· 

Camp Yuriko

Gegrillt a gedrillt an de Summer

"E sympatheschen Owend" – esou steet et am Post vun der Arméiministesch Yuriko Backes. Dat kléngt wéi eng Invitatioun op eng Grillparty, net op eng Woch militäreschen Drill. Meedercher a Jongen tëscht 15 a 20 Joer verbréngen eng Woch um Härebierg, fir "physesch a mental Challengen" ze meeschteren. Si léieren, sech ze tarnen, Kaarten ze liesen (net déi esoteresch, okkult Hellseherkaarten, mee déi geographesch), dobaussen ze schlofen, an sech am Knascht ze wänzelen. D'Ministesch nennt dat da „Boot Camp Vibes“. Dat kléngt no engem abenteuerleche Scoutslager, just mat méi Gejäiz vun engem Offizéier, deen "Allez! Allez!" brëllt.

Fotomontage: Ministesch Backes am Summerrack ënnert camoufléierte Rekrutten, Spriechblos "An? Spiert der d'Boot Camp Vibes?", Generol Thull am Hannergrond.
▲ D'Ministesch Backes (DP) an de Generol Thull mat jonke Participanten um Summer Army Boot Camp um Härebierg.

D'Ministesch nennt dat op Facebook "Teamwork, Exercicer, Outdoor-Aktivitéiten", also alles, wat een och am Précoce léiert, just mat méi Gebierels. A fir déi richteg "Vibes" trëtt si am gréng‑wäiss gesträifte kottengs Summerrack op, tëscht de Jugendlechen an der Camouflage-Uniform. Eng Tarnung, déi just an engem Biobuttek funktionéiert – oder op engem Kräiderbasar. Mee grad domat erreecht si natierlech de Contraire: si fält op wéi eng Influencerin, déi sech am falsche Workshop verlaf huet. Dat ass jo och de Sënn an den Zweck vun der Übung.

Wéi gewinnt ass de Regierungsfotograf mat dobäi. D'Ministesch gëtt aus alle Wénkele geknipst: mol laacht si um Piknickdësch, mol lauschtert si de Meedercher no, mol steet si gutt gelaunt nieft dem Generol. E politesche Photoshooting am grénge Summerrack. Eigentlech net vill anescht wéi dat, wat den Inneminister Léon Gloden (CSV) sech mat senger schosssécherer West am Garer Quartier geleescht huet, just datt dem Léon säi Schoss voll no hanne lassgaangen ass, an d'Land sech nach haut freet, ob hien net besser hätt, déi nächste Kéier eng Schutzwest géint Peinlechkeeten unzedoen.

"Merci fir déi interessant Gespréicher iwwer är Motivatiounen, Erfarungen an är zukünfteg Projeten", schreift d'Backes an hirem Post. Zukünfteg Projeten… wéi wann et sech ëm d'Studentefoire gehandele géif. Am Boot Camp geet et éischter ëm d'Fäegkeet, eng Konservebéchs mat den Zänn opzemaachen. A wéi wann een do géif diskutéieren, ob een no der Première éischter Psychologie oder Marketing studéiert. Wee mat 15 Joer iwwer seng "zukünfteg Projeten" mat der Arméiministesch schwätzt, deem geet et net ëm e Bachelor oder eng Beruffsorientéierung. Dat weess si ganz genee. Dofir schreift si et och just esou en passant, fir den Androck ze vermëttelen, beim Drill, dem Paréieren an der Dressur géif et sech ëm e Stage op enger Bank handelen.

Nieft hir op der Foto steet de Generol Steve Thull, Chef d'État-Major vun der Arméi. E Vollblutt-Zaldot, deen den 1. Oktober endlech an seng wuelverdéngte Pensioun geet. Zesumme kucken si houfreg an d'Kamera. Béis Zonge behaapten, hie géif seng Uniform souguer nuets am Bett ubehalen.

Facebook-Post vum 24. Juli 2026 vun der Ministesch Yuriko Backes (DP) um Boot Camp vun der Arméi.
▲ Facebook-Post vum 24. Juli 2026 vun der Ministesch Yuriko Backes (DP) um Boot Camp vun der Arméi.

Wat een op der selwechter Foto awer och gesäit: nëmme knapps eng Dosen Teenager um ganze Camp. An dat trotz enger breet ugeluechter Reklammekampagne vun der Arméi fir jonkt Blutt unzelackelen. Den Zoulaf bleift méi wéi schappeg. Dobäi brauch d'Land dréngend nei Rekruten – oder besser gesot: Kanounefudder – fir d'NATO-Missiounen ze meeschteren, déi offiziell ëmmer "Trainings- a Berodungsopträg" sinn, mee wou komescherweis ëmmer Kugele fléien. Ma déi Jonk hunn einfach kee Bock op Arméi, Kasär a Krich. An och net op Boot Camps mat engem blechene Bidon am Grapp, egal wéi vill "Vibes" d'Ministesch versprécht an op Facebook post.

D'rout Linn läit bei den Atomwaffen, huet si eemol gesot. Beim Rescht schéngt et keng ze ginn – och net beim Alter vun deenen, mat deenen si sech iwwer "zukünfteg Projeten" ënnerhält.

D'Jugend huet keng Loscht op Boot Camp. A mir verstinn se ganz gutt: wann een sech schonn eng Woch laang um Buedem wänzele muss, da wéinstens ouni Ministesch, déi dat op Facebook post.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0