Kult, Glawen, Kapital
E Frënd huet op Facebook folgend Fro an de Raum geworf: "Hmmm, welch Relioun wärt des Footballweltmeeschterschaft gewannen ?"
Eng Fro, déi op den éischte Bléck wéi eng harmlos Reflexioun kléngt, mee déi sech séier als theologeschen Härtetest fir eis Zäit entpuppt.

Well d'Äntwert op déi Fro ass net esou einfach: hautdesdaags huet bal alles de Status vun enger Relioun: de Veganismus, d'Work-Life-Balance, d'Autosmark, den Horoskop, d'Kaffismaschinn, an natierlech: de Fussball, deen déi aner Reliounen mat enger souveräner Selbstverständlechkeet iwwerhëlt, wéi wann et ëmmer schonn esou gewiescht wier.
D'Kommentaren ënnert dem Post hunn dat confirméiert: vun de Pastafarien iwwer d'Infantinisten bis bei d'Kapitalisten – et war wéi en ökumenesche Kongress, just mat engem héijen Toun vun existenzieller Iwwerzeegung.

An dofir stellt sech d'Fro: Wann de Fussball schonn de Status vun enger Relioun huet, wéi gesäit dann eigentlech seng Doktrinn aus?
D'Tempele si séier fonnt: déi imposant, iwwerdimensional Kathedralen zu Barcelona, Saint-Denis, London oder Doha, mee och déi kleng Duerfkapellen, wéi déi am Kiischpelt, wou d'Gemeinschaft sech um "hellege Wues" versammelt, fir hir Liturgie vum "Mir hunn et probéiert" oder "Mir hunn alles ginn" ze feieren. All Duerf säi Bistum, all Trainer säi Paschtouer, deen seng Schof mat deene selwechte Wierder tréischt wéi säi Pendant an der Kierch: "Mir mussen un eis selwer gleewen."
An d’Pilgerreesen? Déi féieren haut net méi op Lourdes oder Mekka, mee an d'Stadionen, wou de Glawen un d'Ekipp sech an der kollektiv erhoffter Erléisung manifestéiert.
D'Apostelen? Dat sinn d'Spiller, déi duerch e spektakuläre Goal direkt zu Hellegen erkläert ginn. Haut Messias, muer vergiess — d'Hellegekeet ass am Fussball ni fir d'Éiwegkeet, an de Messi ass deen eenzege Prophet, deen säin Numm schonn als Theologie matbréngt.
D'Sakrament? Den Elfmeter. Dat eenzegt Ritual, wou de ganze Stadion gläichzäiteg un e Wonner gleeft, och déi, déi soss un näischt gleewen.
D'Schisma? Do brauch een net wäit ze siche, et läit zu Esch. Op där enger Säit d'Jeunesse, den Aarbechterveräin, op där anerer d'Fola, doheem um schicke Galgebierg, ëmgi vu Villaen. Zwou Kierchen, zwee Glawensbekenntnisser, an wéi all richtegt Schisma fänkt et scho bei de Kanner un: wann e jonke Spiller nach am Schoulalter sech fir déi "falsch" Säit entscheet, gëtt hie vun deenen anere schief begekuckt, net well hie schlecht Fussball spille géif, mee well hien op der falscher Säit vum Glawe steet.
An d'Kierch? Dat ass d'FIFA. E Vatikan mat VIP-Logen, wou d'Dogmen net geschriwwe, mee verkaaft ginn. D'Bibel ass natierlech d'FIFA-Reglement. Un der Spëtzt trount de Poopst Infantino, deen net priedegt, mee Sponsoren empfänkt, an deem seng Wonner u neigebaute Stadionen an Fernsehrechter gemoosst ginn. Eng jonk Relioun, den Infantinismus, mee eng opbléiend, mat engem Missiounsäifer, deen all anere Weltglawe nervös mécht.
Mee egal wéi vill Reliounen hei mat hiren Dogme fuchtelen — eng huet schonn gewonnen, ier de Ball iwwerhaapt gerullt ass. D'Relioun, déi kee Gott brauch, well se selwer als Gottheet behandelt gëtt. D'Relioun, déi kee Glawen brauch, well se op Kontestänn baséiert. D'Relioun, déi all aner Reliounen iwwerlieft, well se ni op Wonner waart, mee se kafbar mécht.
De Kapitalismus. Hien organiséiert "d'Geldmeeschterschaft" an huet schonn d'Couppe poléiert, ier déi aner iwwerhaapt ugefaangen hunn ze bieden.
An dofir ass d'Äntwert op d'Fro vu mengem Frënd eigentlech ganz einfach. Um Enn gewënnt déi Relioun, déi ëmmer gewënnt: de Kapitalismus.
de klenge Fussball-Fan



Kommentar schreiben