· 

Eis léif Jeeër

Juegd oder Exekutioun?

Op eiser Neijooschdagswanderung duerch de Kiischpelter Bësch ware mer zwar frou, kenger anerer Mënscheséil begéint ze sinn, awer dat, wat mer gesinn hunn, ass duergaang fir de Bluttdrock an d'Luucht ze dreiwen.

No zwee Kilomter biergop iwwert ee schmuelen Trampelpad gesi mer ee Salzsteen op engem Bamstamm. Eise Bléck schwäift eriwwer, awer net wäit, well just vis-à-vis vum Salzsteen, mol keng zwanzeg Meter dovun ewech, entdecke mer en Hochsitz. Vun deem aus kann de Jeeër d'Wëld, wärend et genësslech um Salzsteen leckt, well deen ëm schmaacht, ganz gemittlech an ouni vill Ëmgeréits ofknallen.

D'Wëld huet natiirlech bei där kuerzer Distanz a well et vun där salzeger Delikatess ofgelenkt ass, net déi geréngste Chance.

Mir hunn eis déi berechtegt Fro gestallt: Handelt et sech heibäi iwwerhaapt nach ëm Juegd oder ass et näischt anescht wéi eng gnadenlos Exekutioun? D'Äntwert op déi Fro ka wuel jiddereen sech selwer ginn.

Kommentar schreiben

Kommentare: 1
  • #1

    Jean (Mittwoch, 06 März 2024 12:01)

    Villmols Merci fir den gudden Tipp, ech besuergen mir och lo een Salzsteen �