Lëtzebuerg sicht d'Wuert vum Joer 2024. Mee war 2024 net och d'Joer vum Wuert? Mir hunn esou vill Wierder héieren, gelies, geschriwwen a geschwat, datt et engem wuertwiertlech d'Sprooch verschloen huet.
"Luxembourg Jungle" stellt d'Kandidate vir, déi déi beschte Chancen op de begierten Titel "Wuert vum Joer" hunn.
De Fred Keup, ADR-Deputéierten an autoproklaméierten Retter vun der Lëtzebuerger Sprooch, huet erëm zougeschloen. Dës Kéier riicht sech seng Roserei géint de Pilotprojet vun der Regierung, deen de Kanner an der Primärschoul net nëmmen op eng Alphabetiséierung op Däitsch, mee och op Franséisch ubidde soll.
Am klenge Groussherzogtum Lëtzebuerg, wou kaum méi Leit wunnen wéi an ee gréisseren Outletzenter an de Solde passen, suergt den ADR-Europadeputéierten Fernand Kartheiser fir Opmierksamkeet - an Opreegung. Am Europaparlament wëllt hie just nach Lëtzebuergesch schwätzen. Mee wien versteet hien eigentlech?