· 

Wat een Aarmut, Här Gloden!

Petitioun fir däerfen zu all Zäit an iwwerall ze heeschen!

Ausgerechent ee chrëschtlech-soziale Minister spillt sech als Macker op an huet sech op de Fändel geschriwwen, d’Heescherten aus den Uertschaften ze verbannen an d’Aarmut ze verbidden. Dobei huet dee Mann e monatlecht Akommes am fënnefstellege Beräich, wärend en Heeschert grad emol Einnamen tëscht 10 an 30 Euro den Dag huet.

Als Innenminister huet de Law&Order-Mann vun der CSV, Léon Gloden, ee Gehalt vun 18.000€ de Mount – indexgebonnen, versteet sech – plus eng Representatiounsentschiedegung (“Indemnité de représentation”) vun 3.200€ de Mount. Dat maachen also insgesamt 21.200€ de Mount aus, konnt ee viru kuerzem am l’Essentiel liesen. Dobei kënnt nach een Déngschtwon, deen och privat däerf benotzt ginn, plus ee private Sécherheetsbeamten plus Hausbewaachung plus Schutz fir de Liewenspartner*in plus Schutz fir d’Kanner. Awer och schonn zur Zäit als Deputéierten war de Léon Gloden dee Volléksvertrieder mat de meeschten Nieweverdéngschter an sou huet hien niewent sénger Pai als Deputéierten an Héicht vun 10.000€ nach 20.000 € niewelaanscht verdéngt, hat Reporter.lu bericht.

Den Deutschlandfunk huet matgedeelt, dass e Strummert an der däitscher Haaptstad mat Heeschen tëscht 10 an 30 € “verdéngt”, dat maachen also tëscht 300 an 900€ de Mount – net indexgebonnen! Ausgerechent deene Mënschen, déi ganz ënnen op der sozialer Leeder stinn, wëllt de guttsituéierten, räichen Här Gloden déi puer Euro, déi se duerch d’Heeschen erakréien, ewechhuelen!

 

Hei de Link fir d’Petitioun n°2991 mam Titel “d'Heeschen zu all Zäit an iwwerall erlaabt loossen!”: 

https://www.petitiounen.lu/ennerschreften-uweisen/2991-3975?tx_petition_singlepetitionsignatures%5Bpagenumber%5D=42&cHash=7e93eb28604114568eb6ff55bc09d81f


Och interessant:


Kommentar schreiben

Kommentare: 2
  • #1

    Fara (Mittwoch, 17 Januar 2024 13:12)

    Merci Hubert fir de Beitrag an déng Ennerstetzung!
    https://justpaste.it/StatementP2991

  • #2

    Hubert Hollerich (Mittwoch, 17 Januar 2024 14:04)

    Gär geschitt! Deemnächst püblizéieren ech ee weideren Artikel iwwert d'Heescheverbuet - virun allem iwwert d'Stater Gemengerotssëtzung vum 27/3/2023 an där d'Reglement geännert an ugeholl gouf -, dat soubal ech mat menge Recherche fäerdeg sinn.