· 

Lëtzebuerg wiisst – just net doheem

Wéi d'Areler Land bradéiert gëtt

Et gëtt Länner, déi hir Kolonien mat Kanounen zeréckhuelen. An et gëtt Lëtzebuerg. Mir maachen dat mat Hypothéiken an Iessenszoulagen, an dat esou diskret, datt d'Belsch et eréischt mierkt, wann d'Hallschent vum Areler Land schonn "Habitalux" heescht an d’Clairefontaine‑Dall offiziell als "Landschaftsverschéinerungszon" klasséiert ass.

Satiresch Fotomontage mat enger Kaart vum Areler Land, engem Cubenhaus Icon, engem Agrarland Symbol an engem moofe Banner mam Text "Grouss Braderie vum Areler Land – Frontaliers welcome".
▲ Frontaliers welcome: Wéi d'Cubenhaiser d'Belsch erueweren.

1839 hu mir mam Londoner Vertrag d'Hallschent vun eisem Territoir un d'Belsch verluer. Ma d'Lëtzebuerger hunn dat net vergiess: "Wa mer se schonn net militäresch zeréckkréien, da kafe mer se eben op — Stéck fir Stéck, Appartement fir Appartement."

An d'Belsch? D'Belsch kuckt no, wéi d'Lëtzebuerger Baueren hir Felder opkafen an d'Promoteuren hir Däller "valoriséieren", wärend d'Lëtzebuerger Regierung probéiert, belsch Bierger an eis Sozialwunnengen ze kréien, déi hei kee wëll.

An dat alles an enger Regioun, wou d'Natur als "Bauland mat Potenzial" gëllt, d’Belsch als "Erweiderungszon" behandelt gëtt, an d'Lëtzebuerger Regierung sech selwer félicitéiert, well se mengt, si géif "d’Groussregioun stäerken", obwuel se an der Praxis just bewierkt, datt d'Belsch d'Rechnung fir eis Wunnengspolitik bezillt.

Clairefontaine: Landschaftsverschéinerung mat Beton

Zu Clairefontaine gëtt d'Natur net zerstéiert, si gëtt "optimiséiert". Dat heescht am Fong näischt anescht wéi: "Mir maachen eppes draus, wou ee méi Sue verdéngt." Sou wéi verschiddener et zu Lëtzebuerg mat de Steiere maachen.

D'Appartementer, déi do gebaut ginn, sinn esou "ökologesch", datt se direkt an e Naturschutzgebitt passen. De Promoteur schwätzt souguer vu "valoriser le paysage". D’Clairefontaine‑Dall kritt eng Schéinheetsoperatioun verpasst – just eben mat Schongkëschtenhaiser amplaz mat Beem a Blummewisen.

"Occupons le terrain" huet dat kommentéiert mat engem "On croit rêver!" – an trëfft domat den Nol op de Kapp.

Facebook-Post op der Säit "Sauvegarde de la Vallée de Clairefontaine Arlon"
▲ Facebook-Post op der Säit "Sauvegarde de la Vallée de Clairefontaine Arlon". Op där Plaz ass eng Schongkëscht fir Lëtzebuerger geplant. Link: https://www.facebook.com/groups/269853813490344/permalink/2386771498465221/

D'Appartementer kréien natierlech alles, wat haut als "Luxus" gëllt:

  • eng Hott, déi automatesch aus dem Plafong kënnt
  • Storen, déi zouginn, wann d’Sonn sech beweegt
  • Kameraen, déi méi gesinn wéi d’Noperen
  • A Fënsteren, déi een net méi opmaache kann, well dat net kompatibel mat der Wärmepompel an dem Smart‑Home‑Ego ass

Mee dat wichtegst ass: D'Natur ass fort, an d’Vue ass elo "imprenable".

An d'Fro, déi "Occupons le terrain" stellt, ass déi richteg: "Encore et toujours des logements de luxe, mais pour qui?“ Fir jonk belsch Koppelen? Nee. Fir sozial Härtefäll? Och net.

Déi nei Residence si fir guttgenierte Lëtzebuerger, déi sech denken: "Mir fueren einfach e puer Kilometer méi wäit, do kréie mer fir manner Geld eng Wunneng mat Vue op d’Natur – oder op dat, wat nach dovunner iwwreg bleift."

An esou gëtt eng vun de schéinste Landschaften an der Gaume elo zu enger "Zone en mutation", wéi de Promoteur se nennt. Enger Mutation, déi näischt mat Natur ze dinn huet.

Arel: D'Stad, déi sech fir d'Lëtzebuerger erausfiizt

Zu Arel gëtt gebaut, wat gëss de, wat hues de, a wat sech verkafe léisst. D'Zil: d’Lëtzebuerger sollen sech wéi doheem fillen, sou wéi wann se nach ëmmer zu Lëtzebuerg wieren – just méi bëlleg. Virgule hat iwwer d'Metamorphose vun Arel bericht.

D'Äntwert: Cubenhaiser aus Beton a Glas, déi sou vill Charme hu wéi eng Entrée vun engem Büroskomplex op der Cloche d’Or.

Déi Areler Leit froen sech, wien dat alles brauch. D'Lëtzebuerger froen sech dat net. Si kafen et einfach, well et méi bëlleg ass wéi doheem.

D'Foto weist de Bau vun engem sougenannten Eco-Quartier zu Arel.
▲ Wunne wéi um Kierchbierg - just eben zu Arel. Foto: Constructioun vun engem Eco-Quartier zu Arel ënnert der Regie vum Promoteur BGNS.

Logementskris an d'Belsch exportéiert

D'lokal Bevëlkerung an de belsche Grenzgemengen freet sech mat Recht, wéi laang se nach doheem dierfe wunne bleiwen, bis e Promoteur hir Strooss entdeckt.

Bei hirer Réckeruewerung kommen d'Lëtzebuerger net mat Bajonetten, mee mat Kafkraaft. An déi ass esou héich, datt d'Präisser an d’Luucht schéissen an d'Terrainen zu Spekulatiounsobjekter ginn. Fir d'Leit an der Belsch bedeit dat: si kënnen net méi mathalen.

Déi Jonk fannen näischt méi, an déi Eeler musse nokucken wéi hir Dierfer an hir Nopere verschwannen.

Zu Lëtzebuerg gëtt zanter 25 Joer d'Wunnengsnout "bekämpft". Zumindest mol bei all Walcampagne. 2002 huet den deemolege Premier Jean‑Claude Juncker se souguer zur "Chefsaach" erkläert. Geschitt ass näischt.

D'Auswierkunge vun eiser Politik ginn elo exportéiert, grad wéi d'Schongkëschten.

Lëtzebuerg ass de Problem lass, fir d'Belsch fänkt en eréischt un.

D'Baueren tëscht Kompensatioun, Landverloscht a Lëtzebuerger Kafkraaft

Zu Lëtzebuerg gëtt d'Agrarfläch ëmmer méi rar. Net well d'Baueren géint d’Natur wieren – am Géigendeel. Mee well d'Kompensatiounsflächen, déi absolut néideg sinn, meeschtens op Käschte vun der Landwirtschaft ginn.

Fir all neie Projet gëtt eng "Kompensatiounsfläch" gebraucht. A gewéinlech ass dat eng landwirtschaftlech Fläch, déi duerno net méi fir d'Landwirtschaft zur Verfügung steet. D'Baueren verléieren also Land, net well s'et verkafen, mee well et ëmklasséiert gëtt.

D'Zuelen aus dem Landwirtschaftsministère, déi d'WOXX publizéiert huet, si kloer: Vun 2015 bis 2024 ass d'Fläch, déi d'Lëtzebuerger Baueren am Ausland bewirtschaften, ëm 45% geklommen — vu 7.644 op 11.135 Hektar. Gläichzäiteg ass d'landwirtschaftlech Fläch hei am Land selwer geschrumpft — vun 123.740 op 121.905 Hektar. D'Grënn: Opforstung, Chantieren, Urbaniséierung. Kuerz: alles, ausser Landwirtschaft. 

Déi Baueren, déi "wëlle bleiwe wat se sinn" musse Land am Ausland kafen.

An do fänkt de Misère un: D'Lëtzebuerger Bauere kënne Präisser bezuelen, bei deenen déi belsch Baueren Tréinen an d'A kréien.

D'WOXX zitéiert de belsche Bauer Henk Van der Heyde: D'Präisser fir Agrarland an der Grenzregioun sinn a 7 Joer ëm 44% geklommen. An an der Gaume oder am Areler Land gi bis zu 50.000 € pro Hektar gefrot – a bezuelt.

D'Foto weist ee Protestschëlt am Clairfontaine-Dall mat der Opschrëft: "Non au massacre de la Vallée". An: "FB: Sauvegarde de la vallée de Clairefontaine."
▲ Facebook-Post op der Säit "Sauvegarde de la Vallée de Clairefontaine Arlon".

Fir belsch Baueren ass dat wéi eng Wunneng zu Arel: si kënnen net mathalen.

Béis Zonge behaapten, Agrarland wär net méi einfach just Buedem, mee Bauland, dat nach net däerf Bauland genannt ginn a just nach op de Stempel waart.

An anere Wierder: D'Land geet net un déi, déi drop schaffen. Et geet un déi, déi drop bauen.

D'Groussregioun: e Raum, dee sech selwer net méi erëmerkennt

D'Groussregioun war emol eng Plaz, wou d'Grenzen nëmmen op de Kaarten existéiert hunn. Haut sinn et d'Präisser, déi d'Grenzen zéien.

D'Lëtzebuerger ginn an d'Belsch, d'Belsch ginn a Frankräich, an d'Fransouse ginn dohinner, wou Plaz ass. Just ee bleift ëmmer do, wou en ass: de Problem.

D'Wunnengskris exportéiere mer, grad wéi d'Problemer an der Landwirtschaft.

An an deem ganze Chaos gëtt eng Fro ëmmer méi däitlech: Wee baut hei fir ween?

145.000 Lëtzebuerger wunne mëttlerweilen am Ausland, wéi d'Wort schreift. Dofir ass déi eigentlech Fro net, wien hei zu Lëtzebuerg fir wie baut. Mee wien hei nach däerf liewen. ▪️


Kommentar schreiben

Kommentare: 0