· 

EU-Rotspresident Charles Michel

Europa soll op Krichswirtschaft ëmstellen

Den EU-Rotspresident Charles Michel rifft d'EU-Memberstaaten haut an enger Matdeelung dozou op, d'EU-Ekonomie op Krichswirtschaft ëmzestellen.

▲ Gemeinsam géint Russland, egal wat et kascht.
▲ Gemeinsam géint Russland, egal wat et kascht.

Wuertwiertlech schreift de Charles Michel am Virfeld vum Treffen vum Europäesche Rot:

"(…) it is high time we take radical and concrete steps to be defence-ready and put the EU on a ‘war footing’. This means spending more, and buying more jointly, thus more efficiently."

Op Lëtzebuergesch iwwersat:

"(...) et ass héich Zäit, datt mir radikal a konkret Schrëtt ënnerhuelen fir prett ze sinn, eis ze verdeedegen an d’EU-Wirtschaft op ‘Krichsfouss’ setzeb. Dat heescht méi ausginn, a méi gemeinsam kafen, alsi méi effizient sinn."

Mat de Politiker, déi aktuell un der Muecht sinn, schénge mer ongebremst an d'Mauer ze rennen. Wi vill Schrëtt sinn et nach bis bei den Drëtte Weltkrich?

Iergendwéi gëtt een d'Gefill net lass, dass sech eis regéirend Politiker ëmmer méi wäit vun den einfache Bierger ewechbeweegen.

Dat erënnert awer och un dem us-amerikanesche Schrëftsteller Carl Sandburg (1878 - 1967) säin Zitat: "Stell dir vor, es ist Krieg und keiner geht hin." ("Sometime they’ll give a war and nobody will come.")

Kommentar schreiben

Kommentare: 0