Beton mat Vue sur mer
D'Summervakanz steet virun der Dier, an zu Lëtzebuerg bedeit dat virun allem: d'Dier zou, d'Wallis op, d'Land eidel. Laut Statec si mir an Europa op der zweeter Plaz mat 35,4 Iwwernuechtungen pro Awunner wat d'Reesen ubelaangt – en hallwen nationalen Exodus, just gutt gelaunt.

Doheem meckere mer, zu Recht, iwwer d'Zoubetonéierung vum Land, rebelléiere géint d'Wunnsiloen an d'architektonesch Vergewaltegung vun eise Landschaften. Awer soubal d'Schouljoer eriwwer ass, da geet et ganz bewosst an de gréissten, onperséinlechsten, ellensten Hotel, deen de Reesbüro unzebidden huet: e Block mat 1.200 Zëmmeren, dräi All-you-can-eat-Buffeten, eng Sauna, wou een sech fillt, wéi wann ee lieweg gekacht géif ginn, an engem Pool, deen ausgesäit wéi eng grouss, blo gefierften Zopp, an där d'Leit gemittlech matréieren. Beton ass kee Skandal méi: et gouf just eng Plastikspalme derbäigesat.
Krisen? Jo, déi ginn et. Hëtzwellen, Bëschbränn, Autokraten a geopolitesch Spannungen. Näischt dovun hält de Lëtzebuerger dovun of, säin All-inclusive Cocktail ze schluppen, mam Bracelet um Handgelenk. D'Mënscherechter bleiwen doheem - ze schwéier, ze onbequeem, keen UV-Schutz. D'Handduch läit schonn um Ligestull, an d'Weltpolitik gëtt op "Paus" gesat, soulaang de Buffet op ass.
Mir beschwéieren eis hei iwwer Hëtzwellen an Dréchent... awer da fuere mer fräiwëlleg dohinner, wou d'Hëtzt een direkt erdréckt, wann een aus dem Fliger klëmmt. De Süde brennt? Egal. D'Luxair flitt awer. An dat ass fir vill Leit déi eenzeg relevant Informatioun.
Dubai fällt dëst Joer aus? Kee Problem. Et gëtt nach ëmmer d'Tierkei, Ägypten, Tunesien, Marokko oder de Senegal - Länner, déi mir "sou gutt kennen", nodeems mir do eng Woch an engem Resort verbruecht hunn. Mir kritiséieren dës Kulturen zu Lëtzebuerg; fir d'Vakanz ginn se als exotesch Kuliss gebucht. E klenge Widdersproch, mat deem sech kee Mënsch méi beschäftegt, soulaang de Wiener Schnitzel um Buffet läit.
Well wichteg ass just, datt een och an der Vakanz Wiener Schnitzel, Hamburger, Fritten, däitsche Béier an franséische Schampes kritt. Déi lokal Kultur gesäit op de Fotoen schéin aus. Ma déi kulinaresch Komfortzon ass net verhandelbar. An d'Pool-Landschaft ass souwisou déi eenzeg "Natur", déi ee gesäit.
"Et war super, mee ech si frou, nees doheem ze sinn."
An 't ass do – beim Pool – wou sech déi legendär Handduch-Diplomatie moies um halwer sechs ofspillt, wéi wann et eng militäresch Operatioun wier. Déi, déi méi spéit kommen, kréien d'Plazen nieft der Spillplaz – do, wou et ni roueg ass. D'Kanner gi vum Entertainment-Team ("Kannerdisco" a "Glitterstëfter") betreit, d'Eltere hunn endlech "e bëssen Zäit fir sech selwer": Cocktailen, Piscine, diskret Iwwerwaachung vum Handduch.
Budgetär Ironie: De Lëtzebuerger gëtt statistesch gesinn 1.586 € pro Persoun a pro Rees aus, awer sech doheem opgereege, wann de Bäcker 20 Cent méi fir de Croissant freet. An der Vakanz gëtt net gerechent, just bezuelt. Mir bréngen Magnete mat, déi ni mer ni op de Frigo hänken, onnëtz Kierf a Kitsch-Figurinen aus dem Duty-Free, well ee sech net traut, mat eidelen Hänn heemzekommen.
Um Enn dat inévitabelt Uerteel: "Et war super, mee ech si frou, nees doheem ze sinn." Dat seet een ëmmer, egal wéi d'Vakanz war. Et ass dat nationalt Mantra, dat d'Tourismusindustrie zënter Joerzéngte um Lafen hält. An doheem zielt een dann houfreg: "D'Türkei ass awer ee schéint Land." Natierlech. Et huet ee jo genuch Zäit am Resort verbruecht fir dat ze beurteelen.
35,4 Vakanzen-Nuechten pro Kapp, laut Statec. Wéivill een dovunner um Ligestull oder am Pool verburecht huet, dat steet a kenger Statistik.
Trotzdeem: schéin Vakanz! Duerno geet et jo nees heem ... meckeren.



Kommentar schreiben