· 

D'EU an der Fal

Gas +90%, Ueleg +40%: De Moment, wou de Pierre Gramegna de Rettungsschierm eraushëlt

Wéi de Pierre Gramegna am Januar 2022 als Finanzminister zréckgetrueden ass, hat hien dem Land erkläert: "Ech wëll endlech méi Zäit mat der Famill verbréngen." Hien huet senger Famill awer net veroden, datt hien domat déi europäesch Famill gemengt huet. Nëmme véier Méint méi spéit huet de Gramegna nämlech fir de Posten als Chef vum European Stability Mechanism kandidéiert.

Fotomontage mam Pierre Gramegna op der ESM‑Pressekonferenz vum 9.3.2026, mat enger humoristescher Spriechblos iwwer héich Gas‑ a Petrolpräisser.
▲ De Pierre Gramegna op der ESM‑Pressekonferenz vum 9.3.2026 – satiresch kommentéiert mat engem Bléck op d’Explosioun vun den Energiepräisser.

De 700‑Milliarden‑Euro schwéieren ESM – och bekannt als europäesche Rettungsschierm – huet d'Missioun, deene Länner aus der Eurozon ënnert d'Äerm ze gräifen, déi a finanziell Schwieregkeete gerode sinn. Als Direkter huet de Pierre Gramegna d'Roll, d'Mäert an d'Investisseuren ze berouegen, andeems hien no bausse weist, datt Europa d'Situatioun voll am Grëff huet.

Ob seng Pressekonferenz vu gëschter zu Bréissel allerdéngs zur allgemenger Berouegung bäidréit, sief mol staark bezweifelt ginn. Am Kontext vum Krich am Noen Osten huet de Gramegna nämlech missten zouginn: "oil prices rose by around 40%" an "Natural gas prices soared by almost 90%".

Europa huet sech an de Schwanz gebass, wéi eis Spëtzepolitiker de russesche Gas an Ueleg fir illegal erkläert hunn. D’Queen Ursula wollt "demokratesche" Gas an Ueleg bei de Monarchien aus dem Persesche Golf kafen, hat awer alt nees net méi wäit wéi hir Nuesespëtzt gesinn. Och knaschtegen, ëmweltschiedlechen US‑Frackinggas – deen dat Véierfacht kascht wéi de russesche Gas – wier fir si perfekt gewiescht.

Lo sëtzt d’EU mam Fanger am Mond do. An do kënnt nees den ESM‑Direkter Pierre Gramegna als grousse Retter mat sengem Rettungsschierm an d’Spill. Mee wat geschitt, wann de Fallschierm net opgeet? Rutscht d’EU dann nees op de Knéien op Moskau, fir ëm russesche Gas an Ueleg ze biedelen? Vläicht huet se sech jo och schonn un de fräie Fall gewinnt, wee weess?

Kommentar schreiben

Kommentare: 0