Wéi d'Mënscherechter outgesourcet ginn
Et gëtt Momenter an der Geschicht, wou een sech freet, ob d'EU hir Wäerter nach benotzt, oder ob se just an der Vitrinn do stinn a verstëbsen, wéi déi schéi Kristallsglieser vun der Bomi: just fir ze kucken, net fir ze benotzen.
Fir d‘Sonndesrieden. Fir d‘Pressekonferenzen. Fir d‘Fotoen nieft dem Fändel mat de giele Stären.
An elo huet Bréissel eng nei Innovatioun presentéiert: Return Hubs. Net "Deportatiounszentren". Net "Lageren". Return Hubs.
"Return Hubs" kléngt wéi e Co-Working-Space mat gratis Kaffi an ultraséierem WLAN. D'EU huet also endlech begraff, datt Humanismus méi effizient funktionéiert, wann een en an Drëttstaaten auslagert. Wéi e Callcenter. Just mat Mënschen amplaz mat Telefonen. An ouni Pausereegelung.
"Mir outsourcen d'Asylprozeduren", seet d'Kommissioun.
"Mir outsourcen d'Responsabilitéit", seet d'EVP, d’Europäesch Vollekspartei.
"Mir outsourcen d'Problemer", seet de Ministerrot.
"Mir outsourcen d'Wäerter", seet zwar keen, mee jidderee gesäit et.
D'UNO nennt dat "externalisation of protection obligations" an "outsourcing of human rights risks".
Den Europäesche Geriichtshaff mat Sëtz zu Lëtzebuerg huet am Abrëll 2026 (C-414/25, Sedrata) d'Fro vun der Auslagerung vu Migranten aus Italien an Albanien nach net definitiv beäntwert. Den Avocat général huet sech op eemol net méi esou sécher gefillt — et kéint jo awer iergendwéi goen, soulaang d’Rechter vun de Migranten "accordéiert ginn". Déi néideg Nuance, déi an der politescher Realitéit esou vill Wäert huet wéi eng Randnotiz an engem Walprogramm.
Am Urteel C-758/24 vum 1. August 2025 hat den EuGH schonn erkläert, datt sécher Hierkonftslänner net einfach per Gesetz festgeluecht kënne ginn ouni transparent Quellen a geriichtlech Iwwerpréifung.
D'EU seet: Mir egal, mir maachen et awer.
Wann d'Geriichter net matspillen, ännert een eben einfach d'Reegelen. Dat nennt een dann "europäesch Léisungen".
Mam Kapp duerch d'(Brand)Mauer
D'EVP, där och d'CSV ugehéiert, hat de Wieler feierlich versprach, ni mat de Rietsextremen zesummezeschaffen. Der Queen Ursula hire Virgänger, Jean-Claude Juncker, hat souguer ausdrécklech virum Kuschelkurs mat de rietse Parteie gewarnt. D'Brandmauer gouf opgeriicht. D'Linn, déi net iwwerschratt däerf ginn. En hellege Prinzip. De Prinzip huet sou laang gehalen wéi all Walverspriechen.
Eng WhatsApp-Grupp gouf gegrënnt, en Chat gestart an ofgestëmmt.
D'Mauer war sou séier futti wéi eng Seefeblos.
D'CSV huet matgestëmmt.
"Mir hunn net déi Rietsextrem ënnerstëtzt, mee den Inhalt", sot d'Isabel Wiseler-Lima am Oktober 2024, nodeem si engem Antrag vun de Rietsextremen zougëstëmmt hat, Deportatiounszentren fir Migranten an Drëttstaaten anzeriichten.
Dat ass wéi wann ee seet: "Ech hunn de Kuch gären, mee net de Bäcker."
Um Enn ënnerstëtzt een awer de Bäcker, wann een säi Kuch keeft.
Ënnert dem Titel "Wie mat Hënn schlofe geet, steet mat Fléi op", hat Luxembourg Jungle iwwert den Éclat am Europaparlament an der Stellungnahm vun der honorabler Deptuéiert Wiseler am Wort bericht.
Am aktuelle Fall ass de Kuch e Sammellager mat Stacheldrot.
Bon appétit.

D'EU mécht Politik wéi eng schlecht Firma
Wann eng Firma e Problem net léise kann, mécht se e Croquis op engem Flip-Chart.
Wann se en nach ëmmer net léise kann, mécht se e "Pilotprojet".
Wann se en dann nach ëmmer net léise kann, mécht se en Outsourcing-Deal mat engem extrene Fournisseur, dee seng Déngschtleeschtung fir ee bëllege Präis ubitt.
D'EU huet sech gesot: "Mir kënnen d'Flüchtlingen net zeréckschécken? Okay, da schécke mir se irgendwouhin, wou kee Journalist hikënnt, kee Riichter noguckt, an d'Satellitenbilden nach net schaarf genuch sinn."
Am Fong geholl ass et eng humanitär Trickserei: D'Mënsche verschwannen, d'EU klappt sech op d'Schëller, an am Pressecommuniqué gëtt vun "effizienten Rückführungsverfahren" a "verstäerkter Zesummenaarbecht mat Partnerstaaten" geschwat.
Partner. Wéi generéis. Fréier hunn se "Kollaborateuren" gesot, mee dat klengt haut schlecht.
Déi grouss Fro, déi keen sech traut, ze stellen
A wat geschitt, wann d'Geschicht sech dréint? Wann d'Europäer selwer nees musse flüchten?
Dat ass net aus der Loft gegraff:
1914 — Europa brennt
1939 — Europa explodéiert
1956 — Europa flücht aus Ungarn
1991 — Europa flücht aus dem Balkan
2022 — Europa flücht nees . Ma d'Ukrainer hu mer gär, well se wäiss sinn a Chrëschten sinn, dofir hu mer se mat oppenen Hänn empfaang.
A wann d'Welt muer seet: "Nee merci, Europa. Mir hu keng Plaz. Gitt wannechgelift an äre Return Hub an d‘Mongolei."
Wien hëlt eis dann op? Tunesien? Kasachstan? Mauretanien?
Déi Länner, déi mir haut mat EU-Geld iwwerzeegen, fir eis onerwënschte Mënschen ze "bunkeren" — fir e Visa-Virdeel an e puer Milliounen op engem Bankkonto? An da behaapt d’EU nach, si géif keng Kolonialpolitik méi bedreiwen.
Wéi d'EU d'Sprooch benotzt fir d'Realitéit ze verstoppen
Ma ier d'Geschicht sech dréint, werfe mer fir d'éischt mol ee Bléck op d'Sprooch vun der EU.
Return Hub: Dat kléngt wéi Amazon Logistics. A Wierklechkeet ass et ee Lager mat Mënschen dran, déi kee wëll.
Partner-Staat: Dat kléngt wéi en Handelsofkommes. A Wierklechkeet ass et ee Land, deem mir Geld bezuelen, fir eis Verantwortung ze iwwerhuelen.
Effizient Réckféierung: Dat kléngt no engem Logistikbegrëff. A Wierklechkeet schwätze mer vun der Deportatioun vu Mënschen, déi och Elteren, Kanner, Bridder, Schwësteren hunn.
Westlech Wäerter: Dat kléngt wéi en Ideal. A Wierklechkeet stinn se haut just an der Vitrine. Net fir de Gebrauch.
D'EU seet: "Et si keng Konzentratiounslageren." Neen, natiirlech net. De Begrëff "Return Hubs" kléngt besser. E kléngt modern an elegant, well en ass schliesslech op Englesch.
Aus den Augen, aus dem Sinn — mee op Englesch kléngt et besser: "Out of sight, out of responsibility."
D'EU als Theaterbün
D'EU spillt Humanismus.
Déi schéinsten Texter huet se auswenneg geléiert: Mënschewürd, Solidaritéit. Rechtsstaatlechkeet. All Wuert sëtzt, al Wuert kléngt gutt. Just bei der Ëmsetzung: näischt.
Si weess, wou d'Scheinwerfer stinn.
Si verneigt sech virum Publikum, a waart op den Applaus.
D'Kuliss ass beim éischte Wandstouss zesummegefall.
D'Scheinwerfer sinn aus.
An d'Publikum — mir — sëtzen do a froen eis: "Ass dat nach Demokratie oder schonn eng bürokratesch-technokratesch Farce?"
D'EU huet eng Léisung fonnt.
Eng Léisung, déi näischt léist.
Eng Léisung, déi d'Mënschen aus dem Bléckfeld hëlt - a mat hinnen d'Froen, d'Gewëssen, an d'Verantwortung.
Migratioun an Asylpolitik sinn aus den europäesche Grondsätz gestrach ginn, net well se geléist sinn, mee well se stéieren.
Bis d'Geschicht nees un d'Dier klappt.
An da sti mir virun engem Return Hub.
An hoffen, datt irgendwou nach een ass, deen d'Wäerter net nëmme fir d'Vitrine huet, mee fir de Gebrauch.




Kommentar schreiben