-Gui sinn, a genee wéi deemools den Heinrich IV. ass och de Grand-Duc Guillaume virum Pontifex op d’Knéie gefall.

Houfreg huet Guillaume dem Hellege Stull seng kleng Prënzekanner Charel, den zukünftege Groussherzog, a Fränz presentéiert, wéi wann hie soe wollt: "Gesäiss de? Un eis hängt et net."
D’Zeen kéint direkt aus dem Mëttelalter stamen. Et feelt just nach de Keeser Heinrich IV., deen zu Canossa am Schnéi geknéit huet. Haut gëtt et kee Schnéi méi, dofir awer Marber, Klimaanlag an eng Presseabteilung — mee d'Symbolik bleift déiselwecht.

Nihil novi sub sole
Nihil novi sub sole. Näischt Neies ënner der Sonn. D’Geschicht widderhëlt sech net, si dréit sech am Krees. Zanter Jorhonnerten ëmmer déi selwecht Ritualer: e Monarch op de Knéien, e Poopst am Zentrum, an eng Traditioun, déi sech hält wéi antike Marber.
Mat derbäi war dem Guillaume seng Fra Stéphanie de Lannoy am wäissen Hochzäitskleed, an den Ausseminister Xavier Bettel. Lëtzebuerg wollt domat weisen, datt et trotz der Trennung vu Kierch a Staat um Pabeier ni zu engem Rass vun dësem Bond komme wäert.

Béis Zonge behaapten allerdéngs, d’groussherzoglech Koppel hätt den Xavier Bettel just matgeholl, well et huet jo ee missten op d’Kanner oppassen, wärend de Guillaume a seng Fra vum Pontifex empfaange goufen.
An do stinn se dann: de Poopst am wäisse Mantel, de Grand-Duc op de Knéien, seng Fra am Schleier, d’Kanner an der éischter Rei, an niewenrun de Minister, deen ausgesäit wéi een, dee sech freet, ob hien elo fir d’Diplomatie do ass oder fir d’Symbolpolitik. Eng "visite de courtoisie", déi zu enger "visite de continuité" gëtt, wou d’Rollenopdeelung esou kloer ass, datt keen se nach muss erklären: d’Kierch setzt d’Symboler, d’Monarchie fällt op d‘Knéien, an de Staat passt op, datt d’Inszenéierung net an d‘Wackele kënnt. D’Ritualer hunn d’Zäit iwwerlieft, an d’Politik mécht mat, soulaang d’Kameraen u sinn.



Kommentar schreiben