· 

Cat Walk um Kuebebierg

Mat High Heels ënner de Schof

Gëschter huet d'Transportministesch Yuriko Backes de Stadbauerenhaff um Kierchbierg besicht. Si wollt hire Facebook-Follower d'Schof an déi frësch Loft méi nobréngen - a weisen, datt si mat zwee Féiss um Buedem steet.

A genee do läit d'Kromm an der Heck.

Fotomontage: Transportministesch Yuriko Backes um Stadbauerenhaff um Kuebebierg, mat roude Kreesser ronderëm hir High Heels ënnerstrach.
▲ Mat High Heels ënnert de Schof - d'Transportministesch um Stadbauerenhaff.

Eis ass bei de geposte Fotoe vun der Ministesch virun allem eppes opgefall: d'Madamm hat sech extra fir dës Bauerenhaff-Visite mat High Heels ausstafféiert. Keng  Gummisstiwwelen. Keng platt Schong. Nee: héich Tallekeschong. Um richtege Bauerenhaff hätt et geheescht: "Esou gemoschtert huelen ech dech net mat!"

Vläicht wollt d'Madame Backes d'Schof beandrocken, well se e puer Zentimeter méi grouss ass?

Natierlech ass et hiert gutt Recht, dat unzedinn, wat si wëll. Mee et symboliséiert awer, datt bei esou "Proximity to the people"-Visiten alles stëmme muss, alles fotogen ass, an alles gutt inszenéiert ass. D'Schong verroden allerdéngs, datt d'Madame vum Haff net wierklech um Bauerenhaff doheem ass.

Mee vläicht ass dat jo och d'Botschaft vun der Madame Backes: De Stadbauerenhaff um Kierchberg ass souguer High-Heel-kompatibel. Wat eng Initiativ!

Kommentar schreiben

Kommentare: 0