· 

Manner wéi 3 Prozent kënnen sech nach en Eegenheem leeschten

Manner wéi dräi Prozent vun der Bevëlkerung kënnen sech mat den aktuelle Marchéspräisser a Finanzéirungsméiglechkeeten nach en Haus oder Appartement leeschten. Als Erënnerung: den 10. Oktober 2022 huet de Logementsminister Henri Kox (déi gréng) sech op RTL vehement géint eng Baisse vun den Immobiliepräisser ausgesprach, mam Argument, dass mer soss an enger Rezessioun lande géifen. Wéi d'Leit awer an Zukunft nach eng Wunnéng bezuele kënnen, do bleift hien a seng Partei dem Land bis haut nach eng Äntwert schëlleg.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0