Nom Bibelkaf - lo de Playboy!
Lëtzebuerg ass am Kafrausch! Besonnesch am Kulturberäich. Nom Kaf vun enger mëttelalterlecher Bibel, ass et elo um Tour vum Playboy.
An der Lëtzebuerger Kulturzeen deet sech eppes! Nodeem d'Nationalbibliothéik an de Kulturministère de 5. November ugekënnegt haten, eng mëttelalterlech Bibel fir 4,6 Milliounen Euro bei enger Privatpersoun kaaft ze hunn, koum d'Retourkutsch schonn den Dag drop. Eng Lëtzebuerger Pornofirma gëtt bekannt, dass si ee Véierel vum Playboy opkaaft huet - fir 21 Milliounen Euro.
A béide Fäll schwätzen d'Keefer vun enger eemoleger Chance. D'Zukunft wäerd eis weisen, wat fir een Invest dee lukrativste ass.
Kommentar schreiben