D’EU am Däischteren – an dat mat Absicht
vun eiser Korrespondentin Claire Obscure
Nach bis vrun e puer Joer hat d'Europäesch Unioun sech domat gebretzt, déi gréngst, souveränst a sécherst Energiepolitik vun der ganzer Welt ze bedreiwen. Haut steet se do wéi ee Mënsch, dee säi Prabbeli ewechgeheit huet, well deen aus Russland ass – matzen am Schloreen. Mee d'Haaptsaach ass, d’Decisioun ass moralesch propper, och wann een d’Féiss naass a kal kritt.

Den éischte groussen Akt vum tragikomesche Stéck war de Verzicht vu russeschem Gas. Eng moralesch nobel Entscheedung fir déi eng, eng liichtfankeg Entscheedung fir déi aner, strategesch... naja.
Fir de russesche Gas z‘ersetzen, huet d'EU eng elegant Léisung fonnt: dee selwechte Gas, nëmme vill méi deier, vill méi ëmweltschiedlech a vu wäit hier transportéiert. Den amerikanesche Frackinggas! Well wann ee schonn e Green Deal unhëlt a fir d'Ëmwelt kämpft, dann awer richteg — mat LNG-Tankschëffer, déi den Atlantik iwwerquéieren, fir datt mer eis Grillsaison mat eisen exklusive Weber-Gasgriller net ofbrieche mussen. De Präis? Dräimol sou deier wéi virdrun. Mee "d'Fräiheet huet ee Präis. Mir musse bereet sinn, dëse Präis ze bezuelen", sot den deemolege Premierminister Xavier Bettel am Mäerz 2022 an der Chamber. An de Präis vun der Fräiheet ass anscheinend a Joules moossbar.
Den zweeten Akt vun dësem Spektakel ass nach méi genial. D'EU huet decidéiert, op erneierbar Energien ze setzen. Solar, Wand, Zukunft! Applaus! China stellt 80 Prozent vun der globaler Solartechnik hier. An anere Wierder: et féiert quasi kee Wee laanscht China. Ma China ass fir d'EU-Eliten – Dir hutt et geroden – net vertrauenswürdig. Also: Verbuet!
D'EU wëllt erneierbar Energien, mee si verbitt déi Technik, déi se méiglech mécht. Dat ass wéi wann een eng Diät mécht awer d’Geméis verbitt. Oder wéi wann ee géif decidéieren, nëmme lokal Produiten z'iessen, an duerno feststellt, datt d'Ackerland am Ausland ass.
D'Sécherheetsbedenken, déi d'EU-Bürokraten uféieren, hunn et a sech. Chinesesch Solarpanneauen – an dat ass keen Witz – kéinten per Fernsteierung ofgeschalt ginn sou datt et zu engem europawäite Energie-Shutdown komme kéint. Jo, d'Sonn kéint souguer zu Spionageakten agesat ginn. D'Photonen ënner Verdacht. Et ass déiselwecht brillant Seechen, déi eis scho mat Huawei a 5G verzielt gouf, wou mer och fir d'éischt d'Netz ofgebaut hunn a duerno gekuckt hunn, wat mir als Ersatz kéinten huelen. Haut benotze mer dat selwecht, nëmme manner effizient a méi deier.
Mëttlerweil brécht d'europäesch Industrie lues a lues zesummen. Net spektakulär, net mat engem groussem Knall – einfach roueg, wéi ee Soufflé, deen an sech zesummesackt. BASF? Fort. Stolwierker? Zou. Automobilindustrie? Päift um leschte Lach. Chemiefabriken? Delokaliséiert ... an Amerika, natierlech, wou d'Energie bëlleg ass, well se... Fracking maachen. Mais bon. Europa ass kreativ – just net do, wou et hëlleft.
Den Draghi-Rapport: erënnert Der Iech? Dee grousse Rapport vum virleschten Hierscht, mat deem d'EU gewarnt gouf, 800 Milliarden Euro pro Joer an hir eegen Ekonomie a Fuerschung ze stiechen, wann se net wëllt an der Bedeitungslosegkeet verschwannen? De Bericht gëtt et, e verstëbst wahrscheinlech iergendzwousch tëscht dem Dossier iwwer d’Krëmmung vun de Banannen an dem Reglement iwwert d'Norm vun de Gromperekëschten.
An d'Privathaushalter? Si probéieren iwwer d'Ronnen ze kommen esou gutt et geet. Hëtzen, Stroum – alles gëtt méi deier. Mee d'EU-Bierger kënnen houfreg sinn: Si finanzéieren d'Energiesécherheet vun Europa, d'Transitioun zu enger grénger Zukunft, an d'Fracking-Dividenden vun den texaneschen Uelegoligarchen. Dat nennt ee Multitasking, an zwar op Käschte vun deenen, déi d’Rechnung kréien.
D'EU-Kommissioun bleift awer optimistesch. An e puer Joerzéngte wäerte mer europäesch Solarpanneauen hunn – produzéiert mat europäeschem Know-how, europäeschem Kapital, a waarscheinlech mat Energie aus amerikaneschem Frackinggas. De Krees schléisst sech. D'Odyssee geet weider.
An iergendwou, an engem gutt beliichte Bréisseler Büro schreift e Fonctionnaire e Reglement fir de Reglement iwwert d'Reglementéierung vun der nächster Energiequell, déi mer duerno och verbidden.
Bis dohinner: Käerzeliicht ass jo och gemittlech. A wann d’EU esou weiderfiert, gëtt et geschwënn eis Haaptenergiequell.
Claire Obscure



Kommentar schreiben