· 

Etüden, Etüden, Etüden

De Lëtzebuerger Staat gëtt 74 Milliounen Euro fir Etüden aus

Et ass kaum ze gleewen, awer am Staatsbudget sinn iwwer 74 Milliounen Euro fir Etüde virgesinn. Kee Ministère kënnt ouni si aus. Markant ass, datt et oft déi klengste Ministère mat deem klengste Budget sinn, déi proportional am meeschte Geld fir Etüden ausginn.

D'Consultanten vun de sougenannte "Big Four" awer och aner "onofhängeg" Experten hu wahrscheinlech d’Schampesstëpp knalle gelooss wéi si de Staatsbudget fir 2024 gelies hunn. Dee Pak Geld, deen an hir Keese fléisst, ass op insgesamt 74.021.886 Euro geklommen! Dovu léisst et sech gutt liewen, quasi wéi d’Mueden am Speck.

De Ranking vun de Ministèren no Ausgaben fir Etüden an Experten gesäit folgendermoossen aus :

 

Ministère Ausgaben fir Etüden
 Finanzen

 21.138.122

Transport & Bauten

13.608.644€

Ëmwelt

  6.338.500€

Affaires étrangères & Verdeedegung

  6.048.830€

Staatsministère

  2.886.950€

Fonction publique

  2.691.700€

Gesondheet & Soziales

  2.457.853€

Landwirtschaft

  2.132.625€

Digitaliséierung

  1.925.000€

Logement & Landesplanung

  1.730.000€

Intérieur

  1.673.500€

Justiz

  1.575.858€

Aarbecht

  1.312.500€

Kultur

  1.257.010€

Edukatioun

     638.047€

Gläichberechtegung

    626.000€

Héichsschoulen & Recherche

    360.000€

Famill

    208.347€

Sport

    155.000€

Natiirlech sinn Etüde wichteg. Allerdings freet den normale Bierger sech zu Recht, ob wierklech all Etüde wichteg a berechtegt sinn. A wat maachen dann eis héichbezuelte Spezialisten a Regierungsberoder "premier en rang" an den eenzelne Ministèren de ganzen Dag wa souwisou fir all hondsgewéinlech Fro ee Consultant erugezu gëtt fir eng Etüd ze maachen. Missten eis Conseillers de gouvernement dann net déi sinn, déi - par définition - eis Regierungsmemberen beroden?

Oder fäerten eis Ministeren éiren fir Verantwortung ze iwwerhuelen a verstoppen sech dofir gären hannert de Consultanten mat hiren Etüden?

D’Opdeelung vun de Gelder, déi fir Etüden virgesi sinn, seet iwwregens och villes iwwert d’Prioritéiten vun der Regierungspolitik aus. Fir de Logement, zum Beispill, deen de #Luc zur Chefsaach gemaach huet, si grad emol 280.000€ fir Etüden virgesinn. Dee Betrag mécht knapps 0,3 Prozent vu sämtlechen Expertisen-Ausgaben aus. Fir d’Arméi an d’Oprëschtung awer ass dee stolze Betrag vu 5.814.880€ fir Etüden ageplangt, wat ëmmerhin zwanzeg Mol méi ass wéi fir de Logement.

Wär et net interessant, eng Etüd iwwert d’Etüden beim Staat ze maachen?

Eent ass kloer: déi 74 Milliounen Euro si fir déi sëlleg Consultingfirmen eng garantéiert Geldquell, déi op kee Fall versiegen däerf. Fir dee Betrag schwätzen si eiser Regierung bestëmmt gären nach déi eng oder aner Etüd op.


Lëscht mat den Etüden pro Ministère wéi jiddereen se am Budget 2024 ka noliesen: https://budget.public.lu/lb/budget2024/am-detail.html?chpt=depenses

Download
Lëscht Etüden 2024 pro Ministère.pdf
Adobe Acrobat Dokument 229.4 KB

Kommentar schreiben

Kommentare: 0