· 

Getraffen Hënn billen

Wann d'Saach méi interessant gëtt wéi erwaart

Mir haten net mat enger Äntwert gerechent. Mee de Lëtzebuerger LSAP-Europadeputéierten Marc Angel huet eis Satir iwwert d'Luxusproblemer vun der EU-Elite mat engem Facebook-Kommentar kommentéiert. An domat ongewollt bewisen, datt den Artikel säin Zil net verfeelt huet.

Screenshot vum Facebook-Kommentar vum Europadeputéierten Marc Angel, rout encadréiert, op groem Hannergrond. Titel: "Getraffen Hënn billen". Facebook-Logo uewe lénks, Luxembourg Jungle Logo ënne lénks.
▲ De Marc Angel (LSAP) reagéiert op Satir — a werft domat ongewollt nei Froen op.

"Oh freck wei populistesch", schreift de Marc Angel. Populistesch. Dat Wuert, dat Beruffspolitiker ëmmer da benotzen, wann d'Kritik ze no kënnt.

En "Totschlagargument".

Mee kucke mer eis d'Fakten un.

De Quästor

Den Angel verdeedegt sech, andeems hien drop hiweist, datt seng Roll als Quästor "net politesch" wär. Dat ass eng interessant Behaaptung fir ee Mann, deen an der Plénière vum Europaparlament an dës Funktioun gewielt gouf. Ass net all Aktivitéit, déi e Beruffspolitiker an Ausübung vu sengem Amt mécht, per Definitioun politesch? Mee d'Roll als Quästor ass bei wäitem net déi eenzeg Fro, déi sech stellt.

De Migratiounspakt

Den Angel erwäänt a sengem Kommentar de Migratiounspakt, en Thema, dat an eisem ursprénglechen Artikel iwwerhaapt keng Roll spillt. Firwat? Vläicht well et hie selwer beschäftegt. De Ben Streff vun der LSAP huet et am Tageblatt kloer formuléiert: d'Lëtzebuerger Sozialisten haten d'Wiel, dem Gesetzentworf iwwert de Migratiounspakt "mat vill Bauchwéi zoustëmmen, wéi Marc Angel et am Europaparlament gemaach huet" — oder dogéint ze stëmmen. D'LSAP zu Lëtzebuerg huet sech fir Nee entscheet. Den Angel zu Stroossbuerg huet mat Jo gestëmmt — zesumme mat der EVP (CSV) an de Rietsextremen. Keen Hufeisen an deem Sënn, natierlech.

De Leak

Mee déi interessantst Fro bleift eng aner. De Politico-Artikel, deen d'Basis vun eiser Satir war, baséiert op engem interne Sëtzungsbericht vum 29. Abrëll 2026 — engem Dokument, dat net fir d'Ëffentlechkeet bestëmmt war. Den Angel sëtzt an deem administrativen Organ. Den Angel huet d'Affär selwer an der Sëtzung opgeworf. An den Angel gëtt am Politico-Artikel perséinlech zitéiert, huet Politico souguer een Interview ginn. Wien also huet deen internen Rapport u Politico weiderginn? A firwat wuel?

"Wann een e Steen an e Ruddel Hënn geheit, da billt deen, dee getraff gouf."

Mir hate kee bestëmmten Hond am Kapp. Elo wësse mer et besser.


Och interessant:

Kommentar schreiben

Kommentare: 0