· 

RTL an d'Sproochlogik

Gefuddelt bei der illegaler Immigratioun: eng sproochlech Enthüllung

RTL huet de 7. Juli iwwer déi grouss Perquisitiounsaktioun am Kader vun der illegaler Immigratioun geschriwwen. Dobäi huet RTL e Saz a säin Online-Artikel geschriwwen, deen een sech op der Zong zergoe loosse muss:

"De Parquet huet en Dënschdeg de Mëtteg eng ganz grouss Affär gemellt, wou bei der illegaler Immigratioun gefuddelt gouf."

Eng Schiefertafel mat der Formel: Minus mol Minus gëtt Plus, illegal + gefuddelt = legal. Satiresch Grafik iwwer RTL a sproochlech Vereinfachungen.
▲ RTL an d’Logik: Minus mol Minus gëtt Plus Plus. Illegal + gefuddelt = legal. Eng Fotomontage iwwer sproochlech Onkohärenzen an engem komplexe juristesche Fall.

Kucke mer eis de Saz méi genee un. "Gefuddelt bei der illegaler Immigratioun." Do stécht méi dra, wéi et op den éischte Bléck ausgesäit.

Minus mol Minus gëtt Plus – dat ass een Naturgesetz, dat hu mer alleguer op 7e an der Mathé geléiert. Dat ass keng esoteeresch Sproochmystik, mee Basiswëssen – och fir déi, déi ëmmer blo gemaach hunn an an der Milkbar méi Zäit verbruecht hu wéi am Mathéscours.

Also loosst eis dat mol op eise Saz uwenden: Eng Immigratioun, déi illegal ass, ass jo per Definitioun schonn net konform. Wann elo do nach gefuddelt gëtt, dann ass déi Illegalitéit duebelt falsch – an domat, logesch gesinn, erëm... legal.

▲ Screenshot vun der Original-RTL-Meldung vum 7. Juli 2026.
▲ Screenshot vun der Original-RTL-Meldung vum 7. Juli 2026.

De Parquet schwätzt vun "immigration frauduleuse" an "trafic illicite de migrants". RTL mécht doraus: "gefuddelt bei der illegaler Immigratioun". E komplexe juristesche Fall gëtt vun RTL bis zur Onkenntlechkeet vereinfacht.

RTL huet eis en neie Rechtsstatus geschenkt: illegal + gefuddelt = legal.

D'Verwaltunge wäerten sech freeën, endlech eng Formel déi si verstinn. Si suergt fir kloer Verhältnisser an engem Land, wou d'Verwaltunge souwisou schonn hir Iwwersiicht verluer hunn. E Paradebeispill vun engem typesche Pleonasmus.

Dat ass wéi wann d'Police géif mellen: "Beim exzessiven Alkoholkonsum um Picadilly zu Stadtbriedemes gouf ze vill gedronk."

Oder wéi wann RTL melle géif: "Beim Dauerstau op der A1 stoungen ze vill Autoen."

Ma ier mer ze séier iwwert RTL hierfalen, sollte mer der Redaktioun vläicht awer méi Kredit ginn. Well vläicht ass dat Ganzt jo iwwerhaapt kee Pleonasmus, mee eng Enthüllung.

Well wa Leit et fäerdegbruecht hunn, Fiktivadressen ze verkafen a Sproochenzertifikater ze erfannen – mengt Dir wierklech, déi hätten déi ganzen Zäit un engem Strang gezunn? Nix da! Wou sou vill Bedruch am Spill ass, do gëtt och ënnerteneen intrigéiert, verroden a gefuddelt. Geneesou wéi bei der Mafia. Oder, méi kulturell ausgedréckt, wéi an der Commedia dell'Arte, wou jiddereen eng Mask unhuet, seng Roll spillt, an um Enn kee méi genee weess, wien de Gauner ass a wien den Notaire.

Vläicht weess RTL méi wéi de Parquet offiziell matdeelt, a läit also guer net sou falsch wéi et op den éischte Bléck ausgesäit. Vläicht war et wierklech esou: gefuddelt bei der illegaler Immigratioun – net nëmme géint de Staat, mä och ënnerteneen. Wéi bei engem guttorganiséierten Theaterstéck. Just ouni Applaus um Enn. Mee mat 28 Ugekloten – an engem Publikum, dat sech freet, wien hei eigentlech d'Regie gefouert huet.

Lex Ikon

* Entretemps huet RTL säin Text verbessert. 😉

Kommentar schreiben

Kommentare: 0