· 

Gemengewalen 2023 : Elauter Gewënner!

23 Prozent ware Guer net Wielen oder hunn ee wäissen Ziedel ofginn

Lëtzebuerg huet gewielt. Wéi üblech ginn et elauter Gewënner, souguer déi Parteien, déi eng kräfteg bei d’Box kritt hunn, triumphéieren. 23 Prozent vun de Walberechtegte ware guer net wielen oder hunn ee wäissen Ziedel ofginn. Mir hunn eis bei de Spëtzeleit vun de Parteien emgelauschtert. Ee Bericht mat ville Fotoen a Stellungnamen, deen een net ze vill eescht huele soll.

D'CSV fuerdert: "Méi beweegen!" Dat huet ville Wieler net geschmaacht.
D'CSV fuerdert: "Méi beweegen!" Dat huet ville Wieler net geschmaacht.

„No bei dir“, nach „Méi no“ bei dir an „Zesummen“ no „Gerecht Léisungen“ sichen, „Well mir eis Gemeng gär hunn“ oder „Rësel deng Gemeng“ an denk drun: „Mir schafen Zukunft“. Déi chrëschtlech-sozial fuerderen de Wieler souguer op: „Méi beweegen!“ Ville Leit schéngen d’Parteien esou no op de Pelz geréckelt ze sinn, dass si beschloss hunn, iwwerhaapt net wielen ze goen oder ee wäissen oder ongültegen Ziedel ofzeginn. Vläicht konnten si och näischt mat deene primitive Sloganen ufänken.

Wielen? Nee, merci!

Wéi de CTIE (Centre des technologies de l’information de l’État) matdeelt, ware vun den 329.146 Walberechtegten, tatsächlech nëmmen 278.361 wielen. 50.785 hunn dat net gemaach, wat ëmmerhi 15,42 Prozent duerstellt. Vun deenen, déi de Wee an de Walbüro fonnt hunn, hunn der 11.047 ee wäissen Ziedel a 14.456 een ongültegen Ziedel ofginn, zum Beispill andeems se Männercher dropgemoolt oder eng Frechheet op de Walziedel geschriwwen hunn. 76.288 walberechtegt Wieler waren deemno entweder guer net wielen oder hunn een ongültegen Ziedel an d’Urn geheit, wat ëmmerhin en Undeel vun 23,17 Prozent – also bal ee Véierel – duerstellt.

Source: CTIE
Source: CTIE

Alles am grénge Beräich?

Déi landeswäit Zuele weisen wat fir eng Partei bäigeluecht a wat fir eng verluer huet. Komescherweis gesäit keng Partei sech als Verléierer, obwuel d'Arithmetik eppes anescht ausweist.

Wierklech nëmme Gewënner?
Wierklech nëmme Gewënner?

Mir hunn eis bei de Parteien emgelauschtert a verschidde Spëtzeleit zu Wuert komme gelooss.


D'Vue vun de Gewënner

Luxembourg Jungle: Madamm Cahen, wéi erkläert Dir Iech deen Zouwues vun der DP, déi jo nach virun zéng Joer vun hire Géigner bal begruewe gouf?

Corinne Cahen: Daat ass jo awer logesch, well hei geschwë just nach déi liewen, deenen ët gutt geet an déi sech mam Wuesstum identifizéiren. Déi aner wunne bal all am Grenzgebitt an hu glécklecherweis kee Stëmmrecht méi. Mir hunn als DP also alles richteg gemaach.

Luxembourg Jungle : Dir hutt jo eng aussergewéinlech 3. Plaz op der DP-Lëscht gemaach, wat keen Iech zougetraut hätt, nodeem Är Emfroewäerter um nationale Plang ëmmer méi an de Keller gefall sinn. Wat sinn Är nächst Schrëtt ?

Corinne Cahen: Ma, ech hat mer virun der Walcampagne ee klengen Hond kaaft, well dat beim Wieler gutt ukënnt. Lo, wou d'Walen eriwwer sinn an ech gewielt sinn, kann ech de Mupp endlech nees lassginn, well e gëtt lo net méi gebraucht. Wat de Rescht ubelaangt, sou gëtt dat vun de Gremie vun der DP decidéiert.

Luxembourg Jungle: Merci fir dës éierlech Wierder.


Zu de Gewënner vun dëse Wahlen zielt och d'Piratepartei. Mir hunn eis mam Député-conseiller Marc Goergen ënnerhalen.

Luxembourg Jungle: Här Goergen, Dir sidd mam Slogan „Gerecht Léisungen fir haut a muer“ an d’Wale gaangen. Fir wat stinn d'Piraten eigentlech a wéi erkläert Der Iech dee Succès um Gemengeplang?

Marc Goergen: Ech kann Iech net kloer soe fir wat d’Piratepartei steet, dat hänkt ëmmer dovun of, wat fir en Thema grad aktuell ass. Am Moment ass et den Déiereschutz. Mir hunn d’Wale gewonnen, well mir déi eenzeg Déiereschutzpartei am Land sinn. Dat kënnt beim Wieler immens gutt un an d’Déiere freeën sech och, well si hunn lo endlech eng Stëmm an der Gemeng.

Luxembourg Jungle: Wou war Är Partei dann um internationalen Dag fir de Schutz vun den Déiererechter de 4. Juni?

Marc Goergen: Deen Dag war vun de Vegetarier an de Veganer organiséiert ginn, dat si keng richteg Déiereschützer. Mir hunn eis eegen Déiereschutzorganisatioun an organiséieren all Joer ee Grillfest mat Thüringer, Mettwurschten a Kotletten. Dat bréngt méi, wéi en internationalen Déiereschutzdag op der Plëss.


Ee weidere Gewënner ass ouni Zweiwel d'ADR oder den ADR. Ob riets Theme an der Moud sinn a wéi hien sech dee Rietsruck am Land erkläert, dat hu mer den Deputéierten an ADR-President Fred Keup gefrot.

"Nee et gouf kee Rietsruck. Mir hunn als ADR just déi typesch Theme vun der Gauche opgegraff an domat Politik gemaach. An dat huet wonnerbar fonktionéiert. Als Beispiller kann ech eis Beméiungen fir eng diplomatesch Léisung an der Ukrain-Kris, eis kritesch Haltung zu de Waffeliwwerungen an d'Ukrain oder eisen Asaz fir sozial Gerechtegkeet opzielen. Amplaz d'Waffen an d'Ukrain ze schécken, si mir der Meenung, dass mer se solle selwer halen an un d'Leit verdeelen fir op déi Manéier d'Kriminalitéit am Land ze bekämpfen."


Keng Verléierer

Eriwwer bei d'Verléierer vun dëse Walen. Eisen éischten Interviewpartner ass de Luc Frieden vun der CSV, déi landeswäit bedeitend Nidderlagen astieche muss.

Luxembourg Jungle: Här Frieden, zanter Dir de nationale Spëtzekandidat vun der CSV sidd, ginn Emfroëwäerter ëmmer méi déif an de Keller. Sidd Dir dee richtege Mann fir d’Partei aus dem Déif ze zéien? Wéi erkläert Der Iech dat schlecht Resultat an der Stad?

Luc Frieden:  Natiirlech sinn ech dee Richtegen fir d'CSV ze retten. Et ass eenzeg an eleng den Här Mosar, deen an der Stad verluer huet, net ech. Wann ech mat an d’Wale gaange wär, wär d’Resultat haut en anert. Mee mech huet jo kee gefrot.

Luxembourg Jungle: Jo, mee Dir wëllt jo souwisou Premierminister ginn.

Luc Frieden: Ech weess net, wat ech wëll, et ka gutt sinn, datt ech nees an d’Ausland ginn, wann ech am Oktober net Minister ginn.

Luxembourg Jungle: Hunn d’Attacken op d’Heescheleit an de rigouréisen Asaz fir d’Heescheverbuet der Partei mam „C“ am Numm éiere geschuet?

Luc Frieden: Dat géif ech net soen, ech wär genau d’selwecht mat deem Lompepak verfuer, sou wéi ech et fréier als Justizminister och mat de Flüchtlinge gemaach hunn.

Luxembourg Jungle: Ass et dann net esou, dass Är Nominatioun als Spëtzekandidat beim Wieler net sougutt ukënnt, wéi erwaart? Ech denken un d’Veräusserunge vun der Cargolux, der BIL, der Banque de Luxembourg, dem Lëtzebuerger Wort awer och un Är dubios Roll am Bommeleeërprozess oder Är Flucht an d’Ausland, déi ville Lëtzebuerger nach ëmmer batter eropstoussen.

Luc Frieden: De Passé ass Vergaangenheet. Ech hu mech geännert, haut sinn ech ee ganz anere Mënsch. D’Leit solle mir eng zweet Chance ginn, an da kucke mer weider.

Ee vun der CSV-Politprominenz, dee kräfteg Plomme verluer huet, ass den Député-maire vu Clierf, Emile Eicher, President vum SYVICOL, President vum interkommunale Syndikat SICLER, President vum Naturpark Our, Member am Verwaltungsrot vun der Croix Rouge, Member vum Verkéiersverbond a President vun der Clierfer Musek.

Fir den Emile Eicher, dee massiv Stëmme verluer huet, ass dat ganzt eng grouss ugeluechten Hetzcampagne géint hie perséinlech a seng Partei. 

"Et war eng Hetzcampagne géint mech! Fir d'éischt kennt eraus, datt ech deen Deputéierte sinn, deen am meeschte Chamberssëtzunge geschwänzt huet, an duerno datt ech dee Buergermeeschter sinn mat den décksten Nieweverdéngschter ", kommentéiert hie seng Nidderlag.


Déi gréisst Walverléierer sinn déi Gréng, si hu 17 Prozent vun hire Mandater agebéisst a rutsche landeswäit vu 77 op 64 Sëtz erof. Dës batter Walnéierlag ass net nëmmen op de fréiere gréngen Déifferdénger Buergermeeschter Roberto Traversini zréckzeféieren, deen et mat senger Gaardenhaischen-Affär fäerdeg bruecht, dass souguer déi gréng Ëmweltministesch Carole Dieschbourg huet mussen demissionéieren, mee et si nach ganz vill aner Themen, bei deenen sech déi Gréng net méi wéi Grénger behuelen. Mir hu bei der Presidentin Djuna Bernard nogefrot, déi mer nach sou just virum Start vum Vol op Brasilia erwëscht hunn.

Luxembourg Jungle: Madamm Bernard, wat leeft falsch bei deene Gréngen? Wéi erkläert Der Iech déi fatzeg Néierlag?

Djuna Bernard: De Wieler versteet eis net. Et ass net einfach, déi komplex Messagen eriwwer ze bréngen. Ausserdeem hu mer jo net iwwerall verluer. Zu Walfer, zum Beispill, hu mer Nullkommanullzwee Prozent zougeluecht.

Luxembourg Jungle: Ass et net esou, dass Är Partei Waasser priedegt awer Wäin drénkt, an dass d'Wieler Iech dofir de Réck gedréint hunn? Et goufen zum Beispill  nach nie souvill Beem ofgeholzt zanter déi Gréng un der Muecht sinn.

Djuna Bernard: Dat do ass Bashing! Dir verstitt eise Message anscheinend och net. All ofgeseete Bam gëtt kompenséiert. Et gëtt ee neie, klenge Beemchen amplaz geplanzt.

Luxembourg Jungle: Huet de Wieler Är Rees a Brasilien éiere schlecht opgeholl? Heiheem sot Der, d'Leit solle mam Vëlloo fueren awer selwer flitt Dir a Brasilien op eng Walversammlung.

Djuna Bernard: Ech ka mech nëmme widerhuelen - d'Knaschtemissiounen hunn ech kompenséiert, ech hu mer eng kleng Tuja am Cactus kaaft an déi a mäi Virgäertche geplanzt.

Luxembourg Jungle: Déi Gréng a virun allem de grénge Verdeedegungsminister, ginn als Krichsdreiwer bezeechent. Ass d'Haltung vun de Gréngen, déi mol Deel vun der Friddensbeweegung waren, korrekt an entsprécht se den Erwaardungen vun der grénger Wielerschaft?

Djuna Bernard: Mir si keng Krichsdreiwer, mee Friddensdreiwer. Wat méi Waffen an d'Ukrain geliwwert ginn, wat besser, well mer nëmmen esou dem Fridden méi no kommen. Ausserdeem huet de François Bausch kloer an engem Interview mam Lëtzebuerger Wort gesot, dass hien ni Pazifist war. Also: wou ass de Problem? De Wieler schéngt op en Neits näischt ze verstoen.


Eriwwer bei déi Lénk, déi zesumme mat de Gréngen zu de grousse Verléierer vun dëse Walen zielen an déi mam Slogan "Rësel deng Gemeng" an de Walkampf gezu sinn. Mir hu mam Marc Baum geschwat, deen d'Welt net méi versteet (oder ass et emgedréint?).

Luxembourg Jungle: Marc Baum, hunn déi Lénk op déi falsch Theme gesat? Ass Vëllofueren an de gestaffelte Waasserpräis eng typesch Prioritéit vum Proletariat?

Marc Baum: Hei am Land koum et ganz kloer zu engem Rietsruck. D'Gauche huet et a ganz Europa am Moment net einfach, vun dohir gesinn, sinn d'Verloschter zu Lëtzebuerg nëmmen hallef esou schlëmm, well d'Solidaritéit ass dat, wat zielt. Mir hunn och positiv Beispiller, wéi zum Beispill zu Schëffleng, wou mer an de Gemengerot eragewielt goufen.

Luxembourg Jungle: Besteet net d'Gefor, dass déi Lénk eng Partei wéi all déi aner ginn?

Marc Baum: Nee, ech mengen net. A wann dat esou ass, dann ass dat dem kapitalistesche System seng Schold. Mir hunn op jidde Fall alles richteg gemaach. Vläicht versteet de Wieler net, wat mir mengen.


Zu gudder Lescht bleiwen nach d'Sozialisten, oder besser dat, wat nach vum Sozialismus iwwregbliwwen ass. Prozentual gehéiert d'LSAP, déi op en Neits mam Slogan "Zesummen" an d'Wale gaangen ass, zu de Verléierer, och wann se a puncto Sëtz stagnéiert. Mir hunn eis beim Paulette Lenert méi schlau gemaach.

Luxembourg Jungle: Schued de Kaviarsozialismus der LSAP?

Paulette Lenert: Wéi kommt der dann dorop? Wann der mat Ärer Bemierkung de Franz Fayot viséiert, da muss een awer och berücksichtegen, dass hien héich an helleg versprach huet, senger Fra keng Cadeauxen méi op Käschte vun der Allgemengheet ze kafen. Hien huet déi zeg Dausenden Euro alleguer zréckbezuelt. D'Affär ronderem de Franz Fayot hat jo keng negativ Auswierkungen op d'Walresultat.

Luxembourg Jungle: Fir wat steet d'LSAP dann?

Paulette Lenert: Mir sinn d'Partei aus der Mëtt! Aus der lénker Mëtt. Mir loossen eis net an en Eck drécken, well mir wësse genau, wou mer hirkommen an zu wat dat féiert. De Klassekampf hu mir jo scho laang opginn, et muss ee no vir kucken. Haut geet et dem Lëtzebuerger gutt an d'Leit verstinn och, wann de Franz Fayot mol vun Zäit zu Zäit eng Fläsch Wäin vun e puer Honnert Euro drénkt, wann hien an der Drëtter Welt ënnerwee ass.

Kommentar schreiben

Kommentare: 2
  • #1

    Alain LORANG (Donnerstag, 15 Juni 2023 04:59)

    Absolut excellent, Hubert!�

  • #2

    Edouard Georges (Donnerstag, 15 Juni 2023 07:32)

    Ganz erfrëschend. Ouni zevill op d'Zéiwen ze trëppelen alles gesoot �