· 

#Satir - Nee heescht Nee!

Mir triede gewass zréck

"Stäerken, wat eis schützt.", ass der Demokratescher Partei hire neie Slogan. A wat schützt besser wéi dat eegent Mandat! Iwwert den DP-Mandatären hir rezent Episoden.

Op der Websäit vun der Partei kann een ënner anerem liesen, dass d’DP sech beméit, “d’Vertrauen an d’Demokratie ze stäerken”. Si setzt sech och fir eng méi staark Poursuite vun der Wirtschafts- a Finanzkriminalitéit an, wéinst der “internationaler Reputatioun vum Land”. Ginn awer mol déi eege Leit iwwerrumpelt, ass dat alles nëmmen hallef esou schlëmm, wéi d’Beispill vum Escher DP-Schäffen Pim Knaff weist.

Fir den Escher Schäffen Pim Knaff war dee kriminelle Steierbedrug just ee “Feeler”. “Dat Ganzt deet mer leed”, huet hien der Press gesot, an duerno ass business as usual ugesot. Déi Escher DP-Sektioun bezeechent dem Pim Knaff seng Strofdot souguer just als “erreur isolée” an huet him hir “einstimmige und unerschütterliche Unterstützung” ausgesprach. Dobei ass den Éischte Schäffen vun der Stad Esch nëmmen dowéinst laanscht déi vum Parquet gefuerdert 3-jähreg Prisongsstrof komm, well hien nach net virbestrooft war, wat zu “mildernden Umständen” gefouert huet. Un eng Demissioun vu sengem politeschen Amt denkt de fréieren Deputéierten allerdings net. An der rezenter Vergaangenheet hat hie jo eng ganz Rëtsch Léiermeeschter*innen, déi him gewisen hunn, wéi ee mat Klaatsch an Traatsch ëmgeet.

▲ "Je jure d'observer la Constitution et les lois et de remplir ma fonction avec intégrité, exactitude et impartialité." - den neien Eed am Gemengegesetz. (Foto: LW)
▲ "Je jure d'observer la Constitution et les lois et de remplir ma fonction avec intégrité, exactitude et impartialité." - den neien Eed am Gemengegesetz. (Foto: LW)

Mobbing Queen

Am Januar 2021 ass d’Monica Semedo, zu deem Zäitpunkt Europadeputéiert vun der DP, wéinst Mobbing u senge Mataarbechter fir zwou Wochen vu sämtlechen Aktivitéiten am Europarlament ausgeschloss ginn. Amplaz konsequenterweis vun hirem Posten zréckzetrieden, demissionéiert si just als Member vun der DP, hält awer un hirem Mandat als Deputéierten fest. Souguer wéi si am Mäerz 2022 op en Neits an engem weidere Fall Mobbing virgeheit krut, gesäit d’Monica Semedo kee Grond, ze demissionéieren. Un hirem Spëtznumm “Mobbing Queen”, deen d’Leit hir mëttlerweile ginn hunn, stéiert si sech net.

Och déi fréier DP-Familljeministesch Corinne Cahen ass knallhaart op hirem Stull sëtzebliwwen, dat souguer nodeems de Waringo-Bericht am Juli 2021 ganz kloer Schwaachstellen an hirem Ministère beim Ëmgang mat der Covid-Epidemie an den Alters- a Fleegeheimer festgestallt an der Ministesch eng Datz ausgestallt huet. Iwwer 350 Doudeger waren an de Strukturen fir eeler Leit ze bekloen. An enger Motioun vum 1. Abrëll 2021 haten d’Oppositounsparteien geschlossen hir Demissioun gefuerdert.

Plagiat

Nodeems de fréieren DP-Premierminister Xavier Bettel am Oktober 2021 dem Plagiat vu senger Unisaarbecht iwwerfouert gouf, wat am Ausland duergaange wär fir ze demissiounéieren, huet hien am Februar 2022 zwar op säin Diplom verzicht, net awer op säi Posten.

Am Januar 2024 huet d’DP-Politikerin Simone Beissel, Deputéiert a Stater Schäffen, fir Onmut gesuergt, wéi si sech an engem Video zesumme mat der CSV-Politikerin Astrid Lulling extrem erofloossend iwwert d’Heescherten an d’Strummerten geäussert huet. Am Gespréich mam Astrid Lulling huet d’Simone Beissel gesot, si géif den Heescherte keng Sue ginn, se awer “fidderen”. Ee Mount drop huet d’Simone Beissel de Video vun hirem Facebook-Konto gelöscht an sech via sozial Medien entschëllegt. An dat war et. Point à la ligne.

Pechebleiwen

Am Februar 2024 war den Tour um DP-Minister Claude Meisch, dee beschëllegt gouf, eng Fra – eng Parteikolleegin, iwwregens – an engem Lokal aggresséiert ze hunn. Ee Video, an deem déi vermeintlech "giffle" drop ze gesi wär, goung viral an de soziale Medien. Den DP-Mann huet d’Virwërf ofgestridden. Kuerz drop huet sech de Staatsminister Luc Frieden ageschalt an drun erënnert, dass Ministeren sech exemplaresch ze verhalen hätten. Fir de Claude Meisch hat déi Affär net déi geréngste politesch Konsequenzen, obwuel dass sech déi Lénk an engem Comminiqué gréng a giel doriwwer opgereegt haten.

Bei der DP wëssen se eben wéi een op sengem Stull pechebleift.

Kommentar schreiben

Kommentare: 1
  • #1

    Dan Z (Mittwoch, 05 Juni 2024 12:00)

    je suis
    Steierhannerzéier