E kabarettistesche Dialog iwwer Glawen, Gesetz an d’Logik vun der Schold
Wat geschitt, wann de Kardinol Jean-Claude Hollerich a säin Namensvetter, de gewéinleche Bierger Hubert Hollerich, sech am Café de la Constitution begéinen? Dëse kabarettistesche Dialog entlarvt d’Inkohärenz tëscht Glawen, Gesetz a gesellschaftlecher Realitéit - mat Humor, Satir a Gestëppels.
Een Dësch, zwee Glieser, zwee Hollerichen, an eng Verfassung, déi tëscht hinne läit wéi eng Menüskaart, déi jidderee wëllt nei schreiwen.
Deen ee mam Kierchewäin, deen aneren mam Humpen.
Deen ee mat Dogmen, deen aneren mat Dialektik.
Deen ee mat Glawe – deen aneren mat Verstand a Gedold, well hien ass deen, deen ëmmer erkläre muss.
Hubert:
Jean-Claude, mir sinn allenzwee Hollerichen, also sollte mer eis duzen, okay?
Ech mengen, bei sou engem Thema soll d’Diskussioun net esou formell sinn wéi eng Sonndesmass.
Kardinol:
Ech duzen normalerweis net wann ech a klerikaler Missioun sinn, mee hei am Café de la Constitution gëlle wuel aner Reegelen.
Hubert:
Genee. Hei gëtt net gebiet, hei gëtt diskutéiert.
Ech hu mir e Béier bestallt, well anscheinend maache Kierchewäin a Wäiwaasser fromm.
Du hues däi Kierchewäin, ech mäin Humpen – an tëscht eis läit eng Verfassung, déi grad esou deenbar ass wéi d’Bibel.
Wéi war dat bei RTL? “E trauregen Dag”, hues de gesot?
Kardinol:
Oh jo. Wann d’Ofdreiwung an d’Verfassung kënnt, ass dat en trauregen Dag fir eist Land, da verléiert d’Demokratie hir Séil.
Hubert:
Traureg fir wien? Fir d’Hostienindustrie oder fir d’Fraen, déi net méi wëllen no Ärem Moralkatalog liewen?
Kardinol:
De Leit gëtt eng Meenung opgezwongen.
Hubert:
Du sees “Leit“, mee du mengs “Fraen“.
An e Recht ass net eng Flicht. D’Recht op Ofdreiwung heescht net, dass all schwanger Fra ofdreiwe muss.
Kuck: Ech hu Recht op Crémant, mee ech sinn net dozou verflicht, all Dag eng Fläsch ze drénken.
Oder hues du Angscht, dass d’Fraen dann alleguer mat engem Formular an der Hand an d’Klinike stiermen?
Kardinol:
Jo, mee d’Dokteren däerfen d’Ofdreiwung dann net méi refuséieren.
Hubert:
Dat mécht der Kaz kee Bockel!
Dat ass wéi wann d’Verfassung d’Recht op Musek géif garantéieren – an du géifs behaapten, all Sänger misst direkt d’éischt Stëmm beim Ave Maria sangen.
E Recht ass net eng Flicht. Et ass eng Méiglechkeet, a keng klerikal Zwangsvirstellung.
Kardinol:
Wann d’Ofdreiwung als Recht an d’Verfassung kënnt, da gëtt d’Demokratie totalitär. D’Leit radikaliséieren sech a ginn an de Rietsextremismus gedriwwen.
Hubert:
Aha! Wat eng Theorie!
Mee, wéi eng Leit, Jean-Claude?
D’Fraen, déi e Recht kréien?
Oder d’Männer, déi Angscht hunn, wann d’Fraen e Recht kréien?
Oder d’Dokteren, déi net méi refuséieren däerfen?
Oder éieren de Klerus, deen sech net méi wuel spiert, well d’Verfassung net méi no Wäiwaasser richt?
Kardinol:
Et ass eng normal gesellschaftlech Reaktioun.
Hubert:
Eng gesellschaftlech Reaktioun?
Jean-Claude, dat kléngt wéi eng Kierchefabrik, déi aus Fräiheet Fanatismus fabrizéiert – mat Angscht als Haaptprodukt an Dogmen als Verpackung.
E Recht mécht net radikal. Mee d’Angscht virum Recht? Déi schonn.
Kardinol:
Et geet ëm d’Gläichgewiicht vun der Demokratie.
Hubert:
Wat heescht dat da lo nees?
Also wann eng Fra decidéiert, net mat engem Zellestëbs schwanger ze bleiwen, da geréit de Staat aus dem Gläichgewiicht?
Ass d’Demokratie esou fragil, dass se kippt, wann d’Fraen net méi wëllen no ärem Kierchecode liewen?
Oder hues du einfach Angscht, dass d’Fraen ufänke selwer ze decidéieren, ouni Beicht an ouni Bléck no uewen?
Kardinol:
D’Verfassung zwéngt eng Meenung op.
Hubert:
Zwéngt? Ech hu bis elo nach kee Gesetz gesinn, dat mech zwéngt, schwanger ze ginn – an ech hu mol keng Gebährmutter.
Awer ech hunn eng Meenung. An déi gëtt mir net opgezwongen, se gëtt mir zougestanen.
Kardinol:
Mee d’Leit fillen sech net méi vertrueden.
Kardinol:
Mee d’Leit fillen sech net méi vertrueden.
Hubert:
Wien? D’CSV-Wieler?
Oder déi Liberal, déi beim Weihrauch direkt d’Fënsteren oprappen?
D’Fraen, déi virdrun politesch lénks gewielt hunn an elo mam Schwangerschaftstest Richtung ADR marschéieren?
Kardinol:
Et kéint eng Well ginn.
Hubert:
Wéi eng Well, Jean-Claude? Eng mat Demonstrantinnen, déi mat Transparenter wéi “Mënscherechter si Mord“ oder “Zelleschutz virum Zivilrecht“ op d’Strooss ginn?
Ech gesinn se schonn: eng Manif mam Rousekranz an mam Ultraschallbild um Fändel – wéi eng Kiercheprozessioun, déi d’Verfassung als hellegt Dokument duerch d’Stroosen dréit.
Kardinol:
Mir kréien eng spirituell Kris.
Hubert:
Eng Spirituell Kris? Ech géif éischter vu enger semantescher Katastroph schwätzen. D’Verfassung ass net de Katechismus, Jean-Claude. Radikaliséierung kënnt net well d’Fraen Rechter kréien – mee well verschidde Männer Angscht hunn, datt se net méi alles decidéiere kënnen.
Wann d’Fraen e Recht kréien, verléieren d’Männer d’Orientéierung? Ass et dat, wat’s de soe wëlls? D’Verfassung ass dach keng Radikaliséierungsmaschinn – ausser et benotzt een se als moralesch Waff.
Kardinol:
Mir mussen och d’Séil schützen.
Hubert:
Awer net an der Verfassung, Jean-Claude! D’Séil ass privat. D’Verfassung ass ëffentlech.
D’Séil ass vläicht an dengem Kierchewäin, a schwëmmt do zesumme mat der Moral – déi, wéi mir wëssen, net ëmmer sober ass.
A sief mol éierlech: D’Gebärmutter ass net däi Kompetenzberäich.
Däi Knowhow? Op der Fouer plastiks Inten seenen, oder zu Mamer Kazen, Hënn a Plüschdéieren mat Glawensspray behandelen.
Oder Influenzer helleg ze spriechen, mam Hashtag #SaintOfTheDay.
Kardinol:
D’kathoulesch Minoritéit fillt sech dann net méi wuel.
Hubert:
Dat ass mat den Hoer erbäi gezunn!
Dat ass wéi wann ech als Vegetarier d’Existenz vun der Metzlerei giff als perséinlech Beleidegung empfannen. D’Wuelbefannen vun enger Minoritéit däerf net d’Rechter vun der Majoritéit ausbremsen – ausser mir drécken d’Verfassung op Hostiepabeier mat Genehmegung vun dir, Jean-Claude, an d’Kierch decidéiert, wien se liese däerf.
Kardinol:
Mee mir hunn de Glawen – d’Verfechter vun der Ofdreiwung net.
Hubert:
Jean-Claude, Glawen ass kee Monopol. En ass net exklusiv fir déi, déi all Sonndeg an der Houmass sinn. D’Sympathisante vun der Ofdreiwung hu vläicht och Glawen – just net däin. Oder se hu Verstand. Och dat ass net verbueden.
Kardinol:
Mee de Glawen ass dach awer d’Fundament.
Hubert:
Awer net fir d’Verfassung. Déi baséiert net op der Kiercheléier, mee op Prinzipien. An se ass mat Tënt an net mat hellegem Ueleg aus dem Sakramenteschaf geschriwwen.
Kardinol:
Ouni Glawen verléiert d’Gesellschaft hir Orientéierung.
Hubert:
Dat stëmmt dach guer net!
Dat ass wéi wann’s de géifs behaapten, d’Leit géifen nëmmen de Wee fannen, wann se eng Bibel als Kompass am Grapp hunn.
Denken ass och eng Navigatioun – just ouni spirituellen Tunnelbléck.
Kardinol:
Mee Glawen ass méi wéi Denken.
Hubert:
Oh Jean-Claude, awer net wann et ëm eis Verfassung geet.
Glawen kanns de hunn, mee du kanns en net an der Verfassung verankeren.
Ech loosse jo och net meng Spotify-Playlist an der Verfassung verankeren. Dat wär subjektiv, emotional, an net no jidderengem sengem Goût.
Den neie Luc wëll d’Ofdreiwung als Fräiheet, net als Recht, an d’Verfassung schreiwen.
Kardinol:
Fräiheet ass besser. Se ass méi spirituell.
Hubert:
Spirituell, jo - wéi eng Kierchefënster: schéin, mee se léisst sech net opklappen.
Mee ech soen dir: Fräiheet ass eng Absicht. E Recht ass eng Garantie.
Fräiheet ass wéi eng Invitatioun op e Buffet – mee wann’s de eppes huele wëlls, steet keen Teller do.
E Recht ass wéi eng Reservatioun: mat enger Plaz, mat Service, mat Reklamatiounsméiglechkeet.
Kardinol:
Mee Fräiheet kléngt nobel.
Hubert:
Kléngt nobel, jo – wéi eng diplomatesch Formulatioun fir: “Mir loossen d’Dier e Splack op, sou dass d’Fraen de Fouss dra kréien – awer net méi wäit.”
Kardinol:
Mee de Premier ass ganz intelligent.
Hubert:
Jo, jo - intelligent genuch fir d’Recht an eng Fräiheet ëmzetauschen.
Dat ass wéi wann ech dir d’Fräiheet op Iessen géif ginn – mee d’Kichen ass zougespaart, d’Rezept geheim, an d’Kachbuch am Beichtstull verstoppt.
“Fräiheet op Ofdreiwung” kléngt wéi eng symbolesch Deklaratioun: schéin fir dee nächsten CSV-Post op Facebook, mee ze moer fir d’Verfassung an ze vag fir d’Justiz.
Den Xavier Bettel seet: Mir sinn am Joer 2025, net méi 1700.
Kardinol:
Mee d’Wäerter sinn zäitlos.
Hubert:
Jo, wéi d’Kierchebänken – se kréckelen, mee se bleiwen stoen. An drop sëtzen nach ëmmer Männer, déi iwwer Ofdreiwung schwadronéieren, wéi wann et ëm hir Gebärmutter géif goen.
Iwwregens: d’lescht Joer am September sot de Poopst op senger Visitt zu Lëtzebuerg, d’Lëtzebuerger misste méi Kanner kréien – fir d’Statistik.
Kardinol:
Dat ass eng demographesch Noutwennegkeet.
Hubert:
An den Dag drop, an der Belsch, seet dee selwechte Poopst: Ofdreiwung ass Mord, an d’Dokteren si Killer.
Kardinol:
Tjo, dat ass d’Positioun vun der Kierch.
Hubert:
Wann d’Dokteren Optragsmäerder sinn, dann ass d’Fra jo Komplizin, well se de Mord beoptragt. An trotzdem sees du: Ech wëll si net bestrofen. Wéi ass dat ze verstoen? Deckt d’Kierch éieren d’Komplizen vun engem Mord? Wéi ass et da mam Spréchwuert: ‘Mit gegangen, mit gefangen, mit gehangen’?
Kardinol:
Ech sinn net dofir, d’Fraen ze bestrofen. Mee ech si géint Ofdreiwung.
Hubert:
Aha. Ass et wéi bei der Beicht: ‘Du hues gesënnegt, mee lo bieds de mol 10 Vaterunser a 5 Gegrüsset-seist-du-Maria’ an dann ass nees alles gutt?
Kardinol:
D’Kierch gleeft un d’Verzeien.
Hubert:
Jo, mee wou bleift d’Kohärenz. Wann d’Fra net schëlleg ass, da muss een de Schëllege jo anzwousch anescht siche goen. Ass et de Gynäkolog? De Partner? De Rendez-vous am Spidol? Oder ass et d’Gesellschaft, déi net genuch Wäerter huet? Oder ass et souguer d’Statistik, déi net genuch Kanner zielt?
Kardinol:
D’Liewen ass helleg.
Hubert:
Mee d’Logik net? Däi fréiere Chef nennt d’Doktere Mäerder, d’Fraen Komplizinnen – du wëlls se zwar net bestrofen, mee dat heescht jo net, datt se onschëlleg sinn.
Ma ech stelle fest: D’kathoulesch Kierch ass alt nees dobei, de Mënsche Scholdgefiller anzerieden. Dat mécht se zanter 2000 Joer – fir d’Kontroll, net fir d’Kohärenz. Mee elo? Elo funktionéiert dat net méi.
D’Leit froen net méi no Verzeiung – se froen, firwat se iwwerhaapt solle schëlleg sinn. Awer d’Kierch mengt nach ëmmer, se misst d’Schold verdeelen wéi d’Hostien - an ëmmer mat der Hoffnung, dass keen se rausspäitzt oder sech dru verschléckt.
Kardinol:
Dat ass net witzeg.
Hubert:
Mee et ass logesch. Oder besser gesot: et ass klerikal Logik, mat Dogmen als Stäip vun engem wackelegen Dësch, deen trotzdeem net ëmfält. An d’Fraen? Si sëtzen drop, lauschteren a waarden, a froen sech: ‘Wien ass hei eigentlech schëlleg – ech, mäi Bauch, oder d’Kierch mat hirer Rhetorik?’
Kann d’Kierch net einfach higoen, sech vun hirer iwwerliefte Männerlogik distanzéieren an d’Realitéit akzeptéieren an entkriminaliséieren?
Kardinol:
Ech kenne Fraen, déi géint Ofdreiwung sinn.
Hubert:
An ech kenne Männer, déi géint Fussball sinn. An trotzdeem gëtt et d’Champions League.
Béid Hollerichen kucken sech un, drénken aus a ginn hirer Wee. Deen ee geet an d’Kathedral an duerno a säi Beschofspalais, deen aneren zitt et bei seng Tastatur. An iergendwou dotëschent läit Lëtzebuerg, mat enger Verfassung, déi nach ëmmer op de gesonde Mënscheverstand waart.
Kommentar schreiben