Méi wéi Just Wierder
Lëtzebuerg sicht d'Wuert vum Joer 2024. Mee war 2024 net och d'Joer vum Wuert? Mir hunn esou vill Wierder héieren, gelies, geschriwwen a geschwat, datt et engem wuertwiertlech d'Sprooch verschloen huet.
Luxembourg Jungle stellt d'Kandidate vir, déi déi beschte Chancen op de begierten Titel "Wuert vum Joer" hunn.
Mir schwätzen hei net nëmmen vun einfache Wierder, mee iwwer déi grouss Wierder, déi wichteg Wierder, déi komesch Wierder an déi Wierder, déi kee wierklech versteet, mee awer benotzt. D'Wuert "Wuert" selwer kéint souguer d'Wuert vum Joer ginn - schliisslech war 2024 d'Joer an deem Wierder nees méi staark ware wéi d'Doten. Sief et an der Chamber, op de soziale Medien oder um Stammdësch - vill Wierder goufe wéi Konfetti an d'Loft geheit, fir da grad esou séier nees an der Bedeitungslosegkeet ze verschwannen. Mir schwätzen an deem Fall vun de berühmt-berüchtegten eidele Wierder. E puer Wierder goufen esou dacks benotzt, datt se hir Bedeitung verluer hunn an zu eidele Worthülse verkomm sinn.
Awer elo genuch där Wierder - Luxembourg Jungle stellt d'Kandidate vir, déi déi beschte Chancen op de begierten Titel "Wuert vum Joer" hunn: "Kris", "mengen" (ech mengen, ...) a "Plus-Value". Well wat wier e Joer ouni dës wonnerbar Allroundwierder, déi eise Vokakabulär beräichere wéi keen zweeten? Loosse mer d'Wierder schwätzen a kucke mer wéi eent d'Course gewënnt.
"Kris"
Wat wier e Joer ouni déi gutt al Kris fir eis waakreg ze halen? Vu politesche Feeltrëtter bis zu wirtschaftlechen Turbulenzen: d'Kris ass wéi en treie Frënd, deen einfach net fortgoe wëllt.
Eis Politiker hunn d'Wuert "Kris" quasi perfektionnéiert a benotzen et an all zweete Saz.
Et gëtt net nëmmen eng Kris mee eng Hellewull vu Krisen. An der Vergaangenheet hu mer vun der Stolkris, der Petrolskris oder der Kuba-Kris geschwat. Si goufen ergänzt duerch d'Finanzkris, d'Euro-Kris an d'Corona-Kris. Neierdéngs hu mer awer och eng Logementskris, eng Klimakris, eng Energiekris, eng Bau-Kris, eng Biodiversitéitskris an d'Ukrain-Kris. Muncheree behaapt souguer, mir géifen an enger Reliounskris stiechen.
Wéi sou oft, huet keen d'Kris komme gesinn, a wéi bei all Kris ginn et Krisegewënner a -verléierer. Et mussen déi richteg Lektiounen aus der Kris gezu ginn, well soss komme mer vun enger Kris an déi aner. A wa mer bis fest am Krisemodus stiechen, riskéiere mer aus der Krisestëmmung net méi erauszekommen. Da kann aus enger hondsgewéinlecher Kris op eemol eng mental Kris ginn, wougéint och keng Krisesëtzung méi hëlleft.
D'"Kris" ass omnipresent an et wier nëmme logesch, dëst polyvalent an onverzichtbaart Wuert als Wuert vum Joer ze wielen. Et huet eis schliisslech duerch esou vill "Krisesituatioune" begleet a wäert warscheinlech am nächste Joer net aus eisem Vocabulaire verschwannen.
"mengen" (ech mengen, datt...)
An enger Zäit, wou d'Meenungen inflationär a wäitverbreet sinn, verdéngt d'Verb "mengen" ee speziellen Hommage. Et ass en onverzichtbaart Instrument vun der moderner Rhetorik, geschätzt vu Politiker a normale Bierger. "Mengen" ass d'Chamäleon ënnert de Verben - et passt sech un all Situatioun un a verpasst all Ausso eng gewëssen Onverbindlechkeet.
D'Politiker fänken hir Sätz gären mat "Ech mengen..." un, fir hir Aussoen mat enger Dosis Onsécherheet ze verfeineren an sech all Dieren op ze halen. Et ass och dat perfekt Verb fir op eng elegant Manéier Verantwortung ze vermeiden an trotzdem den Uschäi vu Kompetenz ze ginn. An enger Welt wou Fakten dacks sekundär sinn, ass "mengen" dat idealt Verb fir vag Fuerderungen a subjektiv Usiichten ze ënnerbreeden.
Awer net nëmme Politiker hunn d'Potenzial vun dësem Verb erkannt. Och am Alldag huet "mengen" seng fest Plaz fonnt. Et ass d'Verb vun all deenen, déi sech net festleeë wëllen a léiwer am Donst vun der Onsécherheet bleiwe wëllen.
Wéinst senger Omnipresenz a senger Fäegkeet, all Ausso an en onverbindleche Statement ze verwandelen, ass "mengen" de perfekte Kandidat fir d'Wuert vum Joer. Et reflektéiert den Zäitgeescht an erënnert eis drun, datt an enger Welt voller Meenungen, d'Wëssen heiansdo ze kuerz kënnt. "Een dee mengt, dee weess näischt", heescht et net emsoss am Volléksmond.
"Plus-Value"
D'zesummegesate Wuert "Plus-Value" huet gutt Chancen, d'Wuert vum Joer ze ginn, well et am Moment iwwerall ze héieren ass, virun allem am politeschen Discours. Et gëtt kaum e Politiker, deen d'Wuert net an där enger oder anerer Situatioun scho benotzt huet, ma meeschtens an engem komplett zweckentfriemte Sënn.
Den iranesche Kënschtler an Architekt Alborz Teymoorzadeh gouf am Oktober vum Inneminister aus dem Land erausgehäit, mam Argument, datt seng Konscht keng "Plus-Value" fir d'Ekonomie vum Land duerstelle géif. Dobei ass "Plus-Value" e reng ekonomesche Begrëff, deen op Däitsch mat "Kapitalgewinn" oder op Englesch mat "capital gain" iwwersat ka ginn. D'Plus-Value ass de Gewënn, deen tëscht dem Verkaf an dem Akafspräis vun enger Saach generéiert gëtt, wéi beispillsweis Aktien oder Immobilien. Zu Lëtzebuerg ass d'Uwendung vu "Plus-Value" awer extrem villsäiteg.
Nëmmen e puer Deeg méi spéit, no der Ausweisung vum iranesche Kënschtler, huet den Aarbechtsminister präziséiert, net op den Avis vun de Gewerkschaften ze waarden, well d'Gewerkschafte souwisou keng "Plus-Value" duerstelle géifen.
Ma och vill aner Politiker benotzen dat neit Moudewuert sou oft wéi méiglech. Bei der Besichtegung vun ABRIGADO, der Hëllefsstruktur fir Drogenofhängeger, huet d'Gesondheetsministesch vun enger "Plus-Value" geschwat, fir den Ëmweltminister sinn d'Beem am Schoulhaff eng "Plus-Value", an den Ausseminister huet der internationaler Staategemeinschaft op der UNO-Generalversammlung matgedeelt, datt Lëtzebuerg sech beméie géif, eng "Plus-Value" fir d'Vereente Natiounen ze sinn - sou wéi wann d'UNO ee Finanzkonzern wier.
Den neie Beroder vum Lieutenant-Représentant wëll eng "Plus-Value" fir den Ierfgroussherzog sinn. An den Educatiounsminister, d'Familljeministesch an d'Gesondheetsministesch gesinn d'Education précoce, de „Guichet social“ an d“Spidolskaart als „Plus-value“ un.
Wéinst der inflationärer a meeschtens komplett falscher Notzung vun dësem Begrëff si mir vu Luxembourg Jungle der Meenung, datt "Plus-Value" déi beschte Chancen huet, d'Wuert vum Joer ze ginn. Et huet sech an de politeschen Discours ageschlach wéi en ongebiedene Gaascht op engem Familljefest a schéngt elo ëmmer méi opzekommen.
Propositiounen fir d'Wuert vum Joer kann een iwwert dëse Link beim INAP eraginn:
Och interessant:
Kommentar schreiben