· 

Wuesstum

a keen enn a siicht

An Zäiten vun der Rezessioun,

vu Krich a Manipulatioun,

vun ugeschlo’ner Konjunktur

feire mer eis Leitkultur.

 

Dee neie Luc grad wéi deen alen

huet nach ëmmer drop gehalen,

dass de Wuesstum ka gedeihen,

an dat queesch duerch all Parteien.

 

De Statec spillt ganz brav seng Roll,

a freet wat een da maache soll,

wann de Wuesstum géif verschwannen

misste mer en nei erfannen.

 

De Weber vum LCGebéckt

erkläert gläich jiddree fir verréckt,

deen de System kritiséiert,

huet dat fréier sou geléiert.

 

D’Dame Blanche vum Mouv’ment ass entsat

Si hat de #Luc falsch ageschat.

Schéi Versprieche vrun de Walen

um Enn ass hien awer deen alen.

 

De Wuesstum gëtt intelligent,

d’Intelligenz artifiziell.

Mir leien endlech voll am Trend,

a wuesse schéin exponentiell.

 

Geld a Muecht an ëmmer méi,

an absënns den Tipple-A.

Fir de Mënsch bleift do keng Plaz

hien ass a bleift ee Vull fir d’Kaz

 

Just déi Räich, déi jubiléiren

Hu mam #Luc näischt ze verléiren,

danzen ëm hir gëlle Kou,

Pomp a Luxus maan se frou.

 

A wa mer virum Kollaps stinn

Wäert wuel dee Leschten agesinn :

et ass net alles Gold, wat glänzt,

well och de Wuesstum ass begrenzt.


Och interessant:


Kommentar schreiben

Kommentare: 1
  • #1

    Jan N. (Sonntag, 26 November 2023 10:21)

    De Luc muss ënnertitelt gin!