Wee kontrolléiert de Lëtzebuerger Bësch? D'Jeeërfederatioun setzt sech duerch: Champignonspléckerten, Naturfotografen a Wanderer geroden an d'Viséier vun de Jeeër. Déi nei Reegelunge schränken den Accès an de Bësch zolitt an – zugonschte vun de Jeeër. Eng Satir iwwert d'Generalversammlung vun der FSHCL den 31. Mee 2025 zu Mäerzeg.
Op eiser Neijooschdagswanderung duerch de Kiischpelter Bësch ware mer zwar frou, kenger anerer Mënscheséil begéint ze sinn, awer dat, wat mer gesinn hunn, ass duergaang fir de Bluttdrock an d'Luucht ze dreiwen.
An engem remarkabelen Interview op RTL huet de Sous-Direkter vun der Natur- a Forstverwaltung gëschter fir eng massiv Juegd op d’Déieren am Lëtzebuerger Bësch plädéiert fir op déi Manéier der Wëldplo meeschter ze ginn. Luxembourg Jungle huet de Laurent Schlau och interviewt.
De Combel vun der Pietéitlosegkeet ass ouni Zweiwel zu Bissen um Bëschkierfecht ze fannen, wou d’Leit, déi fir Allerhellegen op d’Griewer vun hire Verstuewene wollte goen, drop higewise goufen, datt do eng Klappjuegd stattfënnt.
D'Biergerinitiativ "Feral Luxembourg", déi sech hei zu Lëtzebuerg géint d'Juegd op de Wollef asetzt an an deem Sënn eng Petitioun gestart huet, huet ee Lieserbréif un d'Press verschéckt, deen am Tageblatt, am Lëtzebuerger Wort an op RTL püblizéiert gouf.
"Jeeër si Barbaren", D’Juegd ass doutmaachen, 't ass Mord well et ass geplangt", "D’Juegd, dat ass d’Loscht doutzemachen", huet den Déiereschützer Armand Clesse 2019 op RTL behaapt. Zwar gouf hien 2020 um Geriicht fräigesprach, ech ginn him trotzdeem net Recht!