· 

RTL: Undercover-Marketing aus der Piper

De Bock bewäert säin eegene Gaart

Zu Lëtzebuerg gëtt d'Logementskris elo aus der Loft analyséiert. RTL huet an enger Piper Plaz geholl, fir ze kucken, ob d'Land "Angscht virun der Densitéit" huet. Wann d'Realitéit um Buedem ze onbequeem gëtt, kuckt een se einfach vun uewen, wou d'Mënsche wéi kleng, onwichteg Seejomessen ausgesinn. Eng originell Approche: embedded journalism, just ouni de Krich — awer mat engem Architekt u Bord, deen reng zoufälleg genee dat baut, wat hien eis als Zukunft verkeeft.

Aerial Vue vum Belval mat engem klengen Fliger, deen en RTL‑Banner zitt. Eng Sproochblos kommentéiert ironesch: "Aus 500 Meter Héicht gesäit alles no enger 'belle réussite' aus."
▲ Eng Piper iwwer dem Belval mat engem RTL‑Banner: Eng satiresch Fotomontage, déi weist, wéi "d'belle réussite" aus 500 Meter Héicht ausgesäit.

Am Cockpit: den Architekt Sharam Agaajani, de Geograph Antoine Pacoud, an RTL. D’Fro vun der Densitéit gouf engem Spezialist uvertraut, deen selwer ganz Flächen zougebaut huet. Dat ass ongeféier esou objektiv wéi wann een dem Chef vun der Brasserie Nationale froe géif, ob Béier eng kulturell Noutwennegkeet ass. D'Äntwert ass am Viraus gewosst.

"Clairement, il faut densifier", seet den Architekt. Net grad eng Iwwerraschung. Méi Cuben op manner Quadratmeter ass den Jackpot fir seng Geschäftsstrategie. Den RTL‑Reportage ass esou embedded, datt een den Androck kritt, RTL hätt d'Kamera guer net selwer gehalen, mee hätt sech vum Architekt och nach d'Texter diktéiere gelooss.

De Belval: eng "belle réussite, à tout point de vue"

De grousse Showdown kënnt iwwert dem Belval: "une belle réussite, à tout point de vue", schwärmt de Meeschter. Kloer, aus 500 Meter Héicht gesinn. Vum Buedem aus gesinn ass d'Bild manner evident. D'Industriebrooch ass zu engem "eleganten" postindustrielle Quartier ginn, deen opfälleg onperséinlech an onmënschlech ass. Schluchten aus Glas a Beton, Schongkëschten, déi sou no openee stinn, datt ee sech virkënnt wéi an engem risegen Tetris‑Spill.

D'Rockhal an d'Uni si sécherlech eng Beräicherung. Mee d'Architektur bleift eng Kollektioun vu Cuben, wou d'Sonn Schwieregkeeten huet, duerchzedréngen. Den Architekt schwätzt vun enger "densité intelligente". E attracktiven Ausdrock, mat deem d’Wuert "Intelligenz" op en neie Niveau gehuewe gëtt, haaptsächlech fir eng Verdichtung ze rechtfertegen, bei där de mënschlechen Aspekt dacks vergiess gëtt.

Wolkenkratzer wéi zu Dubai och zu Lëtzebuerg?

Wat d'Iddi vun de Wolkenkratzer am "Dubai‑Stil" ubelaangt, vun deenen den RTL‑Architekt schwärmt, ass dat éischter eng Wahnvirstellung wéi eng urbanistesch Strategie. Mir si weder e Wüstenemirat vu 4.000 km² nach e Land, deem et u Bevëlkerungsdicht feelt. De Verglach mat Dubai ass esou glaubwürdeg wéi eng Diskussioun iwwer d'Fëscherei an der Péitruss.

Lëtzebuerg ass schonn dicht bewunnt: 253 Awunner pro km². D’Belsch huet der 383, Däitschland 233, Frankräich 121. Mir sinn an den europäeschen Top 10. D'bebaute Fläch? 11,8 %. D’Belsch: 12–13 %. Däitschland: 7 %. Frankräich: 5–6 %. Et feelt eis definitiv net un Densitéit. Et feelt eis un enger zoumuttbarer Liewensqualitéit.

Mee den RTL‑Fliger flitt iwwer d'Fakten ewech. D'Zukunft gëtt sech schéigerechent. Am Reportage gëtt den Androck vermëttelt, wéi wann eist Land onendlech vill Fläch hätt, fir mat Héichhaiser a Wolkenkratzer zouzebauen.

En Architekt, deen iwwert säin eegent "Meeschterwierk" flitt an sech duerno d'Nott 10 vun 10 gëtt — dat ass net grad eng Meeschterleeschtung vu journalistescher Objektivitéit. Well wann de Belval eng "belle réussite" ass, dann ass d'Cloche d’Or eng Wellness-Oas.

Undercover-Marketing

Dat ass keen investigative Journalismus, RTL. Dat ass e Point‑of‑Sale‑Video fir d'Firma Metaform vum Sharam Agaajani, déi selwer un der Ëmwandlung vum Belval bedeelegt war. Wéi d'Josée Hansen schonn 2019 am Lëtzebuerger Land geschriwwen huet, steet Metaform fir "grouss a vill bauen": Wunnenge, Büroen, ëffentlech Infrastrukturen mat Greenwashing-Vokabular (Passivbau, ökologesch Materialien, Cradle‑to‑Cradle, wéi zu Dubai), mat engem klengen "artisteschen" Touch. Öko‑Dekoratioun ronderëm de Beton, e bësse Graffiti op d'Fassad gepecht, a fäerdeg ass den nohaltege Prisongs‑Design, deen eis als Luxus verkaaft gëtt.

D'Pressegesetz an de Pressekodex sinn allerdéngs kloer: Undercover‑Marketing muss als solche gekennzeechent ginn. Dat ass beim RTL‑Artikel net de Fall. Hei gouf d'Werbebroschür an de Reportage mat agepaakt. Kee Wonner, datt keng kritesch Stëmm zu Wuert kënnt: an enger Piper ass d'Plaz limitéiert — fir d'Leit, mee och fir d'Meenungen.

RTL flitt léiwer héich an de Wolleken, wärend d'Leit um Buedem d'Land verloossen an an d'Ausland flüchten, well se sech d'Zukunft "made by Metaform" net méi leeschte kënnen.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0