D’Welt verurteelt d'Sklaverei. Lëtzebuerg enthält sech.
Lëtzebuerg huet sech enthalen. Den 25. Mäerz 2026 huet d’Generalversammlung vun de Vereenten Natiounen iwwer d‘Resolutioun A/80/L.48 ofgestëmmt, déi den transatlantesche Sklavenhandel als dat schlëmmst Verbrieche géint d’Mënschlechkeet bezeechent. 123 Länner hunn dofir gestëmmt. Dräi Länner – d’USA, Israel an Argentinien – hunn dogéint gestëmmt. An d'EU? Si huet sech kollektiv enthalen.
Matzen dran: Lëtzebuerg.

Wat den transatlantesche Sklavenhandel war
Fir ze verstoen, firwat d'Resolutioun vu Ghana esou wichteg ass, muss een e Bléck op den Ausbeutersystem werfen, deen d'Welt iwwer véier Joerhonnerten gepräägt huet. Vum 16. bis 19. Joerhonnert goufen ongeféier 12,5 Millioune Mënschen aus Afrika verschleeft ; ronn 2 Millioune sinn ënnerwee gestuerwen. Et war déi gréisst forcéiert Migratioun an der Geschicht vun der Mënschheet – an eng vun de längsten.
Déi meescht versklavte Leit koumen aus Regiounen, déi haut Senegal, Gambia, Guinea, Sierra Leone, Ghana, Benin, Nigeria, Kamerun, Gabun, Angola an d'Kongo-Regiounen ausmaachen. D'Sklaverei gouf an de Kolonialmuechten no an no ofgeschaaft – UK 1833, Frankräich 1848, USA 1865, Brasilien 1888 – mee hir wirtschaftlech a sozial Konsequenze wierken nach haut no.
Vill Länner, déi haut behaapten, si hätten "näischt domat ze dinn", hunn indirekt dovu profitéiert: duerch Handel, duerch Kolonialverflechtungen, duerch politesch Allianzen. Och Lëtzebuerg.
Wéi de Sklavenhandel funktionéiert huet
🔺 Dräieck Afrika – Amerika – Europa
→ Europa liwwert Wueren an Afrika an tauscht se géint Sklaven
→ versklavte Leit ginn an Amerika deportéiert
→ Plantageprodukter (Zocker, Kotteng, Tubak, Kaffi, Rumm) ginn an Europa zeréck exportéiert.
⛵ Dauer vun der Iwwerfaart
D’ "Middle Passage" huet meeschtens 6–10 Wochen gedauert; heiansdo bis zu 3 Méint.Extrem héich Stieflechkeet wéinst ze vill Leit u Bord, Krankheeten, Honger a Gewalt.
🌎 No der Arrivée an Amerika
Versklavte Leit goufe verkaaft oder versteet, dacks getrennt, a meeschtens op Plantagen agesat; aner Leit am Haushalt oder am Handwierk.
Lëtzebuerg: D’Enthalung, déi un Heuchelei net ze iwwertreffen ass
Lëtzebuerg huet sech enthalen. Dat kléngt wéi eng diplomatesch Formalitéit, mee et ass eng politesch Ausso. Eng Ausso, déi vill méi iwwer eis sougenannte Wäerter ausseet wéi déi schéin Deklaratiounen, déi mer an de Sonndesrieden ze héiere kréien. D'Mënscherechter an "d'westlech Wäertegemeinschaft" ginn ëmmer dann an d’Vitrinn gestallt, wann et eis arrangéiert. Mee wann et drëms geet, Faarf ze bekennen an eng Resolutioun z’ënnerstëtzen, déi näischt anescht verlaangt wéi d'Wourecht iwwer ee vun de gréisste Verbrieche vun der Mënschheet ze akzeptéieren, da gëtt et op eemol ganz roueg am europäesche Eck. Ze roueg.

D'Enthalung vu Lëtzebuerg an deenen aneren EU-Staaten ass net neutral. Si ass eng Boykotthaltung an eng Verdrängung vun der eegener Geschicht. Lëtzebuerg war Deel vum europäesche System, dee vu Kolonialmuechten dominéiert gouf. Mir waren Deel vun engem wirtschaftleche Raum, dee vun de Profitter aus Kolonien a Sklavenaarbecht profitéiert huet. Mir waren Deel vun engem politesche System, deen d'Belsch — an domat och de Kongo — ënnerstëtzt huet. An och wa Lëtzebuerg selwer keng Kolonien hat, hu mir an engem Europa gelieft, dat op Kolonialismus opgebaut war.
D'Resolutioun vu Ghana huet keng juristesch Veruerteelung gefuerdert. Kee Schuedensersaz. Net mam Fanger op Lëtzebuerg oder Europa gewisen. Si huet just gefuerdert, datt d'Weltgemeinschaft d’Wourecht unerkennt. An trotzdeem huet Lëtzebuerg an Europa sech enthalen. Dat seet vill iwwer de Westen mat senge sougenannte Wäerter aus.
Wat an der Resolutioun steet
D'Resolutioun, déi Ghana an der UNO zur Ofstëmmung bruecht huet, ass alles anescht wéi radikal: kee juristesche Prozess, kee Schuedensersazkatalog, kee moralische Pranger. Si ass am Kär eng Ufro un d'Weltgemeinschaft mat véier kloere Punkten:
- D'Wourecht unerkennen. D'Resolutioun seet, datt den transatlantesche Sklavenhandel ee vun de gréisste Verbrieche géint d'Mënschlechkeet war. Eng historesch Feststellung, déi an all Geschichtsbuch steet — just net an all politesch Ried.
- D'Konsequenzen unerkennen. D'Folge vun der Sklaverei sinn haut nach ze spieren: wirtschaftlech Ongläichheeten, rassistesch Strukturen, geopolitesch Asymmetrien. Et geet net ëm Schold, mee ëm d'Realitéit.
- D'Wäerter vun haut op d'Geschicht applizéieren. D'Resolutioun fuerdert, datt déi Mënscherechter, déi mer haut als universell ugesinn, och op d'Geschicht applizéiert ginn — fir ze verstoen, fir ze léieren, fir Widderhuelungen ze vermeiden.
- Dignitéit, net Suen. "Reparatiounen" ginn hei breet definéiert: Restitutioun vu kulturellen Objeten, Memorialer, Bildung, Entschëllegungen, symbolesch Gesten. Kee Geld, kee Prozess, kee Präzedenzfall. Et geet ëm Dignitéit.
An trotzdeem huet Lëtzebuerg sech enthalen. An d'EU. An d'USA, Israel an Argentinien hunn dogéint gestëmmt. Wann eng Resolutioun, déi net méi verlaangt wéi d'Unerkennung vun der Wourecht a Respekt, schonn ze vill ass — wat seet dat iwwer déi aus, déi se net ënnerstëtzen?
D'Resolutioun ass harmlos. D'Enthalung ass et net.

D’Argument vun den USA an der EU: "Et war deemools legal"
D'USA hunn als ee vun de wéinege Länner géint d'Resolutioun gestëmmt. Hiert Haaptargument: d'Sklaverei wier zu där Zäit legal gewiescht. Si beruffen sech domat op d'Doktrin nullum crimen sine lege – kee Verbriechen ouni Gesetz. Mee dës Doktrin ass fir modern international Verbrieche geduecht, net fir historesch Realitéiten, déi laang virun der Existenz vum internationale Recht stoungen.
An och deemools gouf et moralesch Prinzipien, déi d'Versklavung als Ongerechtegkeet erkannt hunn: d'amerikanesch Onofhängegkeetserklärung vu 1776 mat hirem "all men are created equal", d'franséisch Erklärung vun de Mënschen- a Biergerrechter vu 1789 mat hirem "Les hommes naissent et demeurent libres et égaux en droits." D'Mënschewürd war also schonn deklaréiert – just net fir jiddereen.
D'Argument, d'Sklaverei wier deemools legal gewiescht, ass déi selwecht Logik, mat där totalitär Regimer hir eege Gesetzer rechtfäerdegen. An där Logik wären d'Nürnberger Prozesser iwwerflësseg gewiescht.
An hei kënnt déi europäesch Heuchelei an d'Spill. D'EU begrënnt hir Enthalung mat "juristesche Bedenken" a mat der Kritik, d'Resolutioun géif "selektiv" historesch Referenzen enthalen. Dat ass diplomatesch fir: "Et ginn historesch Fakten, déi mir léiwer net an engem UNO-Dokument wëlle gesinn." D'UNO soll sech ëm Fridden këmmeren, net ëm d'Geschicht — besonnesch net ëm déi, déi Europa net gär héiert.
An natierlech kënnt och bei der EU dat klassescht Argument: "D'Sklaverei war deemools net illegal."
Am Kär soen d'USA an d'EU datselwecht: "Mir erkennen d’Barbarei un — mee nëmme soulaang mir keng Verantwortung mussen iwwerhuelen." An dat ass keng juristisch Positioun. Dat ass eng moralesch Entscheedung.
Modern Sklaverei: D’Geschicht ass net eriwwer
Laut UNO, IOM an Amnesty International gëtt et haut nach ëmmer modern Forme vu Sklaverei, déi vun Zwangsaarbecht bis Mënschenhandel geet. Op e puer Plazen ass d'Sklaverei net emol "modern" – si ass klassesch, brutal, direkt.
Dat bekanntst Beispill vun de leschte Joren ass Libyen, wou 2017 jonk afrikanesch Männer op Auktioune verkaaft goufen — fir e puer honnert Dollar. (CNN, November 2017)
▲ Video vun CNN vum 15. November 2017 iwwer de Sklavenhandel a Lybien.
Europa kuckt ewech. Europa finanzéiert d'libesch Küstenwache, fir Migranten zréckzehalen.
Mee d'Konsequenz dovun ass, datt Leit, déi viru Gewalt flüchten, an engem System landen, deen net fundamental anescht ass wéi dee vun der Sklaverei, deen d'UNO-Resolutioun verurteelt.
D'Sklaverei ass net eriwwer. Si huet just aner Formen ugeholl.
Eng perséinlech Schlussbemierkung
Ech hunn dësen Artikel geschriwwen, well d'Geschicht net eriwwer ass, soulaang se net unerkannt gëtt. A well d'Wourecht net nëmmen dann däerf gëllen, wann se bequem ass.
Als Lëtzebuerger mat afrikanesche Wuerzelen droen ech zwou Geschichten a mir: déi vun engem Land mat Privilegien, an déi vun enger Famill, déi d'Konsequenze vun engem System erlieft huet, deen Europa geschaf huet an Afrika huet missen erdroen. Déi Geschicht ass oft onsichtbar, mee si ass ëmmer do.
Dofir huet d'Enthalung vu Lëtzebuerg mech getraff an zudéifst schockéiert. Ech hat mer méi Courage erwaart. Méi Éierlechkeet. Méi Wäerter, net nëmme an de Sonndesrieden, mee och an der Ëmsetzung. Ma wann et dorëms geet, eng Resolutioun z'ënnerstëtzen, déi näischt anescht mécht wéi d'Wourecht, d'Dignitéit an déi historesch Verantwortung anzefuerderen, da bleift vun den héichgeluefte Wäerter näischt méi iwwreg.
D'Enthalung vu Lëtzebuerg an den aneren EU-Länner ass net neutral, si ass eidel. Si weist, wéi séier Europa seng Wäerter vergësst, wann se net an de Krom passen. A wéi séier Lëtzebuerg sech hannert enger EU-Linn verstoppt, wann et ëm eng Fro geet, déi net nëmmen historesch, mee och moralesch ass.
Déi dräi Mini-Artikelen an eiser nationaler Dagespress (Tageblatt, L'Essentiel an de Radio 100Komma7) si kaum derwäert, gelies ze ginn. Déi zwee grouss Medienhaiser, Wort an RTL, hunn et net emol fir néideg fonnt, iwwerhaapt op d'Thema anzegoen.
Dobei huet d'Resolutioun vu Ghana näischt gefuerdert, wat engem demokratesche Staat Angscht misst maachen. Si huet just gefuerdert, datt d'Weltgemeinschaft d'Wourecht unerkennt, d'Konsequenzen versteet an d'Dignitéit vun deene respektéiert, déi ënner engem onmënschleche, brutale System gelidden hunn. Wann dat schonn ze vill ass, da muss een sech froen, wéi vill eis "westlech Wäerter" nach wäert sinn.
Lëtzebuerg stoung dës Kéier net op der richteger Säit vun der Geschicht.
Hubert Hollerich
Och interessant:




Kommentar schreiben