· 

Meta AI – Déi allwëssend Zukunftsmaschinn

Firwat Facebook & Co. däi Liewe besser kennt wéi déng eege Mamm

Denks du nach ëmmer selwer? Dat ass iwwerflësseg! Meta AI mécht dat an denger Plaz – effizient, grëndlech a non-stop. Däi Liewen? E mathematesche Modell a viraussobar. Deng Entscheedungen? Scho getraff - gefiltert an zerwéiert. Däin Dagesoflaf? Automatesch berechent. Well Meta AI dech besser kennt wéi s du selwer.

Wëllkomm an der neier Realitéit! Egal ob iwwer Facebook, Messenger, Instagram oder WhatsApp - vum éischten digitalen Impuls un, sammelt an analyséiert Meta AI all Beweegung vun denger digitaler Existenz. Wat méi, wat besser. A wann s du zoufälleg eng eege Meenung solls hunn – keng Angscht, déi léisst sech duerch eng gezielt Algorithmuskultivéierung korrigéieren.

Wat ëss de haut de Mëtteg? Keng Iwwerraschung, mäi Frënd. Du hues dach d'lescht Woch Spaghettië kaaft. A fir komplett ze sinn, kriss du och nach Reklamme fir Zosen, Parmesan an italienesch Rezepter geschéckt - well s du jo soss näischt anescht ëss. Um wi vill Auer gees du owes schlofen? Deng rezent Onlinezäiten weisen, datt s du tëscht 23:17 an 23:43 Auer midd gëss. Dofir kriss du vun deem Moment u Reklamme fir Matrassen a Playlists mat relaxer Musek a Mieresrauschen geschéckt - fir en optimale Schlofmanagement.

Awer Meta AI kann nach vill méi! Si kennt däi Charakter besser wéi s du selwer. Du bass haut gutt drop? Meta AI iwwerhëlt direkt d’Kontroll a start automatesch eng personaliséiert Glécksoffensiv mat passenden Zitater vu bekannte Philosophen, Glécksseminären a Premium Schockela – algorithmesch berechent fir eng maximal Zefriddenheet. A well Meta AI näischt dem Zoufall iwwerléisst, kriss du och nach op d’Mooss geschneidert Virschléi fir Outdoor-Aktivitéiten, spontan Reesofferen op Bali, an natierlech eng Lëscht vun de beschte Kazevideoen am Internet! Wie brauch do nach säi fräie Wëllen?

Den Datestaubsauger

Wéi e Staubsauger, suckelt Meta AI all Aktivitéit, all Like, all Kommentar, all Post an all Smiley aus dengem digitale Liewen eran, wäert se aus a ka souguer tëschent de Zeile liesen. Dësem digitale Spannennetz entgeet näischt!

Du hues d’Facebook-Säit vu Météo Boulaide oder Météo Remich ugeklickt? Aha! Du bass net nëmmen en normale Mënsch - nee, Meta AI huet dech als potenziellen Reenphilosoph identifizéiert! Prompt kriss du Reklamme fir waasserdicht Strëmp an déi bescht Prabbelien mat BlueTooth-Technologie.

Du hues d'Fotoe vun engem chineseschen Online-Händler mat Ramsch aus Fernost gekuckt? D'KI berechent däi Kafverhalen - an zack! Hei sinn trendy Summerkleeder fir bëllegt Geld.

Meta AI kategoriséiert dech no dengen Aktivitéiten:

• Stress? Zäit fir Yoga.

• Déierefotoe geliked? Wannechgelift– hei ass eng mossgeschneidert Propositioun fir däin nächst Hausdéier.

• Schlecht Ernährung? Keng Panik, d’KI proposéiert dir, eng Geméisdiät ze maachen.

• Politesch Diskussiounen? Eng Minute ze laang gestridden? D’KI huet et enregistréiert. Fort mat der an d’Social-Media-Dunkelkammer!

Meta AI brauch keen Orakel. Alles wat s du maache muss, ass scrollen, liken a kommentéieren – an hiert Wëssen iwwert dech wiisst vun Dag zu Dag! Esou ass séchergestallt, dass Meta AI däi Verhalen perfektionéiere kann. All digital Spueren, all Online-Muster ass Fudder fir d’KI-Gehier. Um Enn versteet dech dëst kënschtlecht Gehier besser wéi deng eege Mamm.

Den digitalen Hellseher

An den 1980er Joren goung d’Angscht ëm vum "gliesene Mënsch" – engem Wiesen, dat komplett duerchliicht an analyséiert gëtt. Meta AI huet dësen Dram weiderentwéckelt! D’KI kennt net nëmmen deng Donnéeën, mee weess och wat s du denks, nach ier s du et selwer méchs. Du wolls der muer en neit Buch kafen? Lee däi Kapp a Rou, Meta AI huet der schonn ee Virschlag geschéckt. Du hues driwwer nogeduecht, deng Ernährung ëmzestellen? Et voilà! – däin Algorithmus huet schonn d'Kalorientabelle berechent!

Mat Meta AI si mir net méi nëmmen gliesern an transparent – mir si previsibel! Just ee Schiet vun eis selwer, kontrolléiert vun enger KI, déi eist Verhalen sou gutt analyséiert, datt mir eigentlech näischt méi falsch kënne maachen, well mer keng Entscheedunge méi selwer brauchen ze huelen. Wëllkomm an der Ära vum previsibele Mënsch – eng Weiderentwécklung vum "gliesene Mënsch"!

Mee keng Panik - zumindest net direkt! Bis de 26. Mee 2025 kann een Oppositioun géint d'Datensammlung vu Meta maachen. D’KI weess souguer schonn, datt s du et wahrscheinlech méchs. Dofir huet Meta virgesuergt an eng frëndlech Erënnerung agebaut: 'Denkt drun! Ouni d'Asammele vun dengen Donnéeën, keen Algorithmus - an ouni Algorithmus kee Gléck. Iwwerlee gutt wat s de méchs! Well selwer denken ass riskant!'

Oppositioun virum 27. Mee 2025

Du kanns dech géint d'Sammelen vun dengen Donnéeën bei Meta wieren, ouni Grënn unzeginn. Meta huet dofir ee speziellen Online-Formulaire virgesinn. Hei ass de Facebook-Link:

https://www.facebook.com/help/contact/6359191084165019

Wëlls du Meta däin "Nee" iwwer Instagram matdeelen, da geet dat iwwert dëse Link:

https://help.instagram.com/contact/233964459562201

Oppositioun kann een och via E-Mail maachen.

Fir Facebook ass et dës Adress:

impressum-support@support.facebook.com

Fir Instagram ass et dës Adress: impressum@support.instagram.com .

Et muss een sech bis de 26. Mee 2025 manifestéioert hunn. Mécht ee keng Oppositioun, betruecht Meta dës Inaktivitéit vum 27. Mee un automatesch als Accord fir engem seng Daten ze sammelen.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0