· 

En haarde Knuet

Wéi pazifistesch sinn eis Parteien?

Wärend dem ADR seng Walplakater mat der Foto vun der Skulptur "The Knotted Gun" (de Knuet am Revolver) vum schwedesche Kënschtler Carl Frederik Reuterswärd fir turbulent Diskussioune gesuergt hunn, bleift d'Fro am Raum stoen: Wéi pazifistesch sinn eis Parteien?

▲ D'Skulptur "The Knotted Gun" war 1988 ee Geschenk vun der Lëtzebuerger Regierung un d'UNO a steet virun der Uno hirem Sëtz zu New Yord. Aner Exemplare stinn an der Stad um Kierchbierg virun der Europäescher Kommissioun an zu Malmö.
▲ D'Skulptur "The Knotted Gun" war 1988 ee Geschenk vun der Lëtzebuerger Regierung un d'UNO a steet virun der Uno hirem Sëtz zu New Yord. Aner Exemplare stinn an der Stad um Kierchbierg virun der Europäescher Kommissioun an zu Malmö.

D'ADR hat sech getraut, de Krich am Europawalkampf ze thematiséieren an huet op enge vun hire Walplaketen eng Foto vun der Skulptur "The Knotted Gun", déi um Kierchbierg steet, mam Text "Fir Fridden" uechter d'Land opgeriicht. Dëst schéngt verschiddene Kreesser batter eropgestouss ze sinn a prompt krut d'ADR Post vum Affekot mat der Opfuerderung, d'Walplakater nees ewechzeraumen, well d'Firma "Non Violence Licensing SA", déi d'geeschtegt Ierwen vum verstuerwene Sculpteur verwalt, net averstanen ass, datt säi Konschtwierk fir parteipolitesch Zwecker benotzt gëtt.

Et ass net ausgeschloss, datt ee vun de Konkurrente vum ADR bei der "Non Violence Licensing S.A." geklaapt huet, well quasi all aner Parteien sech an hire jeweilege Europawalprogrammer fir eng nach méi staark Oprëschtung a weider Waffeliwwerungen un d'Ukrain ausschwätzen.

▲Walplakat vun de Gréngen aus den 1980er Joren, wéi se nach eng Friddenpartei waren.
▲Walplakat vun de Gréngen aus den 1980er Joren, wéi se nach eng Friddenpartei waren.

Déi Gréng, déi hir Wuerzelen an der Friddenweweegung hunn an an der Vergaangenheet mol den Austrëtt vu Lëtzebuerg aus der NATO gefuerdert haten, fueren am Europawalkampf do weider wou se als Regierungspartei opgehalen hunn: si schwätzen sech bedingungslos fir d'Militariséierung aus. An hirem Programm, mam originellen Titel "Fir dech, fir muer, elo", kann een ënner anerem Folgendes liesen: "Trotz erheblicher Ausgaben im Verteidigungssektor bleiben die militärischen Fähigkeiten der EU- Mitgliedstaaten weit hinter denen einiger Nicht-EU-Staaten zurück. Diese Diskrepanz unterstreicht die Dringlichkeit, Innovation und technologische Entwicklung zu priorisieren. (…) Entwicklung im Verteidigungssektor, ist ein wesentlicher Schritt, um Europas Unabhängigkeit und seinen Einfluss auf der Weltbühne zu sichern."

Kee Wonner, huet dach de François Bausch, Ex-Krichsminister an aktuelle Kandidat bei den Europawalen, d'lescht Joer zouginn, hie wär nimols Pazifist gewiescht. Ënner grénger Regierungsbedeelegung sinn Honnerte vu Milliounen Euro an d'Militär an an d'Waffeliewwerungen un d'Ukrain gefloss. Et bleift ee sech senger Linn schliesslech trei!

▲ Am Februar 2023 huet de gréngen Arméiminister Bausch der Ukrain Waffen am Wäert vun 100 Milliounen € geliwwert.
▲ Am Februar 2023 huet de gréngen Arméiminister Bausch der Ukrain Waffen am Wäert vun 100 Milliounen € geliwwert.

Vun CSV an DP erwaart een sech eigentlech näischt anescht, wéi eng weider Oprëschtung an d'Fortsetze vun de Waffeliwwerungen un d'Ukrain. Gemäss dem Europa-Walprogramm vun der CSV brauche mer eng "glaubwürdege Abschreckung", dat och "unter Einbeziehung der französischen Nuklearwaffen."  D'CSV versprécht dem Wieler "alles daranzusetzen, dass Russland seinen Krieg nicht gewinnt." Wéi d'CSV awer konkret déi russesch Arméi stoppe wëllt, verréid se dem Wieler allerdéngs net.

Am DP-Walprogramm "Stäerke, wat eis schützt" verlaangen déi Liberal: "Auf dem entschlossenen Weg zu einem Europa der Verteidigung darf kein Augenblick mehr verloren gehen."

Manifester vun der Gauche

D'Parteie vum lénke Bord nennen hir Walprogrammer net "Walprogramm" mee "Manifest", well dat méi kämpferesch kléngt a sech besser an dee sozialistesch-revolutionnäre Vokabular areit.

Obwuel d'Sozialisten sech, historesch gesinn, ëmmer géint de Krich ausgeschwat hunn, well dorënner virun allem déi sozial Schwach leiden, gëtt Thema Krich a Fridden bei der LSAP nëmmen um Rand behandelt. An hirem "Manifest fir d'Europawalen" schwadronéieren déi Hellrout, Europa wär ee Friddensprojet, an dofir bräichte mer "eng méi zolidd gemeinsam europäesch Sécherheets- a Verdeedegungspolitik, déi komplementar zur NATO ass."

Déi Lénk hirersäits kommen an hirem "Manifest fir d'Europawalen" zur Schlussfolgerung, dass "eine allumfassende Militarisierung den Planeten nicht sicherer macht."

Gretchenfrage: Sag, wie hälst du's mit dem Frieden?

Wéi eescht déi zwou Parteien - ADR an déi Lénk - et wierklech mat hire Friddensbotschaften huelen, weist ee rezent Beispill. De 16. Mee hu béid Parteien an der Chamber zwee Gesetzesprojete matgedroen, mat deenen weider 150 Milliounen Euro an d'militäresch Infrastruktur gestach ginn. Et geet dobei ëm de Schéissstand am Bleesdall an ëm d'Militärbasis um Waldhaff. RTL schreift: "D'Chamber huet déi zwee Gesetzprojeten e Mëttwoch unanime ugehollËnnert den Deputéierte gouf et e breede Konsens, datt notamment de Krich an der Ukrain weist, wéi wichteg et ass, eng modern Arméi mat modernen Infrastrukturen ze hunn."

De Knuet am Revolver vum schwedesche Kënschtler Carl Frederik Reuterswärd schéngt ee gordesche Knuet ze sinn, dee net esou einfach ze léisen ass. Vläicht wär et jo souguer besser gewiescht, hien hätt een duebele Knuet dragemaach.


Och interessant:




Kommentar schreiben

Kommentare: 1
  • #1

    Jan (Freitag, 24 Mai 2024 10:17)

    D’allgemeng Krichsbegeeschterong ass erschreckend an irresponsabel.